Sie sind hier

Dumping social

Pressemitteilung Mittelstand Wirtschaft Marc Ruppert André Bauler

Fir déi nämmlecht Aarbecht den nämmlechte Loun bezuelen!

Den „dumping social“ ass eng Problematik, déi och zu Lëtzebuerg ëmmer méi opkënnt, dëst virun allem am Bau-, am Botz- an am Logistiksecteur. Et si virun allem Aarbechter, déi frësch an d’Land kommen, déi Affer vum sozialen Dumping kënne ginn. Et sinn dat Leit, déi dacks keng vun eise Sprooche schwätzen, och net genuch iwwer eis Gesetzer informéiert sinn a sou méi einfach hannert d’Liicht gefouert kënne ginn.

Déi heefegste Forme vun „dumping social“ entstinn dann, wann Dispositioune vum Code du travail, respektiv wa Kollektivverträg net agehale ginn. Awer och am Beräich vum Détachement ginn et heefeg Mëssbräich. „Dofir begréisst d’Demokratesch Partei, datt mam Projet de loi 6989, deen de Moment an der Prozedur ass, eng ganz Rei Verbesserunge fir detachéiert Aarbechter op de Wee bruecht ginn“, seet den DP-Deputéierten André Bauler, dee virun allem d’Aféiere vun administrative Strofen an d’Méiglechkeet, datt d’ITM Chantiere wéinst Verstéiss géint d’Aarbechtsrecht zoumaache ka begréisst. D’DP ënnerstëtzt och eng séier Ëmsetzung vun der neier „Directive détachement“, déi als Haaptzil huet, d’Ausnotze vun detachéiertem Personal an Europa weider ze erschwéieren. Fir den André Bauler an de Marc Ruppert ass de Message kloer a richteg: „Fir déi nämmlecht Aarbecht muss och den nämmlechte Loun bezuelt ginn!

D’DP setzt sech och fir eng méi handlungsfäeg ITM an. „Mir brauche méi effikass Kontrollen. Dofir wëlle mir, datt d’Reform vun der ITM konsequent weidergefouert gëtt, a neit, spezifesch forméiert Personal rekrutéiert gëtt fir dëser komplexer Aufgab gerecht ze ginn“, fuerdert den André Bauler. „Doriwwer eraus drängt sech eng méi breet Zesummenaarbecht tëscht diverse Verwaltungen op, déi ënnerschiddlech Kompetenzen hunn : ITM, Douane Parquet, Police, Douane, Santé, Sécurité sociale, Buergermeeschteren. Nëmmen an enker Konzertatioun léisst sech de sozialen Dumping wierksam bekämpfen“, esou den André Bauler weider.

Bei ëffentlechen Ausschreiwunge sollen an Zukunft Entreprisen ecartéiert kënne ginn, wa si sech net un d’Sozial- an Aarbechtsrecht halen. De Marc Ruppert, Generalsekretär vun der DP proposéiert: „Et kéint een och nach e Schrëtt méi wäit goen, an eng Aart Regëster aféieren, wou réckfälleg Betriber, déi sech méi wéi eng Kéier net un d’Aarbechtsrecht gehalen hunn, fir eng bestëmmten Zäit vun ëffentlechen Ausschreiwungen ausgeschloss kënne ginn.

D’DP setzt sech fir eng strikt Chancëgläichheet op eisem nationale Marché an, déi souwuel den éierleche Lëtzebuerger Betriber wéi och de Salariéeën zegutt kënnt. „Mir akzeptéieren net, datt duerch eng regelméisseg Concurrence déloyale vu verschiddene Betriber, déi dacks vum Ausland aus agéieren, esouwuel d’Rechter vun eise Betriber, wéi och d’Rechter vu ville Salariéeën a Fro gestallt ginn“, esou de Marc Ruppert, Generalsekretär vun der DP. De Phänomen vum „dumping social“ am allgemengen an d’Schwaarzaarbecht am spezielle schueden och dem Steierzueler an engem erhiefleche Mooss.

AnhangGröße
PDF Icon 20161110_pm_dumping_social.pdf130.16 KB