Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Wéi eng Konsequenze wéinst dem dréchenen Abrëll ?

Den Abrëll war nach ni esou dréche wéi an dësem Joer. Dofir froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas bei der Ëmweltministesch a beim Agrarminister no wéineg Konsequenzen dëst extreemt Wieder op d'Waasserstänn an d'Aktivitéit vun de Baueren a Wënzer huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wou sinn d'Aarbechten un den zousätzleche Vëlospisten drun?

Viru gutt 2 Joer huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt wat den Ausbau vum aktuelle Velospisteréseau ëm 500 Kilometer virgesinn huet. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet beim Infrastrukturminister no wou dës Aarbechten aktuell dru sinn.

Parlamentarische Fragen Bildung Justiz und Sicherheit Gilles Baum

"Blue Whale Challenge" Sinn och Fäll zu Lëtzebuerg bekannt?

Op de soziale Medie zirkuléiert anscheinend ee makabert Spill mam Numm "Blue Whale Challenge" . Heibäi soll et drëms goen déi Jugendlech opzestëppele fir 50 Challengen ze meeschteren, déi vun Aufgab zu Aufgab méi geféierlech fir si ginn. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet bei den zoustännege Ministeren no, ob och zu Lëtzebuerg scho Fäll bekannt sinn.

Parlamentarische Fragen Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Enquête iwwert d’Wuelbefannen

D’FGFC, d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal, fuerdert, dass d’Enquête iwwert d’Wuelbefannen and’Motivatioun vun de Beamten an der fonction publique och fir d’Mataarbechter vun de Gemengendéngschter opgemaach gëtt, fir dass d’Evaluatioun vu besotem Questionnaire vervollstännegt ka ginn. De Süd-Deputéierte Gusty Graas freet an dem Kontext beim zoustännege Minister no, ob hien de Standpunkt vun der FGFC deelt an d’Enquête och um Gemengeniveau well duerchféieren.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Gilles Baum

Wou ass de Projet "Cité Syrdall" zu Wecker drun?

Reegelméisseg gëtt de Projet "Cité Syrdall" zu Wecker an der Presse thematiséiert, esou och gëschter Owend op der Lëtzebuerger Tëlee. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet dofir beim Logementsminister no, wou dësen Dossier drun ass.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Max Hahn

Stop vun den Äusbauaarbeschten vum LTB

D'DP Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu festgestallt, dass d'Äusbauaarbechten am Lycée Technique de Bonnevoie, déi virun 2 Joer ugefaangen hunn, net viru kommen. Dofir froen si bei den zoustännege Ministeren no, wisou de Chantier net viru geet a wéi laang deen nach dauert.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Manner streng Norme bei Bau- an Isolatiounsmaterialien?

An Däitschland maachen Expert'en drop opmierksam, dass ab Oktober 2016 an der EU manner streng Oplage fir verschidde Bau- an Isolatiounsmaterial gëllen, dat zum Beispill wat Buedembeleeg a Plafongsausstattungen uginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei der Ëmweltministesch no ob hei eng Gefor besteet.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Wéi vill Spargelbauere ginn et zu Lëtzebuerg ?

A senger parlamentarescher Ufro un den Agrarminister Fernand Etgen wëll den DP Deputéierten André Bauler ënner anere wësse wéi vill Spargelbaueren et zu Lëtzebuerg ginn, wéi vill Aarbechtsplazen dorunner hänken a wéi d’Spargelbauere vum Staat ënnerstëtzt ginn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Gilles Baum

Wéi gesäit et mat Formatioune am Prisong aus?

D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Gilles Baum froe bei den zoustännege Ministeren no wéi et mat Formatioune am Prisong ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Justiz und Sicherheit Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Wat maachen géint d'Hausse vun de Vergewaltegungen?

D'Police Grand-Ducale huet déi néi Kriminalitéitszuele presentéiert. Hei geet ervir dass d'Zuel vun de gemellte Vergewaltegungen zu Lëtzebuerg em 56% an d'Luucht gaangen ass. D'DP Deputéiert Alexander Krieps, Gusty Graas an Edy Mertens froe bei den zoustännege Ministeren no, ob et sënnvoll wier d'Verjärungsfrist bei Vergewaltegungen op 30 Joer eropzehiewen a wéi et mat de Léit ass déi wéinst Vergewaltegungen ënnert enger traumatescher Amnesie leiden.

 

 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Pollutioun vun der „Kaylbach“?

Anscheinend gouf d’Kaylbach vun enger franséischer Entreprise polluéiert. De Süd-Deputéierte Gusty Graas freet bei der zoustänneger Ministesch no, ob si dat confirméiere kann a wat si dogéint ënnerhuele wëll, falls dat stëmmt!

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Gusty Graas

Den Donald Trump dréit d'Rad an der Klimapolitik zeréck!

A senger parlamentarescher Ufro un d'Ëmweltministesch wëll den DP-Deputéierte Gusty Graas wëssen, wéi d'Positioun vun der Regierung dozou ass an a wéi wäit d'Ëmsetzung vum Paräiser Klimaaccord doduercher a Fro gestallt ass.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Lycée Ermesinde: An Zukunft och bis 13ième?

Den DP Deputéierten André Bauler freet beim Educatiounsminister ënner anerem no, ob de Lycée Ermesinde vu Miersch an Zukunft och 13e-Klassen ubitt.

Parlamentarische Fragen Kultur Landesplanung und Wohnen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wat droen d'Naturparken zum Schutz vum kulturelle Patrimoine bäi?

A senger parlamentarescher Ufro un d'Ëmweltministesch wëll den DP Deputéierten André Bauler ënner anerem wësse wat eis Naturparken zum Schutz an zur Restauratioun vun eisem kulturelle Patrimoine bäidroen?

Parlamentarische Fragen Finanzen Gemeinden Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wien iwwerhëlt d'Ofwaasserkäschten vun Autobunnstankstellen?

Zu Lëtzebuerg ass een sech net ëmmer eens ween d’Ofwaasserkäschte déi bei den Autobunnstankstellen entstinn, ze droen huet. Den DP-Deputéierten Gusty Graas freet dofir bei der bei der Ëmweltministesch no, ob et net méiglech wier méi eng koheretn Approche an deem Kontext ze definéieren.