Sie sind hier

News Außenpolitik Gusty Graas

Ambitiéis Ziler déi konkret mussen ëmgesat ginn

Déi international Communautéit huet sech mam Agenda 2030 ambitiéis Ziler an der Entwécklungspolitik ginn. Fir datt dës Realitéit ginn, mussen nach vill Efforte gemaach ginn. An der alljährlecher Cooperatiounsdebatt ass den Deputéierte Gusty Graas niewent dem lëtzebuergeschen Engagement och op déi grouss international Erausfuerderungen agaangen.

News Bildung Edy Mertens André Bauler

Klierfer Lycée: Méi Attraktiviéit fir de Norden

D’Gesetz iwwert de déi schoulesch Offer fir de zukünftege Klierfer Lycée « Edward Steichen » ass dës Woch eestëmmeg an der Chamber ugeholl ginn.

News Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum Gusty Graas

Wäibau: Méi Qualitéit, manner Quantitéit!

Am Kader vun enger Interpellatioun iwwert de Lëtzebuerger Wäibau hunn d’Deputéierte Gusty Graas a Gilles Baum sech Gedanke gemat iwwert d’Zukunft vum Lëtzebuerger Wäibau!

News Klimaschutz und Energie Max Hahn

Weltwäit Klimasolidaritéit: En Appell un d'USA!

Wéi geet et viru mam Paräisser Klimaaccord? Doriwwer hunn d'Deputéierten de leschten Dënschdeg an der Chamber debattéiert

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Claude Lamberty Max Hahn

INS: Op wéi eng Sécherheetsnorme bezitt sech de Minister?

Den DP-Deputéierte Claude Lamberty huet virun engem Mount beim Sportminister nogefrot, ob déi geplangte Sportshal um INS net kéint vergréissert ginn. Et wier genuch Plaz do a virun allen kéint d'Hal an deem Fall vu méi Sportaarte genotzt ginn. De Sportminister huet doropshi geäntwert, datt dëst ee Verletzungsrisiko fir d'Sportler géif mat sech bréngen an datt hien net gewëllt wier un de Zäitplang fréckelen ze goen. An dem Kontext, froen d'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn no, op wéi eng Standarden a Normen de Minister sech bezitt, ob déi fir all Hal gëllen a vu wiem déi géife kontrolléiert ginn. A wat heescht dat fir d'Strategie fir de nationale Sportsite INS?

News Außenpolitik Charles Goerens

Pressekonferenz vum Europadeputéierte Charles Goerens

Och 6 Méint nom Jo zum Brexit vum britesche Vollek, huet Groussbritannien nach ëmmer net hiren Austrëtt aus der EU an d'Weeër geluecht. 

News Tribune libre Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Staark Gemenge fir méi Liewensqualitéit

A senger Tribune libre geet de Max Hahn op déi wichteg Roll vun de Gemengen am Kader vun der Landesplanung an op d'Reform vun de Gemengefinanzen an.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler

En Dictionnaire fir Patienten?

Et besteet an eise Kliniken eng Demande fir d'Lëtzebuerger Sprooch méi ze gebrauchen. Dofir freet den DP-Deputéierten André Bauler bei der Gesondheetsministesch no, ob et net sënnvoll wier de Patienten en Dictionnaire mat deene geleefeste medezineschen Termen un d'Hand ze ginn.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Soziale Wunnengsraum

De 16. November hat de Logement-Ministère op eng Table Ronde zum Thema « Soziale Wunnengsbau an der Zukunft » invitéiert. D'Iddi ass opkomm, fir aus deene sëlleche Waardelëschten am "logemengt social" eng eenzeg ze maachen, esou dass een e besserer Iwwerbléck iwwert d'Situatioun kritt. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim Logementsminister Marc Hansen nogefrot.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Eugène Berger

Haasscommentairen op Facebook

Facebook steet am Moment an der Kritik, well sougenannten Haasscommentairen net geläscht gi sinn. An deem Kontext wëll den Eugène Berger vum Justizminister wëssen, wou d'Efforten drun sinn, fir géint Haassdiscoursen virzegoen an ob och hei am Land eng Enquête misst opgemaach ginn.

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Débat d'orientation iwwert de Findel

Haut de Mëtten huet den DP-Deputéierte Gusty Graas zu eisem internationale Fluchhafen um Findel geschwat. Hien ass dobäi besonnesch op seng Potenzialer agaangen, déi et nach auszebaue gëlt.

News Außenpolitik Anne Brasseur

Veruerteelen ouni d’Brécken ofzebriechen

D’Lag an der Tierkei ass alarmant. Nom versichte Putsch, mee och scho virdrun, sinn d’Regele vum Rechtsstaat net méi respektéiert an déi individuell Fräiheeten ausgeklamert ginn. An deem Kontext huet en Mëttwoch d’Chamber eng Resolutioun ugeholl, déi d’tierkesch Republik opfuerdert um Wee vun der Demokratie ze bleiwen.

News Kultur André Bauler

Konventioun vu Valetta

D’Chamber ratifizéiert d’Konventioun vu Valetta iwwert den archeologesche Patrimoine, dat no bal 25 Joer!

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Max Hahn Alexander Krieps

Asbest richteg entsuergen

Ier et déi Gipsen-Placke gouf, si vill Mauere vun Haiser mat engem Asbest-mix gebaut ginn. Dës Substanz kann awer ganz geféierlech ginn, wann se am Kontakt mat der Loft steet, dat zum Beispill wann des Maueren ufänke mat bréckelen. DP-Deputéierte Max Hahn a Lex Krieps froen dofir bei den zoustännege Ministeren no, op et net néideg wier de Leit bei enger Renovatioun vun esou Maueren entgéint ze kommen.

News Bildung Lex Delles

Weiderbildung fir Enseignanten

De Mëtten huet den DP-Deputéierte Lex Delles de Rapport zu engem Gesetzesprojet virgedroen, deen sech mat der Formation Continue vun den Enseignanten aus dem Fondamental beschäftegt.