Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Fentanyl als Drog - och zu Lëtzebuerg?

Fentanyl as e Medikament géint Péng, wat vu Kriibspatiente geholl gëtt. An den USA gëtt et säit neistem och op der Strooss verkaaft, net als Medikament mä als Heroin Ersatz. Den Deputéierte Gusty Graas géing gär vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob et där Fäll och zu Lëtzebuerg ginn an ob eppes Preventives ënnerholl gëtt, fir dat kennen a Lëtzebuerg z'evitéieren.

Parlamentarische Fragen Finanzen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Kreeslafwirtschaft mat steierleche Mëttelen erreechen?

D'JDL huet viru kuerzem ee Modell presentéiert, mat deem d'Kreeslafwirtschaft gefërdert kéint ginn. Dëst soll mat Steiererliichterungen u Reparatioune un zum Beispill Vëloen, Kleeder an elektronesche Geräter erreecht ginn. D'DP Deputéiert André Bauler a Max Hahn froen dofir beim Finanz - a beim Ekonomiesminister no, op dee Modell och interessant fir Lëtzebuerg wier an ob et sech heibäi em eng méiglech Mesure handelt, déi sech an den Rifkin-Kader aschreift.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesundheit und Pflege Gilles Baum Gusty Graas

Ze schwéier Schoulsäck?

Et gesäit een dacks Schüler mat voll gepaakten Schoulsäck ronderëm goen. Dëst kann awer op Dauer zu Réckwéi a soss gesondheetlechen Problemer féieren. D'DP Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum froen dofir wéi genau et zu Lëtzebuerg domadder ausgesäit an ob d'Enseignanten eventuell vum Ministère Richtlinnen kruten. Hëlleft eventuell d'Digitalisatioun de Problem ze behiewen?

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler

Wéini gëtt den neie Nordstad-Lycée gebaut?

A senger parlamentarescher Fro freet den DP-Deputéierten André Bauler bei den zoustännege Ministeren no, wou de Projet vum neien Nordstad-Lycée drun ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Medien und ICT Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Wéini kënnt eng informatiséiert Carte sanitaire?

An Däitschland subventionnéiert d'Gesondheetskees Dokteren beim Prozess fir eng digitaal Carte sanitaire op d'Been ze stellen. DP-Deputéiert Alexander Krieps, Edy Mertens a Gusty Graas froen no, ob dat och zu Lëtzebuerg méiglech ass.

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty

Keen Sportsinternat beim INS ?

Déi national Press zitéiert d'Administration des ponts et chaussées, dass et onméiglech wier e Sportsinternat op de Site vum INS ze bauen. Den DP-Deputéierte Claude Lamberty freet dofir bei den zoustännege Ministeren no ob dat stëmmt, a wat dat fir den zukünftegen Olympiastëtzpunkt bedeit.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft Max Hahn

Wéi gesäit et aus mat de Sécherheetsstocken u Pëtrolsproduiten zu Lëtzebuerg?

Wéini ginn déi geplangte nei Lagere gebaut a wéini ginn déi al zou gemaach ? Dës an aner Froen stellt de Süd-Deputéierte Max Hahn un de zoustännege Minister.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Lex Delles

Negativzënsen op Post-Konte vun de Gemengen ?

Dëser Deeg goufe Gemengen informéiert, dass ab dem 1. Juli negativ Zënsen op hirem Compte Courant applizéiert géife wann de Montant iwwert enger Millioun läit. D'Gemenge missten also dropbezuele fir Suen um Kont stoen ze hunn. Den DP-Deputéierte Lex Delles freet dofir bei den zoustännege Ministeren no, op d'Gemenge weiderhin e Post-Kont ugi musse fir d'Dotatioun vum Staat ze kréien.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Staat und Öffentlicher Dienst Max Hahn

Nei Technologien: Ginn et spezifesch Formatioune fir d'Pompjeeën?

Elektresch Autoen, Biogas-Anlagen, Photovoltaik-Panneauen... an deene leschte Jore si vill nei Technologien op de Maart komm. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet no, ob eis Pompjeeën duerch spezifesch Formatiounen op den Eeschtfall virbereet ginn.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Kultur Max Hahn

Ee Musée iwwer d'lëtzebuerger Pompjeesgeschicht?

Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, datt d'Regierung amgaangen ass ee Gebäi fir ee Pompjeesmusée ze sichen. Hie freet dofir beim zoustännege Minister no, ob dat wouer ass a wou dëse Musée soll opgoen.

Parlamentarische Fragen Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Volle Loun fir d'Stagiäre beim Staat ?

D'CGFP huet dëser Deeg gefuerdert, dass d'Stagiäre beim Staat an deenen éischten 3 Joer de volle Loun ausbezuelt kréien. Am Moment gëllt jo d'Reegel vun « 80-80-90 ». Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Minister no, wéi hien op dës Revendicatioune reagéiere wëll.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Gilles Baum

Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch - Ginn d'ASBL'en mat agebonnen?

Viru baal 3 Méint hunn den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Här Staatssekretär am Kulturministère ee 40- Punkteplang fir d’ Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. D'DP-Deputéierte Gilles Baum a Claude Lamberty froe bei den zoustännege Ministeren no, wéi déi aktuell Kooperatioun mat de privaten ASBL'en verleeft.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Innovativ a sécher: blo Vëlospisten ?

Ingenieuren hunn eng nei Method erfonnt fir Vëlospisten un d'Liichten ze kréien. Zu Cambridge, Eindhoven an elo geschwënn och zu Köln gëtt et Vëlospisten déi an der Nuecht blo liichten, esou dass keng extra Beliichtung méi néideg ass. DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty froe beim Infrastrukturminister no, ob een dës Iddi net och hei am Land uwende kéint.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Covoiturage op der Pannespur ?

Nodeems déi belsch Autoritéiten d'Pannespur op der E411 fir de Covoiturage opmaache wëllen, freet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim Transportminister no, op een dëst Konzept net och op der A6 vun der belscher Grenz bis op d'Gaasperecher Kräiz aféiere kéint.

Parlamentarische Fragen Arbeit André Bauler

Sozialdumping am Transportsecteur ?

No de Perquisitiounen an enger lëtzebuergescher Entreprise aus dem Transportsecteur gouf op RTL gemeld, dass d'ITM scho virdrunner eng Plainte deposéiert hat. Den DP-Deputéierten André Bauler freet dofir beim Aarbechtsminister ënner anerem no ob d'ITM zurzäit méi präventiv a Wirtschaftsberäicher aktiv ass, déi dem Risiko vum Sozialdumping besonnesch riskéieren ausgesat ze sinn.