22/11/2016
Parlamentarische Fragen
Sport und Freizeit
Claude Lamberty
Max Hahn
Den DP-Deputéierte Claude Lamberty huet virun engem Mount beim Sportminister nogefrot, ob déi geplangte Sportshal um INS net kéint vergréissert ginn. Et wier genuch Plaz do a virun allen kéint d'Hal an deem Fall vu méi Sportaarte genotzt ginn. De Sportminister huet doropshi geäntwert, datt dëst ee Verletzungsrisiko fir d'Sportler géif mat sech bréngen an datt hien net gewëllt wier un de Zäitplang fréckelen ze goen. An dem Kontext, froen d'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn no, op wéi eng Standarden a Normen de Minister sech bezitt, ob déi fir all Hal gëllen a vu wiem déi géife kontrolléiert ginn. A wat heescht dat fir d'Strategie fir de nationale Sportsite INS?