Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Trottinetten op der Gare ?

A Frankräich testen se am Moment Trottinetten op de grousse Garen, esou dass d'Leit vun do aus einfach a séier op d'Aarbecht kommen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet beim Transportminister no, op een dëst Konzept och op der Stater Gare aféiere kéint.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

"Fuel dumping"- och iwwer Lëtzebuerg?

Et kënnt heiansdo vir, datt ee Fliger an Noutsituatioune muss Kerosin ausschëdde fir kënne sécher ze landen. Den DP Deputéierten André Bauler freet bei den zoustännege Ministeren no, ob dat och schonn am Lëtzebuerger Loftraum virkomm ass a wéineg Repercussiounen dat op d'Natur huet.

News Wirtschaft Joëlle Elvinger

Investitiounshëllefen

"Haut huet d’Chamber den neie Kader fir d’Hëllefe fir Entreprise gestëmmt, déi an de sougenannten defavoriséierten Zonen investéieren."

News Wirtschaft André Bauler

Spacemining

Mir sollen de Courage hu fir no de Stären ze gräifen, mä nëmme wa mer mat zwee Féiss um Buedem bleiwen“, esou resuméiert den André Bauler de Gesetzprojet iwwert de Spacemining.

News Außenpolitik Eugène Berger

D'Zukunft vun der EU an der Euro-Zone

De Fraktiounspresident vun der DP huet de Mëttwoch de Mëtte bei der Debatt zur EU Stellung geholl.

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Reform vun der Fleegeversécherung

D’Qualitéit an de Patient stinn am Mëttelpunkt.

D’DP-Deputéierten Edy Mertens an Alexandre Krieps begréissen, datt vill Proposë vun der DP an der Reform vun der Fleegeversécherung erëmzefanne sinn. Hirer Meenung no geet dat neit Gesetz an déi richteg Richtung a wäert ville Patienten och an Zukunft déi Fleeg garantéieren, déi brauchen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Solar-Vëlospisten och hei am Land ?

Zu Amsterdam lafe Pilot-Projete mat Vëlosweeër an deene Solarzellen agebaut sinn, esou dass hei och Energie produzéiert gëtt. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen dofir beim Transportminister no op een net och hei am Land esou Solar-Vëlospisten ausprobéiere kéint.

News Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Aféierung vum Cours „Vie et Société“

Nodeems den neie Wäerterunterrecht schonn dëst Joer am Lycée agefouert ginn ass, ass et d’nächst Schouljoer un der Grondschoul. De Rapporter Lex Delles huet d’Gesetz an der Chamber virgestallt.

News Bildung Claude Meisch Claude Lamberty Gilles Baum

Méisproocheg Kannerbetreiung

Vum Hierscht u kënnen all d’Kanner tëschen engem a 4 Joer vun 20 Stonne gratis Kannerbetreiung profitéieren. De Gesetz-Rapporter Gilles Baum huet de Projet op der Chamberstribün virgestallt.

Parlamentarische Fragen Bildung Gilles Baum

Europaschoul op Jonglënster ?

Gëschter hat de Claude Meisch kuerz an der Chamber ugeschwat, dass méiglecherweis eng Annexe vun der Europaschoul op Jonglënster komme sollt. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet dofir no wéi wäit dëse Projet schonn ass a wéi dës international Offer ausgesi kéint.

News Familie Claude Lamberty Lex Delles

Méi Autonomie fir d’Lycéeën

Dës Woch war déi laang erwaarten Debatt zur Modernisatioun vum Lycée. D’Schoule kréien doduerch an Zukunft däitlech méi Autonomie fir hir eege Konzepter auszeschaffen.

News Gesellschaft Gusty Graas

Ombudsman, am Déngscht vun de Bierger an de Verwaltungen

857 Reklamatioune sinn d’läscht Joer un den Ombudsman adresséiert ginn. Wat genau d’Verwaltungen ënnerhuele kenne fir den Déngscht um Bierger ze verbesseren, gouf am Kader vun engem débat d’orientation an der Chamber beschwat.

News

Jeannot Belling (†)

D’DP trauert em hire Frënd Jeannot Belling, deen am Alter vu 65 Joer gestuerwen ass...

News Finanzen André Bauler Eugène Berger

Interpellatioun zum Brexit

Den André Bauler huet haut an der Chamber zu senger Interpellatioun zum Brexit Stellung geholl. Den Eugène Berger ass dono an der Aktualitéitsstonn op d'Verhandlungen agaangen.

News Tribune libre Familie Claude Lamberty

Spezialcongéen: Méi Zäit fir d'Famill

De Claude Lamberty schwätzt an senger Tribune libre iwwert den Projet de loi vun de Spezialcongéen.