03/02/2017
Parlamentarische Fragen
Gesundheit und Pflege
Gusty Graas
Anscheinend géifen heiansdo vun der CNS agreéiert Taxie refuséiere fir Patienten an d'Spideeler ze féieren, falls et sech fir si net loune géif. Well d'CNS de Patienten an der Reegel awer net de ganzen Tarif rembourséiert, géife fir si deemno méi Käschten ufale wann si een Taxi vu méi wäit ruffen. Den DP Deputéierte Gusty Graas freet dowéinst no, ob dem Minister dee Problem bekannt wier an ob hie wëlles huet eppes dogéint ze ënnerhuelen.