Sie sind hier

News Kultur Guy Arendt Xavier Bettel

Méi Participatioun an e besseren Dialog tëscht der Kulturszen an dem Ministère

Eist Land soll houfreg sinn op esou eng räich an diversifizéiert Kulturlandschaft. Et gëllt elo no dëser éischter Editioun vun de Kulturassisen den Zesummenhalt vun der Politik an der Kulturszen ze verstäerken“, sou de Minister fir Kultur Xavier Bettel de leschte Weekend op den Assises culturelles 2016.

News Bildung Claude Lamberty Simone Beissel

Studiebäihëllefen: D’Bourse de mobilité an d’Bourse sociale ginn erhéicht!

No der Reform vun 2014 goufen elo verschidde Boursen erhéicht an d’Studiebäihëllefe ginn och ab 2017 indexéiert.

News Mobilität und Verkehr Claude Lamberty

Eng nei Entréesdier aus dem Süden an d’Stad

Den Deputéierten Claude Lamberty huet gëschter zum engem groussen a bedeitende Projet geschwat, andeem ët ëm déi éischt Phase vum Neibau vun der N3 tëscht der Stater Gare a Bouneweg geet.

News Außenpolitik Eugène Berger Xavier Bettel

Brexit: „Europa steet viru groussen Erausfuerderungen“

Den 23. Juni huet d’britesch Vollek decidéiert: Groussbritannien soll net méi Member vun EU sinn. Wéi et elo viru geet a wat de Brexit fir Konsequenzen op der Insel an am Rescht vun der Unioun wäert hunn, gouf de Donneschden de Mëtteg an der Chamber debattéiert.

News Familie Max Hahn

Neit Kannergeld: Ee Kand = ee Kand

All Kand ass datt selwecht wäert. Aus dem Grond wäert an Zukunft all Kand dat selwecht Kannergeld kréie mee och vun enger ganzer Panoplie vu Sachleeschtung profitéiere kënnen.

News Justiz und Sicherheit Max Hahn

Policereform: „Wou Police drop steet, soll och Police dra sinn.“

Wéi eng Form d’Policereform soll unhuelen, ass leschten Dënschden an der Chamber debattéiert ginn. 17 Joer no der Fusioun vun der Gendarmerie an der Police an engem Audit, deen d’Schwaachstelle vun der Police Grand-Ducal un den Dag geluecht huet, wäert an e puer Wochen de Projet deponéiert ginn.

News Landesplanung und Wohnen Steuern Joëlle Elvinger Eugène Berger Max Hahn

Steierreform: Weideren Impuls fir de Wunnengsmaart

Ab dem 1. Juli, an dat bis den 31. Dezember 2017, wäert de fiskale Kader fir d'Verkafe vun Terrain'en, ob bebaut oder nach net bebaut, méi interessant ausgeriicht ginn.

News Gesellschaft André Bauler

Tourismus am ländleche Raum

Wou setzt d’Regierung Akzenter fir den Tourismus am ländleche Raum ze stäerken?

News Bildung Claude Lamberty

Däitlech Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune fir Chargéen an der Schoul

D'Chargéen am Enseignement sinn längst keng Noutléisung méi, ma feste Bestanddeel vum Personal an eise Schoulen. Alleng d'Unzuel vun 1000 Chargéen, déi dagdeeglech an eise Schoule schaffen, schwätzen eng kloer Sprooch. Eng anstänneg Schoulorganisatioun ouni Chargéen ass haut guer net méi denkbar. Ëmsou méi e Gronn fir hir Aarbechtskonditioune méi gerecht ze gestalten.

News Tribune libre Gesellschaft Claude Schommer

Jonker a Schoul: geet d'Rechnung nach op?

D’Jonk Demokraten hunn et faerdeg bruecht, sech mat aktuellen Themen auserneen ze setzen, kritesch Positiounen ze huelen a konkret Virschléi op den Dësch ze leen...

News Außenpolitik

Attentat zu Orlando

No dem grujelegen Attentat zu Orlando hunn d'Parteipresidentin Corinne Cahen an de Generalsekretär Marc Ruppert an engem Bréif un den amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, David McKean, hiert déifste Matgefill ausgedréckt.

News Justiz und Sicherheit Lex Delles Eugène Berger

Geheimdienst: mehr Transparenz, verstärkte Kontrol

Den Eugène Berger, Rapporter vum SREL-Gesetz: "Et ass eent vun de wichtegste Gesetzer, dat derfir suergt, datt d'Prinzipie vum Rechtsstaat an Zukunft kloer geschützt ginn. Et ass e Gesetz, dat e kloren an transparente juristesche Kader schaaft, fir ënner anerem d'Lutte géint den Terrorismus ze verbesseren."

News Gesellschaft Lex Delles

Erënnerung un den zweete Weltkrich

Déi gesetzlech Grondlag fir de Comité pour la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale ass de 9. Juni an der Chamber gestëmmt ginn, deen sech an  Zukunft mat den Froen iwwert d’Gedenken an d’Erënnerung un de zweete Weltkrich befaasse wäert.

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Ausbau a Moderniséierung vum SEBES

Dës Woch goufen 2 Projete gestëmmt déi derfir suergen, datt Lëtzebuerg och an Zukunft genuch Drénkwaasser huet.

News Marc Ruppert Corinne Cahen Eugène Berger Xavier Bettel

Fir Lëtzebuerg: Eng Politik fir d’Leit

Dëse Sonnden huet d'DP hire Kongress zu Bouneweg ofgehalen, dat ënnert dem Motto „Fir Lëtzebuerg“. A Präsenz vu ronn 300 Memberen huet Parteipresidentin Corinne Cahen drop verwisen, dass et der Demokratescher Partei ëm politesch Inhalter geet an dorëmmer gemeinsam d’Zukunft vun eisem Land ze preparéieren.