Sie sind hier

Kloer Reegelen fir Tattooen, Piercingen a Solarium

News Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Wichteg Protectioun fir Mannerjäreger

De Süd-Deputéierte huet d’Decisioun begréisst, datt kee Jonken ënner 16 Joer dierf gepierct oder tätowéiert ginn. D’Gesetz verbidd och den Elteren hir Kanner am jonken Alter tätowéieren ze loossen. Eng Ausnahm gëtt et weider fir Bijoutieren, déi och an Zukunft dierfe klenge Kanner Ouerlächer schéissen.

D’DP ass fir Sensibiliséierung an de Gesondheetsfroen

De Branding a Cutting däerf een als Tätowéierer oder Piercer net maachen, dat muss vu Professionellen aus dem Gesondheetsberäich gemaach ginn, well dës Technike gewësse Gefore mat sech bréngen.

Demokratesch Partei ënnerstëtzt och déi méi streng Reegele fir d'Solariumen. An Zukunft muss een 18 Joer al sinn, fir sech dierfen ënner déi kënschtlech Sonnleeën.

Dëst Gesetz huet net eleng als Ziel, fir Verbueter auszeschwätzen, mee et soll sensibiliséieren, a virun allem Leit op déi eventuell negativ Konsequenze vum Piercing, vum Tätowéieren a vum Solarium hiweisen“, esou de Süd-Deputéierten. Jiddereen hätt dat individuellt Recht, mat sengem Kierper ze maache wat e wëll.

Kontroll: wesentleche Volet vum Gesetz

De Gusty Graas huet a senger Interventioun begréisst, dass den Haaptfournisseuren hir Installatiounen an och déi benotzte Materialie mussen hygienesch um lëschte Stand sinn.

D'Gesetz hält donieft fest, datt denTätowéierer muss eng Formatioun an Hygiène vun op d’mannst 21 Stonnen ofschléissen, fir senger grousser Responsabilitéit kënne gerecht ze ginn.

 

Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas