Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Arbeit Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Schafft d'ITM weiderhin nach mat der Douane zesummen?

D'Inspection du travail et des mines, kuerz ITM, ass ëmgaange restrukturéiert ze ginn. Wéinst der héijer Unzuel un Aarbechtsaccidenter sollen ënner anerem 36 néi Mataarbechter agestallt ginn. Ma och d'Douane schafft um Terrain mat der ITM zesummen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an dem Kontext beim zoustännege Minister no, wéi dës Kollaboratioun an Zukunft ausgesi soll.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Heck zu Angelduerf laanscht Strooss ewechgeholl

Op der Streck tëscht Ettelbréck an Dikrech gouf elo op der Héicht vun Angelduerf eng Heck ewechgeholl, déi virdru Foussgänger a Vëlosfuerer vum Trafic ofgeschiermt huet. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Infrastrukturminister no de Grënn vun dëser Aktioun, a wëll wësse wéi Foussgänger an Zukunft op dëser Plaz geschützt kënne ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Keng Beschëlderung um Stauséi

Et gëtt jo ofgeroden an de Stauséi schwammen ze goen, an dat schonns zënter dem 31. August. Dës Woch gouf nach eng Kéier op méiglech Geforen higewisen. Eng Beschëlderung fir op dës Situatioun hinzeweise fënnt een awer net, weder op der Plage, nach op der Wiss. Dofir froen DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas bei der Ëmweltministesch no.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

En neit Medikament bei Alkoholproblemer?

Virun e puer Deeg gouf a franséische Studien d'Effizienz vum Medikament Baclofene confirméiert, dat fir Patienten déi mat Alkoholproblemer ze kämpfen hunn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei der Gesondheetsministesch no, op dëst Medikament och hei am Land genotzt ka ginn.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Claude Lamberty Alexander Krieps

Stau am Rond-Point Irrgarten

Och matten an der Schoulvakanz an ausserhalb vun de Spëtzestonnen, ass am Rond-point Iergäertchen all Dag Stau. D'Deputéierten Alexander Krieps a Claude Lamberty hu beim zoustännege Minister nogefrot wat ënnerholl wäert gi fir d'Situatioun an de Grëff ze kréien.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Méi administrativen Opwand fir Fëscherconcours'en

D'Sportfëscher hei am Land hu viru kuerzem drop opmierksam gemaach, dass den administrativen Opwand fir Fëscherconcours'en ze organiséieren an der Lescht erop gaangen ass. Fir esou eng Autorisatioun ze kréien, muss een elo méi Dokumenter beschafe wéi soss emol. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei der Ëmweltministesch no firwat des Ännerungen néideg waren.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Manner Fësch an der Sauer wéinst der Kayakspiste ?

D'Fëscher zu Dikrech weisen drop hin, dass Enn Juli ganz vill Fësch an der Sauer gestuerwe sinn, dat well wéinst der Kajakspiste manner Waasser duerch de Kanal leeft. Doropshi froen DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler no Erklärunge bei der Ëmweltministesch.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tiere Claude Lamberty Max Hahn

Iwwerlaaschten Déierenasyler

D'Déierenasyler sinn iwwerlaascht well ëmmer méi Kazen an de Strukturen ausgesat ginn. D'Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty hu beim zoustännege Minister nogefrot wéi eng Mesurë kéint ënnerholl gi fir dëser Situatioun kënnen een Enn ze setzen.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Joëlle Elvinger Max Hahn

Wat war gëschter am Prisong zu Schraasseg lass?

An der Presse stoung de Moien datt et am Prisong zu engem Opstand vun de Prisonéier komm wier. D'DP Deputéiert Max Hahn a Joëlle Elvinger froe bei den zoustännege Ministeren no genauen Explikatiounen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Homeopathie an Co

D'DP-Deputéiert Alexander Krieps an Edy Mertens hunn bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi et mat der sougenannter "Alternativ Medezin" zu Lëtzebuerg ausgesäit. Mëttlerweil ginn nämlech, nieft der Homeopathie, och aner alternativ Therapien ugebueden. Si froen och no, ob dës Therapien an Zukunft vun der CNS iwwerholl kenne ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Riets iwwerhuelen op der Autobunn ?

Et kennt reegelméisseg vir, dass Chauffeuren op der Autobunn riets iwwerhuelen, eng Praxis déi net ongeféierlech ass. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet bei den zoustännege Ministeren no, wéi esou e Verhale vun der Police gehandhaabt gëtt, an op eng Sensibiliséierungscampagne an dësem Kontext net ubruecht wier.

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

Nationaalt Monument vum Streik vun 1942 zu Wolz

Den 31. August 1942 koum et zu engem Streik géint d'Anzéihen vu jonke Lëtzebuerger an d'Wehrmacht. Zu Éieren vun de Resistenzler steet zu Wolz e nationaalt Monument, dat awer an d'Joren komm ass. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Kulturminister Xavier Bettel no, op eng Renovatioun vun dësem Monument Sënn maache géif.

Parlamentarische Fragen Tourismus Gilles Baum

« Work and travel » Visa

Ëmmer méi Jonker kombinéiere gäre reesen a schaffen. Dofir ginn et sougenannten « work and travel » Visaen. Den Deputéierte Gilles Baum huet beim Educatiounsminister an Ausseminister nogefrot wéi et domadder zu Lëtzebuerg ausgesäit an ob si d’Demarchë fir esou e Visa eventuell wéilte vereinfachen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

WI-FI Accès am ëffentleche Transport?

Ëmmer méi europäesch Zuch- a Busentreprisë bidden hire Clienten e gratis Wi-fi Accès op hiren Trajeten un. D'DP Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty froe beim Transportminister no, op dat net och zu Lëtzebuerg géif Sënn maachen, fir den ëffentlechen Transport nach méi attraktiv ze gestalten.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Lokaliséierungssystem fir Busser

D'städtesch Busse benotzen e Lokaliséierungssystem, deen et de Reesenden erlaabt d'Horairen an Echtzäit an eventuell Retard'en op elektroneschen Unzeigen op den Arrêten an um Internet ze consultéieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet beim Transportminister no, op dëse System och bei anere Buslinnen am Land soll zum Asaz kommen an op geplangt ass esou elektronesch Panneauen och op aner Plazen am Land ze installéieren.