Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Revendikatiounen zur direkter Zuchverbindung vu Wollmeréng an d'Stad

An de lëschten Deeg war zimlech vill Opreegung op d'Ewechfalen ab dem 10. Dezember vun der direkter Zuchverbindung vu Wollmeréng an d'Stad. Och verschidde Gemengen hunn sech elo zu Wuert gemellt. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Gusty Graas froe beim Minister no wéi hien op des Revendicatioune reagéiere gedenkt

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Chantier laanscht d'Escher Autobunn: eng nei Tankstell?

Zënter längerem gëtt  laanscht d'Escher Autobunn um Terrain vun der Gemeng Monnerech geschafft. Hei soll anscheinend eng nei Tankstell hikommen. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn froe beim Minister no wat et genau mat dësem Chantier op sech huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Busser aus dem Weste fir op de Belval

Nodeems d'Buslinn 332 am August 2016 zougemaach gouf, ass de Westen net méi esou gutt un d'Uni um Belval ugeschloss. Den D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen dofir beim Transportminister no, wéi dës Situatioun verbesser ka ginn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Max Hahn Gusty Graas

De neie Code de procédure pénale an der Praxis

De neie Code de procédure pénale ass mëttlerweil a Kraaft getruede mee d’Poliziste schéngen nach net forméiert ze sinn. Wat et domadder op sech huet, hunn d’Deputéierte Max Hahn a Gusty Graas beim Policeminister nogefrot.

News Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Verschäerfen vum Antitubaksgesetz: Bessere Schutz fir Kanner a Jugendlecher

D’Parlament huet dës Woch d’Fëmmgesetz nach eng Kéier verschäerft. Ee bessere Schutz vu Kanner a Jugendleche virun de Gefore vum Fëmme stoung dobäi am Vierdergrond. Fir d’DP huet den Deputéierte Gusty Graas an der Chamber Stellung geholl.

News Verfassung, Institutionen und Demokratie Simone Beissel

Ausnamezoustand während nationaler Kris méiglech

An der Chamber gouf dës Woch eng éischte Kéier iwwert eng Verfassungsännerung ofgestëmmt, déi den Ausnamezoustand och während enger nationaler Kris erméiglecht. D’Ausruffe vum Ausnamezoustand war bis elo just während internationale Krise méiglech. Dës Ännerung ass noutwenneg, fir datt d’Regierung séier kann Mesuren huelen, fir d’Bierger zu Lëtzebuerg ze schützen, zum Beispill no engem Terrorattentat, erkläert d’Simone Beissel, Spriecherin zu Verfassungsfroen.

News Arbeit André Bauler

Interpellatioun zu de "Working poor"

A senger Interventioun zu der Interpellatioun iwwert déi sougenannten "Working poor" ass den DP-Deputéierten André Bauler op d'Wichtegkeet vum Mindestloun agaangen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Manner Retarden op der Buslinn 215 fir an d'Stad?

Fir Verspéidungen ze verhënnere fiert d'Buslinn 215 vu Käerjeng an Stad ab dem Februar net méi bis op de Kierchbierg, mä huet säi leschte Stopp op der Charlys Gare. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet dofir beim Transportminister no op d'Retarden elo zréckgaange sinn.

News Verfassung, Institutionen und Demokratie Simone Beissel Eugène Berger Xavier Bettel

Méi Transparenz stäerkt d’Legitimatioun vum Staatsrot

Dës Woch gouf an der Chamber d’Reform vum Staatsrot gestëmmt. „Dës Reform gestallt de Staatsrot méi modern an transparent ouni dobäi awer d’Wichtegkeet an d’Onofhängegkeet vun dëser Institutioun a Fro ze stellen“, esou de Premier Xavier Bettel a senger Interventioun an der Chamber. D’Rapportrice Simone Beissel huet déi eenzel Punkte vun der Reform am Detail virgestallt an erkläert, wéi dës Ännerungen zu enger méi moderner Institutioun bäidroen an de gudde Fonctionnement vum Staatsrot garantéieren.

News Bildung Claude Lamberty Lex Delles

Regional Direktiounen a besser Betreiung vu Kanner mat spezifesche Besoinen

Am Regierungsprogramm gouf grousse Wäert op d’Qualitéit an op eng verbessert Organisatioun vun eise Grondschoule geluecht. Den DP-Deputéierten a Rapporteur Lex Delles huet dat deementspriechend Gesetz an der Chamber virgestallt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Contournement vun Dippech-Gare

Geschwënn misst dat definitiivt Uerteel vun der Cour d'appel zum Contournement vun Dippech-Gare gesprach ginn. Da sollt och gewosst ginn, och d'Aarbechten ulafe kënnen oder net. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet dofir beim Infrastrukturminister no, wéi et an dësem Dossier weidergoe kéint.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Fentanyl als Drog - och zu Lëtzebuerg?

Fentanyl as e Medikament géint Péng, wat vu Kriibspatiente geholl gëtt. An den USA gëtt et säit neistem och op der Strooss verkaaft, net als Medikament mä als Heroin Ersatz. Den Deputéierte Gusty Graas géing gär vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob et där Fäll och zu Lëtzebuerg ginn an ob eppes Preventives ënnerholl gëtt, fir dat kennen a Lëtzebuerg z'evitéieren.

Parlamentarische Fragen Finanzen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Kreeslafwirtschaft mat steierleche Mëttelen erreechen?

D'JDL huet viru kuerzem ee Modell presentéiert, mat deem d'Kreeslafwirtschaft gefërdert kéint ginn. Dëst soll mat Steiererliichterungen u Reparatioune un zum Beispill Vëloen, Kleeder an elektronesche Geräter erreecht ginn. D'DP Deputéiert André Bauler a Max Hahn froen dofir beim Finanz - a beim Ekonomiesminister no, op dee Modell och interessant fir Lëtzebuerg wier an ob et sech heibäi em eng méiglech Mesure handelt, déi sech an den Rifkin-Kader aschreift.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesundheit und Pflege Gilles Baum Gusty Graas

Ze schwéier Schoulsäck?

Et gesäit een dacks Schüler mat voll gepaakten Schoulsäck ronderëm goen. Dëst kann awer op Dauer zu Réckwéi a soss gesondheetlechen Problemer féieren. D'DP Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum froen dofir wéi genau et zu Lëtzebuerg domadder ausgesäit an ob d'Enseignanten eventuell vum Ministère Richtlinnen kruten. Hëlleft eventuell d'Digitalisatioun de Problem ze behiewen?

News Tribune libre Gesellschaft Marc Ruppert

Mat Häerz a Séil, fir eis Gemengen

A senger Tribune libre schwätzt den DP-Generalsekretär  Marc Ruppert driwwer, wéi ons Kandidate fir d'Gemengewahlen sech alleguerte mat Häerz a Séil fir hir Gemengen asetzen.