22/08/2016
Parlamentarische Fragen
Tourismus
André Bauler
Den Tourismussecteur zu Lëtzebuerg schaaft Aarbechtsplazen an dréit zu eisem Wuesstem bäi. Mä et ginn awer nach Erausfuerderungen, déi ee mat den Acteure misst ugoen. Am Kader vun Tourismus-Assisë kéint ee mat hinnen no Léisunge sichen. Wat hält den zoustännege Minister dovunner? Dës an aner Froen huet den DP-Deputéierten André Bauler an enger parlamentarescher Fro opgeworf.