Sie sind hier

News Corinne Cahen

Hallefzäitbilanz mat der Ministerin an DP-Parteipresidentin Corinne Cahen

Fir déi éischte Kéier ass d’DP-Politikerin Corinne Cahen 2013 mat an d’Chamberswahle gaangen, mee dat si gläich Ministerin sollt ginn hat si sech net virgestallt. ‘‘Wat mech motivéiert ass et an der Regierung d’Zukunft vum Land matgestalten an Ännerungen erbäiféieren’’, esou déi politesch Senkrechtstarterin. Am Interview mam Luxemburger Wort huet si no 3 Joer Bilan gezunn, an ass dobäi och op d’Neiausriichtunge vun der Familljepolitik agaangen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tourismus André Bauler

Agritourismus zu Lëtzebuerg?

Kann een zu Lëtzebuerg och Vakanz um Bauerenhaff maachen? Wéi vill där Betriber ginn et? Gëtt et e Label fir se ze erkennen? Dës Froe stellt den Nord-Deputéierten André Bauler dem Agrarminister an dem Tourismusminister.

News Claude Meisch

Fir mech war et kloer: Mir brauchen ënnerschiddlech Schoulen fir ënnerschiddlech Schüler!

D'lescht Woch stoung den Educatiounsminister Claude Meisch dem Wort Ried an Äntwert. Am Interview gouf ënner anerem een éischte Bilan gezunn an de Minister huet erkläert wéi hien sech d'Schoule vu muer virstellt.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tourismus André Bauler

Trëppelweeër net ëmmer a Stand gehalen?

CFL proposéiert jo eng ganz Rei Trëppelweeër uechter ganz Land déi einfach mam Zuch ze erreeche sinn. Am Norde ginn et awer verschidde Weeër déi net gutt ënnerhale sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim zoustännege Minister no.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Gusty Graas

Ginn bei der Police Maschinnegewierer agezunn?

D'Presse schreift haut dervunner, dass verschidden Unitéiten hier Maschinnegewierer (vum Typ MP5A3) zréckgi missten, ier se dann erëm an der Police nei verdeelt ginn. Verschidden Unitéite missten dann ouni des prezis Waff auskommen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Sécherheetsminister no wat un dësen Informatiounen drun ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Vill schwanger Frae maachen en NIFTY-Test

Verschiddener kënnen sech deen awer leider net leeschten. Firwat gëtt deen Test net vun der Krankekeess rembourséiert? Dëst froen d'DP-Deputéiert Alexander Krieps an Edy Mertens déi zoustänneg Ministeren.

Parlamentarische Fragen Bildung Gilles Baum

Statistiken zum Lënster Lycée

Nodeems opgrond vun objektive Critèrë verschidde Klassen am Lënster Lycée fir dat kommend Joer net méi ugebuede kënne ginn, freet den DP-Deputéierte Gilles Baum beim Educatiounsminister Claude Meisch no weidere Statistiken: wéi vill Schüler sinn am leschte Joer bäikomm, wéi eng Klasse ginn ab September ugebueden...

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Wéi eng Fluchrechter fir wéi eng Gesellschaften?

Am Dossier Cargolux si jo an der Vergaangenheet verschidden Aktien zesumme mat Fluchrechter verkaaft ginn. Dëst huet DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas derzou beweegt beim zoustännege Minister nozefroe, wéi esou Fluchrechter verhandelt ginn a wéi eng Rechter fir eis Fluchgesellschaften negociéiert goufen.

Parlamentarische Fragen Tourismus Claude Lamberty Max Hahn

Wéi ass Airbnb hei am Land gereegelt?

Och hei am Land ginn et ewell 200 Wunneng déi vun eng Persoun un eng aner Privatpersoun verloune ginn, sief dat fir e puer Deeg oder e puer Wochen. Airbnb ass eng Internetplattform, déi esou Transaktiounen erméiglecht, eng kloer Reegelung vun dëser innovativer Form vum Verloune gëtt et awer net wierklech. DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen dofir beim zoustännege Minister no op et net richteg wier eis Legislatioun op dësem Punkt unzepassen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens André Bauler

Medezinesch Versuergung a ländleche Regiounen

D'DP-Deputéiert André Bauler an Edy Mertens weisen sech besuergt iwwer d'medezinesch Versuergung vun Noutfallpatienten a ländleche Regioune vum Land, besonnesch nuets wann de SAMU jo bekanntlech net kann op de Rettungshelikopter zréckgräifen. Am Kontext vun der geplangter Reform vun de Rettungsdéngschter, hunn déi zwee Deputéiert eng Réi Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.

Parlamentarische Fragen Bildung Gilles Baum

Track 2: vum Chargé zum Enseignant

De Projet "Track 2" ass eng Méiglechkeet an där Chargée'en d'Méiglechkeet hunn d'Funktioun vum Enseignant anhuelen ze kënnen, dat ënnert veschiddene Konditiounen an nodeems si en Test hannert sech bruecht hunn. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet beim Educatiounsminister Meisch no, wéi et dëse Summer bei dësen Tester ausgaangen ass.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler Gusty Graas

Emblèmë vum Grand-Duché am neie Logo vun der Police?

Nodeems ugekënnegt gouf, dass d'Police eng nei visuell Identitéit kréie sollt, stellt sech d'Fro op des och erëm wéi bis elo vun den Emblèmë vum Grand-Duché Gebrauch mécht. DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas froe beim zoustännege Minister no, a weisen drop hin, dass den aktuelle Police-logo net konform zu de sougenannten "Petites Armoiries" ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et weider mam Contournement vun Housen?

Et ass gewosst, dass ganz vill Trafic duerch den Zentrum vun Housen fiert. Den DP-Deputéierten André Bauler wëll dofir vum zoustännege Minister François Bausch wëssen, ob et Analyse ginn, déi festhale wéi héich d’CO2-Emissiounen an d’Entwécklung vu Feinpartikelen zu Housen ass a wou d'Planunge fir de Contournement dru sinn. 

News Marc Hansen

Logement a Landesplanung: déi verfügbar Quadratmeter optimal notze

Ufanks August huet de Wunnengsbauminister Marc Hansen sech mat dem Wort ënnerhalen, an huet dobäi op déi éischt Halschent vun der Legislatur zeréckgekuckt. Hien huet awer och e Bléck no vir geworf andeems hien op verschidde Projet'en am Logement agaangen ass: de Baulückeprogramm fir den Duerfkär ze beliewen, d'Weiderféiere vum „pacte logement“, de Rôle vun de Gemengen a vun den ëffentlech Acteuren, an d'Klimabank, déi energetesch Sanéierungen erlaabt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Bussen déi ze spéit oder guer net kommen

Op der Buslinn 215 (Kirchberg - Luxembourg - Bascharage) kënnt et nawell dacks fir, dass Busser a Verspéidung sinn oder ganz ausfalen. Dëst ass an de sozialen Netzwierker och scho vill kommentéiert ginn. Sollten op dëser Streck net einfach méi Busspure geschaafe ginn, oder kéint den Terminus vum Kierchbierg op den Hamilius virgezunne ginn? Froen, déi den DP-Deputéierte Max Hahn un den zoustännege Minister gestallt huet.