Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Max Hahn

Katastrophewarnsystem KATWARN och zu Lëtzebuerg?

Wéi goufen d’Awunner vun den Iwwerschwemmunge vum 22. Juli informéiert wéi si sech solle behuelen an där Krisesituatioun? Wäert de Katastrophewarnsystem KATWARN an Zukunft och zu Lëtzebuerg agefouert ginn ? Dëst freet den Deputéierte Max Hahn den Inneminister.

Parlamentarische Fragen Medien und ICT André Bauler

Medielandschaft zu Lëtzebuerg

Wéi steet et mat der Recherche a Saache Medielandschaft zu Lëtzebuerg? Gëtt an deem Beräich gefuerscht? Wier et net opportun eng Ausstellung zu deem Sujet ze organiséieren? Dës Froe stellt den DP-Deputéierten André Bauler dem Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Aarbechte fir de Bypass um Fridhaff

De Minister hat virun e puer Méint gesot, dass um Fridhaff en 330 Meter laange Bypass gebaut géif ginn, dat nodeems nach e puer technesch Analyse gemaach goufen. Den DP-Deputéierten André Bauler freet elo no wou des Studien dru sinn, a wéini d'Aarbechten un dësem Chantier ulafe kéinten.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Ausbau vum Klierfer Lycée?

De Bau vum Lycée « Edward Steichen » zu Klierf kënnt gutt virun, esou dass déi éischt Klasse wahrscheinlech schonn am September 2018 an d'Gebailechkeete kënnen. Et schéngen awer schonn elo Pläng ze ginn, fir de Lycée nach auszebauen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot wat do drun ass.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Tourismus André Bauler

Accessibilitéit bei eisen Tourismus-Infrastrukturen

Wéi steet et mat der Accessibilitéit bei eisen Tourismus-Infrastrukturen? Sinn eis Tourismus-Internetsitten och adaptéiert fir Leit déi net gutt gesinn, blann sinn oder net gutt héieren? Dëst freet den Deputéierten André Bauler den zoustännege Minister!

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Max Hahn

Policeschoul um Verluerekascht

Bis 2018 sollen 346 nei Policebeamten agestallt ginn. Dat bedeit, datt an der Policeschoul um Verluerekascht bal duebel esou vill Schüler sollen ënnerkommen. Ginn déi aktuell Infrastrukturen duer fir esou vill nei Schüler? D’Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty hu dat beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Staat und Öffentlicher Dienst Eugène Berger Max Hahn

Verkaf vu staatlechen Aktië vun der Cargolux

De soziokulturelle Radio bericht an engem kierzleche Bäitrag, datt am Joer 2012 beim Verkaf vu staatlechen Aktië vun der Cargolux déi  privat Aktionäre géigeniwwer vun den staatleche bevirdeelegt gi wieren. Des Weidere wieren illimitéiert Fluch- a Landerechte en Deel vum Package gewiescht. D'Deputéierten Eugène Berger a Max Hahn hunn nogefrot op dës Informatiounen zoutreffen.

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty Max Hahn

Och Assisen vum Sport?

Nom Succès vun de "assises culturelles", stellen d'DP-Deputéierte Claude Lamberty a Max Hahn sech d'Fro op net och ubruecht wier d'Stellung an d'Roll vum Sport an eiser Gesellschaft zesumme mat den Acteure vum Terrain ze beschwätzen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Net genuch Medikamenter fir Kriibs-Patienten?

Anscheinend ginn et Kriibs-Patienten déi kee vollstännegt Traitement kréien, dat well d'Medikamenter net ëmmer hei am Land verfügbar wieren. En Beispill wier de "Arzerra", dee bei chronescher "leucémie lymphocytaire" agesat gëtt. D'Patiente missten sech elo selwer dëst Medikament an Däitschland besuerge goen, ouni dass CNS fir des Käschten opkomme géif. DP-Deputéierten Alexander Krieps an Edy Mertens wollten Detailer vun der Gesondheetsministesch.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Anne Brasseur Eugène Berger

Falsch Informatiounen a Polen: Opléisung vum lëtzebuerger Verfassungsgeriicht

Et zirkuléiere an Polen falsch Informatiounen, datt Lëtzebuerg säi Verfassungsgeriicht einfach wéilt opléisen. Et ass zwar richteg, datt d'Verfassungsrevisioun vir gesäit d'Verfaassungstribunal opzeléisen, awer d'Kompetenze vun dësem wäerten integral an eng nei Cour suprême fléissen. Den Eugène Berger an d'Anne Brasseur hunn beim Ausseminister nogefrot, op hie beim polneschen Ambassadeur déi falsch Informatioune richteg gestallt huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Gaffer bei Autosaccidenter: soll dat bestrooft ginn?

Et kënnt och alt mol hei am Land vir dass d'Aarbecht vun de Secouristen an der Police bei engem Accident duerch Leit behënnert gëtt déi virwëtzeg sinn, an den Hëllefskräften nokucken. An Däitschland soll dëst Verhalen elo villäicht bestrooft ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot wéi d'Situatioun am Grand-Duché ass.

Parlamentarische Fragen Finanzen André Bauler

Staatsschold, e Coût mä och en Zweck

Et ass kee Geheimnis, dass de Staat verschidde Prête lafen huet, déi natierlech och ee Coût hunn. Et ass awer interessant ze wësse wéi héich dëse Coût genau ass, a wéi en sech an deene leschte Joren entwéckelt huet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Finanzminister no genaue Chiffere gefrot, och fir ze evaluéiere fir wéineg Zwecker de Staat Schold opgeholl huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Sécherheetsmesuren op der N7 zu "Flebour" bei Méchela

Am Abrëll d'lëscht Joer hat den Transportminister dervunner geschwat d'Kräizung genannt "Flebour" bei Méchela méi sécher ze maachen. Den DP-Deputéierten André Bauler freet elo no wou dës Aarbechten drun sinn, a wéi et mat der Sécherheet vun "Closdelt" an dem "Këppenhaff" ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Perturbateurs endocriniens

D'Europäesch Kommissioun huet eng Propose virgestallt fir déi sougenannten “perturbateurs endocriniens" z'encadréieren. Den Deputéierte Gusty Graas weist sech besuergt a freet dofir am Gesondheetsministère no, wéi der Ministesch hir Positioun zu där Propose ass.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

WireSolutions

Gëtt d’WireSolutions-Wierk vun ArcelorMittal zu Biissen verkaf ? Gouf doriwwer am Conseil vun ArcelorMittal geschwat wou d’Regierung jo e Vertrieder huet? Dës Froe stellt den DP-Deputéiert André Bauler dem Wirtschaftsminister.