Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Tourismus Lex Delles

E Restaurant an der Roseraie zu Munneref?

An der neier Roseraie am Munnerefer Park steet elo schonn zënter enger gudder Zäit de Restaurant eidel. Den DP-Deputéierte Lex Delles freet no, wat mat dësem Gebai gemaach gëtt an op een dëst net fir den Tourismus an der Regioun notze kéint.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Vill Leit sinn mat engem "Text neck" geplot

Leit déi ze laang op den Handy kucken an sech dobäi nach schlecht halen, kréien op Dauer oft Réckwéi a Tortekollien. Experte schwätzen dofir och mëttlerweil vum sougenannten "Text neck". Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an dem Kontext bei der zoustänneger Ministesch no, wéi et zu Lëtzebuerg ausgesäit an, ob och scho Kanner a Jugendlech domat geplot sinn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Nei Nomenclature bei den Infirmiers libéraux

D'DP-Vertrieder aus der Gesondheetskommissioun, Edy Mertens, Alexander Krieps a Gusty Graas, froe beim zoustännege Minister no, wat et mat der neier Nomenclature fir déi fräischaffend Infirmieren op sech huet.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Lycée E. Steichen: Wou sinn d'Aarbechten drun?

Den neie Lycée E.Steichen soll fir d'Rentrée 2018/2019 seng Dieren zu Cliärref opmaachen. A senger Question parlementaire freet den DP-Deputéierten André Bauler bei den zoustännege Ministeren no, wou genau d'Aarbechten um Chantier drun sinn an ob mëttelfristeg och een Internat um Site geplangt wier?

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

Gendenktourismus zu Lëtzebuerg

Wéi gesäit et mam Gendenktourismus (legacy tourismus) zu Lëtzebuerg aus? Ginn et do Formullen? Gëtt deen zu Lëtzebuerg speziell vermaart? Den DP-Deputéierten AndréBauler huet beim Ekonomiesminister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Familie André Bauler

Wéi vill Leit kréien eng Mammerent?

A senger parlamentarescher Ufro freet den DP-Deputéierten André Bauler no Zuelen iwwer d'Mammerent. Hie freet och no, ob de Minister gewëllt ass d'Leit besser iwwert d'Modalitéite vun der Mammerent z'informéieren.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Manner Kaméidi duerch den Zuch?

Besonnesch Leit, déi no bei Schinne wunnen, sinn duerch de Kaméidi vun den Zich geplot. Eng europäesch Etude huet sech mat dësem Thema beschäftegt an ass elo zu Resultater komm. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet dofir beim Transportminister no, op d'Konklusioune vun der Studië op eist Schinnenetz iwwerholl kéinte ginn. 

Parlamentarische Fragen Bildung Lex Delles

Wéi gesäit et mam zukünftege Lycée zu Munneref aus?

Scho méi laang ass gewosst, datt een neie Lycée am Oste vum Land gebraucht gëtt. Zënterhier huet sech d’Iddi vun engem neie Lycée zu Munneref weider konkretiséiert. An dem Kontext freet den DP Ost-Deputéierte Lex Delles no, wou genau de Projet drun ass an ob schonn ee schoulescht Konzept fir de Lycée virgesi wier.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Wat fir en Impakt hunn d’Stauen op eis Ekonomie?

Wéi vill Zäit verbrénge mir an de Stauen? Wat verbrauche mir doduerjer méi u Sprit? Wat bedeit dat fir eis Entreprisen? Wéi vill CO2 Emissiounen entstinn duerch d’Stauen. Dëst freet den DP-Deputéierten André Bauler de Wirtschaftsminister an enger parlamentarescher Fro.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum

Wéi schlëmm sinn eis Wéngerten vun der Esca-Krankheet betraff?

Bei der Esca handelt et sech ëm eng vun de geféierlechste Riefholzkrankheeten. Den DP-Deputéierten Gilles Baum wëll gäre vum Wäibauminister Fernand Etgen wëssen wéi schlëmm eis Wéngerten op der Musel vun dëser Krankheet befall sinn a wat fir Rotschléi den IVV de Wënzer gëtt fir géint dës Krankheet virzegoen!

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Froen zu de Jod-Pëlle bei engem Atom-Alarm

Am Fall vun enger Urgence an der Atomzentral zu Cattenom, gëtt der Populatioun jo gerode Jod-Pëllen anzehuelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froe bei der Gesondheetsministesch no, wéi vill Këschte Jod-Tablettë vun de Leit ofgeholl goufen, wat dat kascht a wéi dës Situatioun an de Crèchen a Schoule gereegelt ass.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty

Rumeure ronderëm de Kleeserchersdag an de Schoulen

An de soziale Medie schwätzt de Marc Spautz dovunner, datt a verschiddene Schoulen kee Kleesche a keng Kleesercherslidder méi erlaabt wieren. De Claude Lamberty huet beim Bildungsminister Claude Meisch nogefrot, wéi hien dat gesäit.

 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

AIDS-Tester vun der Krankekeess iwwerholl?

Am Moment ginn et AIDS-Tester déi ee selwer uwende kann. Esou ka jidderee schnell erausfannen op hien infektéiert ass oder net, ouni bei en Dokter goen ze mussen. Dës Tester ginn am Moment awer net vun der Krankekeess iwwerholl. D'DP-Deputéiert Alexander Krieps, Edy Mertens a Gusty Graas froen dofir bei de responsabele Ministere no, ob dëst keng efficace Piste am Kampf géingt AIDS wier.

 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Indemnitéit an der Fachausbildung vun den Hausdokteren

D'Hausdoktere kréie während hirer laanger Fachausbildung eng Indemnitéit zougesprach, déi allerdéngs jee no Ausbildungsjoer ënnert dem Mindestloun ka leien. Och gouf dës Indemnitéit zënter 2008 net méi revaloriséiert. An dem Kontext freet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei dem zoustännegem Minister no, ob et net néideg wier dëst ze maache fir der laanger Beruffsausbildung vun den Doktere Rechnung ze droen.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft Edy Mertens André Bauler

Gëtt d’Post vun Ëlwen zougemat?

A wéi steet et mat der Post vu Clierf? Dëst froen d’Nord-Deputéiert Edy Mertens an André Bauler den zoustännege Minister! Am Abrëll hat de Minsiter dem Edy Mertens op eng parlamentaresch Fro geäntwert et wier net geplangt dës Postbureauen zouzemaachen. Haut stong an der Zeitung se géifen awer elo zougemat ginn. D’DP-Politiker hoffen datt dës Bureauen opbleiwen an datt et sech bei deem Artikel ëm eng Feelinformatioun handelt!