Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Finanzen Eugène Berger

Stock-options: Ginn et mëttlerweil genee Zuelen?

A senger rezenter parlementarescher Ufro un den Finanzminister, freet den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger no engem Bilan iwwer déi sougenannt "Stock-options". Den Deputéierte freet ënner anerem och no, ob de Finanzminister, opgrond vun de Conlclusioune, weider Ajustementer vun deem Steierrégime virhuelen wëllt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Ginn et Enkpäss bei der Hepatite-A Impfung?

Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, datt et anscheinend Enkpäss beim Hepatite-A Impfstoff ginn. Vill Apdikten hätten d'Impfung an der Vakanzenzäit net méi op Stock. An hirer parlamentarescher Ufro froen si no Informatioune bei der Gesondheetsministesch.

News Tourismus André Bauler

5-Joresplang: Héich Investitiounen an den Tourismussecteur

Haut gouf an der Chamber de 5-Joresplang gestëmmt, deen héich Investissementer an den Tourismussecteur erméiglecht.

News Mobilität und Verkehr Max Hahn

De Käerjenger Contournement gëtt Realitéit

Um Krautmaart gouf den Dënschden d'Gesetz fir de Käerjenger Contournement gestëmmt. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dëst begréisst, gläichzäiteg awer och ënnerstrach, dass een ouni den Dippecher Contournement d'Verkéiersproblematik net léisen géif, mee just vun enger Gemeng an déi aner verréckelen.

News Justiz und Sicherheit Gusty Graas

D’Kasär um Härebierg gëtt renovéiert an ausgebaut

D’Deputéiert hunn den Dënschden an der Chamber gréng Luucht fir d’Renovatioun an den Ausbau vun de Gebailechkeete vun der Arméi um Härebierg ginn.

News Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Méi flexibel Aarbechtszäiten an der Fonction Publique

Duerch d’Aféierung vun engem Zäitspuerkonto kann an Zukunft all Beamten oder Employé beim Staat Stonne sammele, fir sech eng länger Periode fräi ze huelen, respektiv fir éischter an d’Pensioun ze goen. Dat deementspriechend Gesetz ass den Dënschden an der Chamber ugeholl ginn.

News Finanzen André Bauler Pierre Gramegna

Pressekonferenz zur Standuertpolitik: Permanent innovéieren, nohalteg Nische fannen, Standuert kohärent diversifiéieren

De Finanzminister Pierre Gramegna an den DP-Deputéierten André Bauler hunn den Dënschdeg eng PK iwwert de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg ginn… iwwer seng Ausriichtung, seng Diversifizéierung a seng Perspektiven.

News Mobilität und Verkehr Claude Lamberty

Gréng Luucht fir de Pôle d’échange um Houwald

D’Chamber huet den Accord ginn fir déi drëtt Etapp vum Reamenagement vum Houwald. De Projet gesäit den Ausbau vum P&R an d’Konstruktioun vun engem neie Pôle d’échange vir.

News Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Gréng Luucht fir d'Finanzéierung vum Südspidol

D'Finanzéierungsgesetz vum Südspidol ass en Donneschdeg unanime an der Chamber ugeholl ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet vun engem gudden Dag fir d'Spidolswiesen am Süde vum Land geschwat.

News Gesundheit und Pflege Max Hahn

En neit Fleegeheem zu Déifferdeng

D‘Fleegeheem zu Déifferdeng kënnt an en neit Gebai. De Gesetzprojet gouf e Mëttwoch eestëmmeg an der Chamber ugeholl.

News Arbeit Gesellschaft Claude Lamberty Gilles Baum

REVIS gestëmmt: Däitlech Verbesserung vun der Ënnerstëtzung.

En Dënschdeg gouf an der Chamber de REVIS gestëmmt. De Revenu d’inclusion sociale wäert an Zukunft den RMG ersetzen. Esou ginn d’Konditioune geschafen, fir datt déi betraffe Leit hiert Liewen nees kënne selwer meeschteren.

News Kultur Guy Arendt André Bauler

Lëtzebuerg kritt en Archivgesetz

Um Krautmaart gouf en Dënschdeg dat neit Archivgesetz ugeholl, dat déi legal Basis fir den Ëmgang an d’Konservatioun vun historesch wichtegen Dokumenter leet.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesundheit und Pflege Edy Mertens André Bauler Alexander Krieps

Wéi kann een der Pénurie un Infirmieren entgéintwierken?

D'DP Deputéiert André Bauler, Edy Mertens an Alexander Krieps maachen sech vill Gedanken iwwer d'Zukunft vun de Gesondheetsberuffer hei am Land. Et géif scho méi laang eng chronesch Penurie bestoen. An hirer parlamentarescher Fro froen d'Deputéiert dofir ënnert anerem wéi ee kann de Beruff vun den Infirmiere méi attraktiv gestalten an ob et net sënnvoll wier fir eng Sensibiliséierungscampagne an deem Sënn ze lancéieren.

News Mittelstand Joëlle Elvinger

Gudden Dag fir d’PMEen, fir déi Selbststänneg a fir déi liberal Beruffer

Dës Woch goufen an der Chamber 2 Gesetzprojete gestëmmt, déi sech wäerte positiv op d’PMEen auswierken, ma och op déi Leit, déi selbstänneg sinn oder déi e liberale Beruff hunn.

News Bildung Gilles Baum

National Elterevertriedung a Mini-Crèchen

An der Chamber stoungen en Donneschdeg 2 Gesetzprojeten aus dem Educatiounsministère um Ordre du jour. Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet déi zwee Projeten um Krautmaart virgestallt.