Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Alexander Krieps Gusty Graas

Och eng Helmpflicht fir Kanner zu Lëtzebuerg?

A Frankräich mussen d'Kanner ënnert 12 Joer ab haut en Helm undoe wann se mam Vëlo ënnerwee sinn. D'Deputéierte Gusty Graas an Alexander Krieps froe bei den zoustännege Ministeren no, ob dës Reegelung och hei am Land Sënn maache géif.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Keng direkt Zuchverbindung méi vu Wollmeréng an d'Stad?

Fir 2018 sollen all Zuchpläng nei gereegelt ginn. Anscheinend sollen dann déi direkt Zich vu Wollmeréng an d'Stad ewechfalen, esou dass dës Passagéier all zu Beetebuerg ëmsteige missten. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Transportminister no wat d'Pläng fir dës Zuchlinn 60a sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Etude zur Sécherheet am Cockpit

Gëschter huet Vereenegung vun de Piloten eng europäesch Etude zur Sécherheet am Cockpit presentéiert. Lëtzebuerg kënnt do bei 5 vun 11 Kategorien op déi lëschte Plaz. Dofir freet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim Transportminister no Detailer.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Tierkei: eenheetlech europäesch Positioun?

Am Kader vu senger Referendumscampagne huet déi tierkesch Regierung an enger Rei vun europäesche Stied Versammlunge geplangt‭. ‬Verschidde Länner hunn déi Optrëtter elo net zougelooss‭, ‬wat mëttlerweil zu enger regelrechter diplomatescher Krise gefouert huet‭. ‬An deem Kontext freet den Deputéierte Gusty Graas den Ausseminister wat hie vun dëser Polemik hält an ob hien eng eenheetlech europäesch Positioun fir realistesch hält‭.‬

Parlamentarische Fragen Kultur Gilles Baum

Aarbechte vum Buerglënster Schlass

Zënter 1967 an der Hand vum Staat, ass d'Buerglënster Schlass wuel eent vun deene bescht ënnerhalene Schlässer hei am Land. Keen Wonner, dass hei och dacks offiziell Delegatiounen empfaange ginn. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet an dësem Zesummenhang no, wéini déi aktuell Aarbechte vum Schlass ofgeschloss sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Éischte Bilan vun den Nuetszich

Ab Dezember 2016 fuere Weekends Nuetszich, dat aus der Staat op den Haaptachse fir an den Norden an an de Süde vum Land. DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty froen elo no 3 Méint beim Transportminister no engem éischte Bilan wéi vill dës Zich genotzt ginn. 

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

Manner Iwwernuechtungen am Norden

2016 war erëm e Rekordjoer fir de Lëtzebuerger Tourismussecteur. Leider sinn awer d’Iwwernuechtungen an den Ardenne ëm 3,7% erof gaangen. Den Nord-Deputéierten André Bauler freet beim zoustännege Minister no Detailer iwwer déi rezent Statistiken an ob een d’Grënn kennt firwat et am Norde vum Land manner Iwwernuechtunge goufen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Erneierung vun der N10 tëscht Dosbuerg a Marnech

D'N10 tëscht Dosbuerg a Marnech ass a kengem gudden Zoustand a sollt 2016 nei gemaach ginn. Bis elo ass awer nach näischt geschitt. Dofir freet den DP-Deputéierten André Bauler beim Transportminister no, wou hei d’Pläng dru sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Verkéiersberouegung fir Jonglënster?

Nodeems de Contournement vu Jonglënster am September 2015 opgaangen ass, kann een sech elo konkret Gedanken em eng Verkéiersberouegung op der N11 maachen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet beim Transportminister no op hei Pläng bestinn.

Parlamentarische Fragen Bildung Sport und Freizeit Claude Lamberty Lex Delles

Däerfen d'Maisons relais de Kanner verbidden un de Sportsaktivitéite vun der LASEP deelzehuelen?

D'LASEP organiséiert reegelméisseg Aktivitéiten fir de Sport an d'Beweegung vun de Kanner ze fërderen. D'DP Deputéiert Lex Delles a Claude Lamberty hunn allerdéngs héieren, datt Kanner aus verschiddenen Maisons relais net kéinten un deenen Aktivitéiten deelhuelen. An hirer parlamentarescher Ufro ginn si der Saach op de Fong.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Europäesch Ofgastester?

Dat Europäescht Parlament mécht sech am Moment Gedanken iwwert eng europäesch Reglementatioun vun den Ofgastester. D'Kontroll vun dësen Tester kéint dann net méi op nationalem Niveau gemaach ginn, mä d'EU kéint sech dësen unhuelen, dat fir méiglech Abusen ze vermeiden. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet no Erklärunge beim Transportminister.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Nei Radaren an den Tunnellen?

Am Moment ginn et jo 20 fix Radaren uechtert d'Land. Den Transportminister hat 2014 ugedeit och esou Radaren an den Tunnellen installéieren ze wëllen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet elo no, op dës Iddi nach ëmmer aktuell ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Beliichtung vun Zebrasträifen

Besonnesch beim aktuelle groe Wieder an owes kënnt et ëmmer erëm vir, dass Foussgänger um Zebrasträif ugestouss ginn, dat well d'Autofuerer se net fréi genuch gesinn. Dofir froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim zoustännege Minister no, op een et de Gemengen net nach méi einfach maache sollt andeems een hinne kloer Richtlinnen a Saache Beliichtung mat op de Wee gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Lex Delles

Eng nei Buslinn vu Munneref op de Kierchbierg?

Ab dem 1. Juni 2017 wäert déi aktuell franséisch Buslinn aus der Grenzregioun iwwert Munneref op der Kierchbierg net méi fueren. Dofir freet den DP-Deputéierte Lex Delles beim Transportminister no, ob hei eng nei direkt Buslinn agesat kéint ginn.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Landwirtschaft und Weinbau Wirtschaft Gilles Baum

Méi Lëtzebuerger Wäin op eisen Ambassaden?

Statt wéi bis elo de Wäi vum Institut Viti-vinicole unzebieden, freet den Ost-Deputéierte Gilles Baum ob et net méi sënnvoll wier de Wäi vun eise Produzente vun der Musel unzebidden? Dat wier eng ideal Promotioun fir eis beschte Cruen!