Sie sind hier

News Tribune libre Kultur André Bauler

Eise kulturelle Patrimoine am Mëttelpunkt!

Eisen archeologesche Patrimoine schützen, eis Geschicht respektéieren, eis kulturell Identitéit stäerken! A senger Tribune libre geet den André Bauler op d'Konventioun vu Valetta an.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tiere Gusty Graas

D’Vullegripp ass zréck!

Déi héich ustiechend Vullegripp gouf déi lescht Deeg an Däitschland, Éisträich, Holland an an Ungarn confirméiert. Gouf et och schonn e Fall zu Lëtzebuerg? Wat muss ënnerholl gi wann se och bei eis ausbrécht? Dëst freet den Deputéierte Gusty Graas de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen.

Pressemitteilung Mittelstand Wirtschaft Marc Ruppert André Bauler

Dumping social

Pressecommuniqué: Den „dumping social“ ass eng Problematik, déi och zu Lëtzebuerg ëmmer méi opkënnt, dëst virun allem am Bau-, am Botz- an am Logistiksecteur. Et si virun allem Aarbechter, déi frësch an d’Land kommen, déi Affer vum sozialen Dumping kënne ginn. Et sinn dat Leit, déi dacks keng vun eise Sprooche schwätzen, och net genuch iwwer eis Gesetzer informéiert sinn a sou méi einfach hannert d’Liicht gefouert kënne ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Vill Verkéier an de klenge Stroossen zu Ierpeldeng/Sauer

Besonnesch an de Spëtzestonnen ass ganz vill Trafic am historesche Kär vun Ierpeldeng/Sauer, dat och well Ettelbréck den Autoen net meeschter gëtt. Den DP-Deputéierten André Bauler freet dowéinst beim zoustännege Minister no, ob een net den CR348 (Waarken-Buerschent) mam Kreesverkéier zu Ierpeldeng/Sauer verbanne kéint.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Gëtt et e Sécherheetsrisiko mat Plättercher?

Op ville Gare vun der Zuchstreck Péiteng-Stad gouf Plättercher vun de Mauere geholl? War do e Sécherheetsrisiko? Wa jo, firwat goufen der just e puer an net all erofgeholl? Dëst freet de Süd-Deputéierte Max Hahn den Nohaltegkeetsminister.

Parlamentarische Fragen Bildung Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Profils professionnels dans le secteur agricole et viticole

Tout comme dans bien d’autres branches de notre économie moderne marquée par le processus de la digitalisation, les profils professionnels changent également dans le secteur agricole et viticole au sens large du terme.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Gusty Graas

Nei Ofgasregelunge fir Auto'en an der EU

D'EU-Kommissioun schafft am Moment u neien Ofgasregelungen fir Auto'en, dat souwuel mat Bensin- wéi och mat Dieselmotoren. Wéi strikt déi nei Wäerter solle ginn, gëtt am Moment verhandelt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an dësem Zesummenhang bei den zoustännege Ministeren no, wat d'Positioun vu Lëtzebuerg an dësem Dossier ass.

Parlamentarische Fragen Arbeit André Bauler

E bessere Kader fir den Télétravail?

Den Télétravail, also d'Méiglechkeet hunn vun doheem aus ze schaffen, kënnt an der Aarbechtswelt ëmmer méi op. Wéi ass d'Situatioun de Moment zu Lëtzebuerg a wat gëtt gemaach fir den Télétravail ze vereinfachen? Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Aarbechtsminister no.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

En ënnerierdesche Passage fir Vëlosfuerer an der Entrée vun Iechternach?

Wann ee mam Vëlo um PC2 vum Kierchbierg op Iechternach fiert, muss een op der Héicht vun der « Lauterburerbaach » iwwert N11 fueren, e Manöver war net ongeféierlech si kann. Och Mountainbike-Fuerer a Wanderer an der Regioun mussen iwwert dës grouss Strooss. Dofir freet den DP-Deputéierte Gilles Baum beim zoustännege Minister no, op et net sënnvoll wier zu Lauterbur en ënnerierdesche Passage ze amenagéieren an esou all dëse Leit d'Liewe méi einfach ze maachen.

Parlamentarische Fragen Renten Gilles Baum

Och eng "Flexi-rente" bei eis am Land?

An Däitschland gouf elo eng sougenannten "Flexi-rente" agefouert, esou kann een als eeler Persoun seng Aarbechtszäit reduzéieren an dofir en Deel vu senger Pensioun an Usproch huelen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet no wat an dësem Kader zu Lëtzebuerg geplangt ass, dat och well de Koalitiounsaccord hei weider Effort'en virgesinn hat.

News Bildung Familie Finanzen Lydie Polfer Edy Mertens Claude Lamberty Anne Brasseur Lex Delles Joëlle Elvinger André Bauler Gilles Baum Simone Beissel Eugène Berger Max Hahn Alexander Krieps Gusty Graas

Däitlech méi...

D'DP huet déi lescht Joere vill geschafft an et freet den Fraktiounspresident Eugène Berger, datt vill wichteg Projeten elo och bei de Leit ukommen: „D'DP wëll däitlech méi fir all d‘Bierger vun eisem Land: Däitlech méi Kafkraaft fir d’Mëttelschichten duerch eng sozial gerecht Steierreform. Däitlech méi Zäit fir d‘Famill duerch e flexibelen a finanziell besser opgestallte Congé parental. Däitlech méi Qualitéit an der Kannerbetreiung an an der Schoul duerch eng individuell Fërderung vun all Kand.“

 deutsche Übersetzung
 traduction française
 English translation

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn

Videoiwwerwaachung bei Asätz vun den Rettungsdéngschter?

Den Ament dierf een zu Lëtzebuerg keng Videoiwwerwaachung bei Asätz vun den Rettungsdéngschter duerchféieren. Esou e System kéint awer hëllefen Ofleef ze verbesseren an och an der Formatioun vu Secouristen agesat ginn. Den Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, ob een dëst net misst änneren!

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En neie Belag fir d'Bréck Patton?

De Belag op der Bréck tëscht Ettelbréck an Ierpeldeng/Sauer ass e bëssi an d'Joren komm. Dofir freet den DP-Deputéierten André Bauler beim Minister no op Ponts et Chaussées net drun denken hei ze intervenéieren.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tiere Claude Lamberty Max Hahn

Enregistréieren vu gechippten Hënn a Kazen

Wéi steet et mam Enregistréieren vu gechippten Hënn a Kazen? Ass et um Veterinär dëst ze maachen oder um Proprietär? D’Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim Landwirtschaftsminister Fernand Etgen nogefrot!

Parlamentarische Fragen Arbeit André Bauler

Zuele vum „intellektuelle“ Chômage

Den André Bauler huet an enger parlamentarescher Ufro no de geneeën Zuele vum „intellektuelle“ Chômage, dat heescht vu Leit mat héijer Qualifikatioun, gefrot. Ausserdeem wëll hie wëssen, wat fir eng Formatioune besonnesch heivunner betraff sinn.