Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Alexander Krieps Gusty Graas

Wéi vill Leit hunn sech géint Grippe impfen gelooss?

Trotz enger Ëffentlechkeetscampagne fir sech géint Grippe impfen ze loossen, hunn sech vill Leit zu Lëtzebuerg ugestach. D'DP Deputéiert Gusty Graas an Alexander Krieps froen aus deem Grond bei den zoustännege Ministere no genauen Zuelen. Si froen an deem Kontext och, ob et net néideg wier besonnesch d'Risikopatienten méi unzereegen sech géint d'Grippewell impfen ze loossen.

Parlamentarische Fragen Bildung Medien und ICT Gilles Baum

Wéi gesäit den Tëschebilan vun der Strategie "Digital(4)Education" aus?

Am Fréijoer 2015 huet den Educatiounsministère Strategie "Digital(4)Education" virgestallt. Et geet heibäi drëm fir d'Schoul un d'Erausfuerderunge vum zukünftege Aarbechtsmarché unzepassen an d'Talenter vun den Schüler geziilt an den IT-Beräicher ze fërderen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet no engem éischten Tëschebilan vun dëser Strategie. Wéi vill Schüler notzen d'App MathemaTIC oder de gratis "Office 365" ? Wéi vill "Ipad-Klassen" ginn et am Moment an eise Schoule? Dëst si weider Froen, déi hien un de Minister Claude Meisch riicht.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Ginn Patiente heiansdo vun agreéierte Taxien refuséiert?

Anscheinend géifen heiansdo vun der CNS agreéiert Taxie refuséiere fir Patienten an d'Spideeler ze féieren, falls et sech fir si net loune géif. Well d'CNS de Patienten an der Reegel awer net de ganzen Tarif rembourséiert, géife fir si deemno méi Käschten ufale wann si een Taxi vu méi wäit ruffen. Den DP Deputéierte Gusty Graas freet dowéinst no, ob dem Minister dee Problem bekannt wier an ob hie wëlles huet eppes dogéint ze ënnerhuelen.

Parlamentarische Fragen Tiere Lex Delles Gusty Graas

Krank Béischten am Schluechthaus?

Wéi vill Béischten aus Fräilandhaltung si krank wann se am Schluechthaus ukommen? Sinn dës Déieren, déi d’ganz Joer zu Lëtzebuerg dobausse gehale ginn gesond genuch fir an d’Fleeschproduktioun? Dës Froe stellen d’DP-Deputéiert Lex Delles a Gusty Graas dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wat sinn d'Konsequenze vun der héijer Loftverschmotzung dëser Deeg?

Duerch den Temperaturustig vun der leschter Woch, koum et zu héije Konzentratioune vu Feinstëbs. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet dofir bei de responsabele Minister no, op dës Situatioun méi dacks virkënnt a wéi vill Leit ënnert dëser Situatioun gelidden hunn?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens

Gëtt op fräischaffend Dokteren zréckgegraff wann de Samu besat ass?

Am Norden vum Land kann et mol méi laang dauere bis de Samu op der Plaz ass. An deem Kontext freet den DP-Nord Deputéierten Edy Mertens bei den zoustännege Ministeren no, ob den 112 net kéint op déi fräischaffend Dokteren aus der Regioun zréckgräifen am Fall wou de Samu besat wier.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Claude Lamberty Max Hahn

Populatioun an de Gemenge

Existéieren ënnerschiddlech Zuelen, wat d'reell Populatioun an eenzele Gemengen ubelaangt? De Claude Lamberty an de Max Hahn froe beim Inneminister no.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Lex Delles

Verspéidungen op der Zuchlinn 10 fir op Miersch?

An der lescht ass et dacks virkomm, dass den Zuch vun der Staat op Miersch esou vill Verspéidung hat, dass d'Schüler ze spéit an d'Schoul komm sinn. Den DP-Deputéierte Lex Delles freet dofir beim Infrastrukturminister no wéi dës Situatioun geléist ka ginn.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Wéi gesäit d’Pouletsproduktioun zu Lëtzebuerg aus ?

Wéi gesäit d’Pouletsproduktioun zu Lëtzebuerg aus? Wéi gesäit et mat der Produktioun vun Eeër aus? Ginn esou Nicheproduktioune speziell gefërdert? Dës Froe stellt den Nord-Deputéierten André Bauler un den Agrarminister Fernand Etgen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Kann de Minister sech eng App vun der CNS virstellen?

A verschiddene Länner gëtt vun der Krankekeess eng App ugebueden, mat där d'Assuréen Zougrëff op hire perséinlech Konto kréien. Esou kënne si zum Beispill de Suivi vun hire Remboursementer oder verschidden Attester op hirem Telefon oder Tablette ofruffen. D'DP Deputéiert Edy Mertens, Gusty Graas an Alexander Krieps froe bei dem Minister no, ob dat och zu Lëtzebuerg méiglech wier.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Etuden zum Schinneverkéier, och relevant fir Lëtzebuerg?

Am Moment lafen verschidden interessant europäesch Etuden zum Schinneverkéier, dat fir d'Infrastruktur an d'Zich selwer ze verbesseren. Den DP-Deputéierten Gusty Graas freet beim Nohaltegkeetsminister no, op d'Resultater vun dëse Studien och op Lëtzebuerg applizéiert ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Méi Fëschtrapen zu Lëtzebuerg?

Fir datt Fësch ongehënnert an hir Läichgebidder komme kënne si Fëschleederen immens wichteg. Wéi ass d’Situatioun mat de Fëschleederen zu Lëtzebuerg? D’Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Arbeit André Bauler

Reform vun der ADEM

Den André Bauler stellt dem Aarbechtsminister Nicolas Schmit eng Question élargie an der Chamber iwwert d'Ëmsetzung vun der Reform vun der ADEM.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Nom dréchenen Hierscht: Wéi steet et ëm eis Waasserreserven?

Den Hierscht war däitlech méi dréche wéi dat normalerweis fir eist Land de Fall ass. Dofir freet den DP-Deputéierten André Bauler bei der Ëmweltministesch no wéi et em d'Pegelstänn vun de Flëss a vum Stauséi steet, an op et net sënnvoll wier d'Leit méi fir dës Thematik ze sensibiliséieren.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Schoulesch Infrastrukturen um Geesseknäppchen

Wat geschitt mam provisoresche Gebai um Geesseknäppchen?
Nodeems d'Schüler aus dem Kolléisch erëm an hiert renovéiert Gebai zréck geplënnert sinn, steet dat provisorescht Gebai den Ament eidel. Déi zwee DP-Deputéiert Claude Lamberty a Lex Delles froe dofir bei den zoustännege Ministeren no, wat mat deem Gebai elo geplangt ass an ob och schonn aner Aarbechten um Geesseknäppche geplangt sinn.