Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn

Videoiwwerwaachung bei Asätz vun den Rettungsdéngschter?

Den Ament dierf een zu Lëtzebuerg keng Videoiwwerwaachung bei Asätz vun den Rettungsdéngschter duerchféieren. Esou e System kéint awer hëllefen Ofleef ze verbesseren an och an der Formatioun vu Secouristen agesat ginn. Den Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, ob een dëst net misst änneren!

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En neie Belag fir d'Bréck Patton?

De Belag op der Bréck tëscht Ettelbréck an Ierpeldeng/Sauer ass e bëssi an d'Joren komm. Dofir freet den DP-Deputéierten André Bauler beim Minister no op Ponts et Chaussées net drun denken hei ze intervenéieren.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tiere Claude Lamberty Max Hahn

Enregistréieren vu gechippten Hënn a Kazen

Wéi steet et mam Enregistréieren vu gechippten Hënn a Kazen? Ass et um Veterinär dëst ze maachen oder um Proprietär? D’Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim Landwirtschaftsminister Fernand Etgen nogefrot!

Parlamentarische Fragen Arbeit André Bauler

Zuele vum „intellektuelle“ Chômage

Den André Bauler huet an enger parlamentarescher Ufro no de geneeën Zuele vum „intellektuelle“ Chômage, dat heescht vu Leit mat héijer Qualifikatioun, gefrot. Ausserdeem wëll hie wëssen, wat fir eng Formatioune besonnesch heivunner betraff sinn.

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty

Gëtt déi nei Sporthal vum INS nach vergréissert ?

Den DP-Deputéierten Claude Lamberty huet beim Sportminister nogefrot op déi geplangten nei Sportshal um INS wierklech ze kleng ass fir doranner Handball ze spillen. Wann dat sou wier, ass de Minister net gewëllt d’Pläng nodréiglech ze änneren fir déi Hal ze vergréisseren ?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Eng gréng Well och hei am Land?

An Däitschland hunn se gutt Erfahrunge mam Mobilitéitskonzept vun der "grünen Welle" gemach. Heibai ginn d'gréng Luuchten esou agestallt, dass een op enger bestëmmtener Streck ni stoe bleiwe muss, virausgesat et fiert ee mat der Vitesse, déi uginn ass. DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froe beim Transportminister no, op dëst Konzept och bei eis Uwendunge fanne kéint.

Parlamentarische Fragen Finanzen Joëlle Elvinger

Internt Bankgeheimnis

An deene leschten Deeg hu verschidde Medie vun engem méiglechen Ofschafe vu Bankgeheimnis fir Lëtzebuerger geschwat. DP-Deputéiert Joëlle Elvinger freet beim Finanzminister Pierre Gramagna no wat un dësen Informatiounen drun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Lex Delles

Elektronesch Parkscheif och hei am Land?

An Däitschland kann een elo och eng elektronesch Parkscheif an den Auto leeën, déi automatesch uweist wéini een den Auto ofgestallt huet. Den DP-Deputéierte Lex Delles freet beim Infrastrukturminister no, op dëse System och hei am Land autoriséiert ass.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Gusty Graas

Wat geschitt mat den alen Styropors-Isolatiounen wann en Haus sanéiert gëtt?

Säit dem 29. September gëllt HBCD, wat jorelaang als Brandschutz a Styroporspalette bei der Isolatioun vun Gebaier an den Asaz koum, als «déchets dangereux»! Wou ginn dës Isolatiounspaletten entsuergt? Däerfen se zu Lëtzebuerg verbrannt ginn? Dës Froen stellt den DP-Deputéierten Gusty Graas un d'Ëmweltministesch.

Parlamentarische Fragen Kultur Edy Mertens André Bauler

Griewerfelder bei Housen entdeckt?

Den André Bauler ass gewuer ginn, datt am Moment de Service archéologique du Musée national d’Histoire et d’Arts Ausgruewungen um Terrain vun der Gemeng Housen duerchféiert. Wéi et ausgesäit goufen hei Griewerfelder aus réimescher Zäit fonnt. D’DP-Deputéiert André Bauler an Edy Mertens froen dofir beim Kulturminister Xavier Bettel no ëm wat fir Objeten et sech hei méi genau handelt an aus wat fir engem Joerhonnert dës Griewerfelder stamen

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie André Bauler

Wou kommen nach Wandmillen hin?

Wandmille bidden eng konkret Méiglechkeet manner ofhängeg vum Atomstroum ze ginn, wichteg ass awer och hiren Emplacement. Den DP-Deputéierten André Bauler freet dowéinst bei den zoustännege Ministeren no wéi vill där gigantescher Wandmillen nach am Norde vum Land installéiert gi wäerten an no wéi enge Kritären dës Plaze festgehale gi si respektiv gi wäerten. E freet och d’Ëmweltministesch wéi d’Notioun vun der « Beauté du paysage », déi gesetzlech verankert ass, an dësem Kontext gehandhaabt gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Extra Nuetszich de Weekend?

Ufanks de Jores hat den Transportminister ugekënnegt speziell Nuetszich op de Linnen 10 a 60 anzeféieren, esou dass d'Leit och nach spéit owes vun der Stad an den Norden an an de Süden vum Land kommen. DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty haken elo nach eng Kéier no, wéini des Zuchverbindungen agefouert gi wäerten.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Joëlle Elvinger

1 Joer no der Erëffnung vun der Nordstrooss

Wéi gesäit et elo mam Trafic am Uelzechtdall aus? Wéi vill Autoen benotzen déi nei Autobunn? D’DP Deputé-Maire vu Walfer, Joëlle Elvinger, huet beim zoustännege Minister no den aktuellste Zuelen gefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Geschwënn och elektresch Bussen zu Lëtzebuerg?

Net nëmme bei den Auto'en, mä och bei de Busser ginn et Gefierer mat Elektro-Motor. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet beim Infrastrukturminister no, op een esou Busser och hei am Land notze kéint, a wéi eng Linne fir des Gefierer a Fro komme kéinten.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Max Hahn Alexander Krieps Gusty Graas

Eng gemeinsam Vitrine fir d'Arméi, d'Douane an d'Police?

Dëse Freideg geet um Boulevard Royal den Informatiounsbüro vun der Arméi op. Doduerch erhofft ee méi Leit fir den Härebierg ze rekrutéieren. D’Deputéierte Max Hahn, Gusty Graas an Alexander Krieps hu beim Minister nogefrot ob dës Initiative och fir d’Police an d’Douane kéint virgesi ginn. Wier do ee gemeinsame Bureau net sënnvoll.