Sie sind hier

News Zu Gast im Land Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Lëtzebuergesch schreiwen, weess de wéi?

D’Lëtzebuerger Sprooch ass voll am Trend. Enger rezenter Etude vum Statec no, schwätze ronn 70,5% vun de Residenten regelméisseg Lëtzebuergesch. Och den allgemengen Interessi un eiser Sprooch wiisst. Dat beweisen déi vill Aschreiwungen a Lëtzebuergesch Sproochecourse an déi vill Debaten, déi an der leschter Zäit iwwert a ronderëm eis Sprooch gefouert goufen.

News Tribune libre Gesellschaft Claude Lamberty

Leeschtung lount sech mam neie Revis!

Sozial Inclusioun steet am Mëttelpunkt vun der Reform vum RMG; d’Leit ginn do ofgeholl wou se stinn a kréien déi Hëllef déi se konkret brauche fir sech an eiser Gesellschaft erëmzefannen.

De DP-Deputéierte Claude Lamberty stellt a senger Tribune Libre d'Ännerunge vir.

Bildung Claude Meisch

Eng modern a méi kandgerecht Schoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch organiséiert an deenen nächste Wochen eng Réi Informatiounsversammlunge fir iwwert d’Verbesserunge an der Grondschoul ze schwätzen. Kommt an diskutéiert mat !

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Nom dréchenen Hierscht: Wéi steet et ëm eis Waasserreserven?

Den Hierscht war däitlech méi dréche wéi dat normalerweis fir eist Land de Fall ass. Dofir freet den DP-Deputéierten André Bauler bei der Ëmweltministesch no wéi et em d'Pegelstänn vun de Flëss a vum Stauséi steet, an op et net sënnvoll wier d'Leit méi fir dës Thematik ze sensibiliséieren.

Parlamentarische Fragen Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Schoulesch Infrastrukturen um Geesseknäppchen

Wat geschitt mam provisoresche Gebai um Geesseknäppchen?
Nodeems d'Schüler aus dem Kolléisch erëm an hiert renovéiert Gebai zréck geplënnert sinn, steet dat provisorescht Gebai den Ament eidel. Déi zwee DP-Deputéiert Claude Lamberty a Lex Delles froe dofir bei den zoustännege Ministeren no, wat mat deem Gebai elo geplangt ass an ob och schonn aner Aarbechten um Geesseknäppche geplangt sinn.

News Landesplanung und Wohnen Marc Hansen

Wunnen zu Lëtzebuerg

De Logementsminister Marc Hansen um Tour fir mat iech an d'Diskussioun ze kommen

News Justiz und Sicherheit Max Hahn

Interpellatioun zur Sécherheet zu Lëtzebuerg

Gëschter hunn d'Deputéierten an der Chamber iwwert d'Sécherheet hei am Land geschwat. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet drop verwisen, dass et wichteg ass, de Suerge vun de Leit Rechnung ze droen.

News Klimaschutz und Energie Max Hahn Marc Hansen Pierre Gramegna

Klimabank

D'Konventioun mat de Banken ass ënnerschriwwen

Parlamentarische Fragen Tourismus Lex Delles

E Restaurant an der Roseraie zu Munneref?

An der neier Roseraie am Munnerefer Park steet elo schonn zënter enger gudder Zäit de Restaurant eidel. Den DP-Deputéierte Lex Delles freet no, wat mat dësem Gebai gemaach gëtt an op een dëst net fir den Tourismus an der Regioun notze kéint.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Vill Leit sinn mat engem "Text neck" geplot

Leit déi ze laang op den Handy kucken an sech dobäi nach schlecht halen, kréien op Dauer oft Réckwéi a Tortekollien. Experte schwätzen dofir och mëttlerweil vum sougenannten "Text neck". Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an dem Kontext bei der zoustänneger Ministesch no, wéi et zu Lëtzebuerg ausgesäit an, ob och scho Kanner a Jugendlech domat geplot sinn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Nei Nomenclature bei den Infirmiers libéraux

D'DP-Vertrieder aus der Gesondheetskommissioun, Edy Mertens, Alexander Krieps a Gusty Graas, froe beim zoustännege Minister no, wat et mat der neier Nomenclature fir déi fräischaffend Infirmieren op sech huet.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Lycée E. Steichen: Wou sinn d'Aarbechten drun?

Den neie Lycée E.Steichen soll fir d'Rentrée 2018/2019 seng Dieren zu Cliärref opmaachen. A senger Question parlementaire freet den DP-Deputéierten André Bauler bei den zoustännege Ministeren no, wou genau d'Aarbechten um Chantier drun sinn an ob mëttelfristeg och een Internat um Site geplangt wier?

News Familie Claude Lamberty Corinne Cahen

Aus dem RMG gëtt de REVIS

De Méindeg huet d’Familljeministesch Corinne Cahen der zoustänneger Chamberskommissioun an der Presse de Projet iwwert de Revenu d’Inclusion Sociale virgestallt. Dëse soll an Zukunft den RMG ersetzen.

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

Gendenktourismus zu Lëtzebuerg

Wéi gesäit et mam Gendenktourismus (legacy tourismus) zu Lëtzebuerg aus? Ginn et do Formullen? Gëtt deen zu Lëtzebuerg speziell vermaart? Den DP-Deputéierten AndréBauler huet beim Ekonomiesminister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Familie André Bauler

Wéi vill Leit kréien eng Mammerent?

A senger parlamentarescher Ufro freet den DP-Deputéierten André Bauler no Zuelen iwwer d'Mammerent. Hie freet och no, ob de Minister gewëllt ass d'Leit besser iwwert d'Modalitéite vun der Mammerent z'informéieren.