Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wat gëtt géint invasiv Planzenaarten zu Lëtzebuerg ënnerholl?

D’„Renouée du Japon“, och nach „Japanischer Staudenknöterich“ oder „fallopia japonica“ genannt, gehéiert zu den invasive Planzenaarten, déi dacks en negativen Impakt op déi einheimesch Flora hunn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet a senger parlamentarescher Fro Präzisiounen zu ë.a. dëser Planz an hirer Verbreedung zu Lëtzebuerg vun der Ëmweltministesch gefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Evolutioun vum Trafic ronderëm d'Nordstad

Wéi huet sech den Trafic an a ronderëm der Nordstad an de leschte Joren entwéckelt? Well et wichteg ass, rezent Zuelen ze hunn fir kënnen de Verkéier an der Regioun effikass ze geréieren, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, ob viru kuerzem eng Zielung gemaach ginn ass a, wa jo, wat d'Resultat dovunner war.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler

Wat geschitt mam Terrain vun der SNCT zu Kiischpelt?

Well d'Kontrollstatioun zu Kiischpelt soll zou gemaach ginn, an op zwou aner Plazen, op Maarnech an op de Fridhaff, komme soll, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum zoustännege Minister wëssen, wat mat dem Terrain zu Kiischpelt geschéie soll. De Site kéint jo ënnert anerem genotzt ginn, fir Sozialwunnengen ze bauen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi kommen d'Aarbechten op der Gare zu Ettelbréck virun?

A senger parlamentarescher Fro un de Bauteminister François Bausch wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, wéi eng Aarbechte genee am Moment op der Ettelbrécker Gare gemaach ginn a wéi dës viru kommen.

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler

Froen zum SICEC

Well net alleguer d'Gemengen am Land Member am SICEC, dem Syndikat deen de Crematoire geréiert, sinn, mussen d'Bierger aus de betraffene Gemenge méi deier fir eng Anäscherung bezuelen. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt an deem Kader vum zoustännege Minister wëssen, wéi eng Gemenge betraff sinn a wéi héich déi zousätzlech Käschte fir d'Bierger leien.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Verkéierssécherheet op der N23

Well et ëmmer erëm, a besonnesch an der Lescht, zu schwéieren Accidenter op der N23 tëscht Maartel a Kimm kënnt, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum zoustännege Minister wëssen, wat hie wëlles huet dogéint ze ënnerhuelen.

News Chamberwalen

Merci fir dat Mega-Resultat!

E grousse Merci un Iech alleguerten.

Fir Äre Support, Ärt Vertrauen an Äre mega Asaz. 

X.B. & C.C.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Keng Direkt-Zich méi tëschent Lëtzebuerg a Bréissel?

Dem DP-Deputéierte Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt keng Direkt-Zich méi tëscht Lëtzebuerg a Bréissel méi kéinte fueren. De Grond wieren déi rezent Infrastrukturaarbechten op eise Schinnen, déi net méi kompatibel mat eise belsche Noperen wieren.

News Chamberwalen Arbeit Finanzen Steuern Wirtschaft Corinne Cahen Pierre Gramegna

Mëttelstand stäerken, Bierger gerecht entlaaschten

D'Demokratesch Partei huet haut de Moien déi fënneft a lescht Sail vun hirem Walprogramm virgestallt. D'Pressekonferenz iwwert d'Thema "Wirtschaft&Finanzen" gouf gehale vun der Familljeministesch a Parteipresidentin Corinne Cahen a vum Finanzminister Pierre .

News Chamberwalen Arbeit Familie Renten Corinne Cahen Gilles Baum

Aarbecht a Liewen

All Fra a Mann soll kënne berufflech Carrière maachen a gläichzäiteg genuch Zäit fir d’Famill an d’Fräizäit hunn.

Pressekonferenz vun der Familljeministesch a Parteipresidentin Corinne Cahen a vum President vun der respektiver Chamberkommissioun Gilles Baum iwwert d’Thema „Aarbecht a Liewen“.

News Chamberwalen Bildung Claude Meisch Claude Lamberty Lex Delles

Kanner & Zukunftschancen

Eng Villfalt an der Bildung geschaf, déi den Talenter an Interessie vun de Kanner a Jugendleche gerecht gëtt.

Pressekonferenz haut vum Bildungsminister Claude Meisch a vum President vun der respektiver Chamberkommissioun Lex Delles iwwert d’Thema „Kanner&Zukunftschancen“, dat a Präsenz vum DP-Generalsekretär Lamberty Claude.

Parlamentarische Fragen Finanzen Eugène Berger

Wéi hunn sech d'Staatsfinanzen am éischte Semester entwéckelt?

Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger freet a senger rezenter parlamentarescher Ufro wéi sech d'Staatsfinanzen am éischte Semester entwéckelt hunn.

News Chamberwalen Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Marc Hansen

Mobilitéit & Infrastrukturen

D’Leit méiglechst séier a komfortabel vun A op B bréngen!

Parlamentarische Fragen Finanzen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Gutt Jore mat schlechte kompenséieren?

D’Akommes vun de Baueren a Wënzer variéiert oft staark vu Joer zu Joer. Dofir hat d’Regierung mat der Steierreform Adaptatioune gemaach fir datt d’Baueren an d’Wënzer méi einfach kënne gutt Jore mat schlechte Jore kompenséieren.

Well vill Betriber 2018 verschidde Primme aus deene leschte Joren an enger Kéier wäerten ausbezuelt kréien an doduercher an deem Steierjoer e vill méi héije Revenu wäerten hunn, froen d’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Grass beim Finanzminister Pierre Gramegna no, wéi d’Baueren dës exzeptionell Revenue mat anere Joren optimal versteiere kënnen an ob se dës op méi Jore kënnen echelonnéieren.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Verbesserunge vun den Aarbechtsbedéngunge bei de Buschaufferen am Privatsecteur

Nodeems am Kader vun de Verhandlungen ëm de Kollektivvertrag vun de Buschaufferen am Privatsecteur zejoert festgehal gouf, dass eng Rei Verbesserungen vun den Aarbechtsbedéngungen un d'Verabschide vun engem Règlement grand-ducal duerch den zoustännege Minister geknäppt gëtt, huet den DP-Deputéierten nogefrot, firwat dëst Reglement nach ëmmer net do ass.