Sie sind hier
Eng modern a méi kandgerecht Schoul
Den Educatiounsminister Claude Meisch invitéiert an deenen nächste Wochen op 8 Informatiounsversammlungen iwwer a ronderëm d'Modernisatioun vun der Grondschoul. Ënnert dem Motto "Eng modern a méi kandgerecht Grondschoul" kann een sech ënnert anerem iwwert déi nei regional Organisatioun, dat modernt Léiermaterial an déi verbessert Zesummenaarbecht mat den Elteren informéieren.
Déi genau Datumen fannt Dir hei
- 19.01.2017 um 19:30 Auer am Lycée Bel-Val (100, avenue du Blues L-4368 BELVAUX)
- 24.01.2017 um 19:30 Auer am Centre Culturel Tramsschapp (49, rue Ermesinde L-1469 LUXEMBOURG)
- 26.01.2017 um 19:30 Auer am Atert-Lycée (1, rue du Lycée L-8508 REDANGE)
- 31.01.2017 um 19:30 Auer am Lycée du Nord (19, rue Général Patton L-9551 WILTZ)
- 02.02.2017 um 19:30 Auer am Maacher Lycée (18, rue de Muenschecker L-6760 GREVENMACHER)
- 07.02.2017 um 19:30 Auer am Lycée classique de Diekirch (32, avenue de la Gare L-9233 DIEKIRCH)
- 09.02.2017 um 19:30 Auer am Lycée Nic-Biever (28, rue du Parc L-3542 DUDELANGE)
- 13.02.2017 um 19:30 Auer am Aale Stadhaus (38, avenue Charlotte L-4530 DIFFERDANGE)
Anhang | Größe |
---|---|
MENJE_soirées.pdf | 6.06 MB |