Sie sind hier

News Chamberwalen Gesellschaft Kultur Claude Meisch Claude Lamberty

Identitéit & Kultur

Sech senge Wuerzele bewosst sinn a preparéiert sinn, fir d’Chancë vun der Zukunft ze notzen.

Parlamentarische Fragen Verfassung, Institutionen und Demokratie Claude Lamberty Eugène Berger Max Hahn

No dem rezente Virfall: Ass eng Adaptatioun vum Walgesetz neideg?

An der Presse war dëser Deeg ze liesen, datt eng Rëtsch Leit op enger Kandidatelëscht gelant ze sinn, ouni awer hiren Accord dofir ginn ze hunn. Laut den Aussoe vun de betraffene Leit wieren si Affer vun "Manipulatiounen" gewiescht. An hirer urgenter parlamentarescher Ufro froen d'DP-Deputéiert Claude Lamberty, Max Hahn an Eugène Berger no, ob een d'Walgesetz net misst adaptéiere fir den Affer vun esou grave Virfäll, no dem Arrêtéiere vun de Lëschte, nach eng Méiglechkeet ze ginn sech zeréckzezéien.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Aarbechtskonditioune vum CFL-Personal am Summer

Uschléissend un hir rezent parlamentaresch Fro zu den net-klimatiséierten Zich am Héichsummer, ass den DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn zu Ouere komm, dass och d’Personal, besonnesch d’Lokführer an hirer Kabinn, an deenen alen Zich dacks ouni Klimaanlag an a ganz héijen Temperature musse schaffen. Opgrond vun den domadder verbonnene Gesondheets- a Sécherheetsrisiken, hu si beim betraffene Minister nogefrot, ob et säitens dem Personal ewell Reklamatioune an deem Kader gouf, an ob konkret Mesure virgesi sinn, fir déi net-klimatiséiert Lokführerkabinne an Zukunft mat enger Klimaanlag z'equipéieren.

Parlamentarische Fragen Tiere Claude Lamberty Max Hahn

Zentraliséiert Plattform fir vermëssten Déieren?

D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen den zoustännege Minister an hirer rezenter parlamentarescher Ufro ob et net opportun wier eng offiziell online Plattform a d'Liewen ze ruffen, déi all Informatioune vun diversen Annoncë betreffend vermëssten Hausdéier regroupéiert, fir soumat Chancen ze erhéijen déi vermëssten Déier ze fannen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Net-klimatiséiert Zich am Héichsummer ?

Wärend dem Héichsummer klammen Temperaturen an den Zich reegelméisseg iwwer 30° C. Dëst ass fir Passagéier net immens confortabel a kann zudeem negativ Auswierkungen op d'Gesondheet hunn. A hirer parlamentarescher Ufro froen d'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn dofir engersäits wéi vill Zich de Moment mat enger Klimaanlag equipéiert sinn an anerersäits op wéienge Linnen déi net-klimatiséiert Zich agesat ginn. Déi zwee Deputéiert froen och ob et net opportun wier, déi net-klimatiséiert Zich mat enger provisorescher Klimaanlag z’equipéieren.

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler

Nordstad: Wéi geet et mat den Gemengefusiounen virun?

An der Presse war dëser Deeg ze liesen, datt verschidden Nordstad-Gemenge wéilten eng Fusioun ustriewen. D'Gemengen Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng un der Sauer hätten esouguer schonn éischt Fusiounsgespréicher gefouert. A senger parlamentarescher Ufro, freet den DP-Deputéierten André Bauer ënnert anerem ob de Minister dat kéint confirméieren an ob och d'Gemeng Colmer-Bierg aus dem Walbezierk Zentrum theoretesch kéint mat enger Nordstadgemeng fusionéieren.

News Bildung Claude Meisch

Bilan-Pressekonferenz vum Bildungsminister Claude Meisch

De Bildungsminister Claude Meisch huet gëschter op eng Bilan-Pressekonferenz invitéiert. Et wier vill ugepaakt a geschafft gi fir aus eise Klengsten an Zukunft staarkt Kanner ze maachen. Wat genee domat gemengt ass, gesitt Dir an dësem flotte Video vum Bildungsministère.

News Justiz und Sicherheit Medien und ICT Eugène Berger

Eugène Berger: "De Schutz vun de perséinlechen Daten ass e fundamentaalt Recht"

An der Chamber ass en Donneschdeg eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, déi konkreten Dateschutz an enger globaliséierter, digitaler Welt bitt, fir déi perséinlech Date vun de Bierger ze garantéieren.

News Gesellschaft Corinne Cahen Gilles Baum

Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch

En Dënschdeg ass um Krautmaart déi däitsch Gebäerdesprooch offiziell zu Lëtzebuerg  unerkannt ginn. Dat Gesetz ass e grousse Schrack fir d’Gläichbehandlung an d’Integratioun vun den héiergeschiedegten an de gehörlose Leit an eiser Gesellschaft.

News Arbeit Bildung Familie Finanzen Gesellschaft Haushalt Wirtschaft Eugène Berger

D’Gesellschaft an d’Politik sinn erëm am Takt!

"Dës Regierung mam Premier Xavier Bettel huet Lëtzebuerg aus dem politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftleche Stëllstand erausgefouert", dat sot den Eugène Berger e Méindeg op der Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun.

News Arbeit André Bauler

78-Woche-Reegelung: Et geet ëm individuell Schicksaler

Fir d’DP ass d’Erhéijung vun der Period vun der Lohnfortzahlung vun 52 op 78 Wochen d’Äntwert op verschidden Eenzelschicksaler.

News Gesellschaft Justiz und Sicherheit Eugène Berger

D'Geschlecht an de Numm méi séier an onkomplizéiert am Etat civil änneren

An Zukunft kënnen trans- an intersexuell Matbierger op eng méi séier an onkomplizéiert Prozedur zréckgräife fir hiert Geschlecht an hiren Numm am Etat civil ze änneren. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger huet dës administrativ Vereinfachung um Krautmaart ausdrécklech begréisst.

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Ausbau vun de Gare vu Rodange, Miersch a Waasserbëlleg

D‘Mobilitéit stoung e Mëttwoch op en neits um Ordre du jour an der Chamber. Déi Kéier goung et ëm den Ausbau vun den dräi Zuchgare vu Rodange, Miersch a Waasserbëlleg.

News Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Neit Fleegeheem zu Käerjeng

Nom Vott iwwer d’Fleegeheem zu Déifferdeng virun zwou Wochen, huet d’Chamber e Mëttwoch gréng Luucht fir de Bau vun enger neier Maison de soins zu Käerjeng ginn.

News Finanzen André Bauler Pierre Gramegna

Chamber: Aktualitéitsstonn iwwer de Brexit

Den Dënschdeg de Mëtteg gouf an der Chamber nach eng Kéier de Point gemaach: Wéi wäit huet Lëtzebuerg bis elo kënne vum Brexit profitéieren, wéi en Afloss hunn déi rezent Evenementer a Groussbritannien op dee Brexit a wéi geet et allgemeng an deem Dossier virun?