Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Kreativwirtschaft hei am Land

Déi sougenannte Kreativwirtschaft ëmfaasst déi Beruffer, bei deenen et drëms geet duerch kreatiivt Denken nei Objeten a Servicer ze produzéieren. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Minister no wéi dës Aktivitéiten hei am Land ënnerstëtzt ginn.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Eng Europaschoul fir Klierf?

Den zukünftege Klierfer Lycée wäert a senge Wänn ab 2018 och eng eegen, staatlech Europaschoul organiséieren. Déi sou gen. "Ecole européenne agréée" ass gratis an och fir all Lëtzebuerger Schüler zougänglech.

News Zu Gast im Land Gesellschaft Justiz und Sicherheit Eugène Berger

Vermummungsverbot: ein ausgeglichenes Gesetz

Diese Woche hat die Regierung ein Gesetz vorgestellt, welches im öffentlichen Raum ein Verbot von Niqab und Burka einführen wird. Doch dieses Vermummungsverbot an sich ist keineswegs eine neue Entwicklung. Die Stadt Luxemburg hat zum Beispiel bereits vor 80 Jahren ein Vermummungsverbot in ihrem Polizeireglement verankert. Zahlreiche Gemeinden sind diesem Beispiel im Laufe der Jahre gefolgt.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Beleidegungen a Gewalt an de Spideeler

Beleidegungen a Gewalt géigeniwwer Fleegepersonal an Doktere ginn am Ausland ëmmer méi zu eng traureger Realitéit. Och zu Lëtzebuerg héiert een, datt esou Aggressiounen zouhuelen. D'DP Deputéiert Edy Mertens, Alexander Krieps a Gusty Graas froen dofir no, wéi genau d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob et eng Ulaafstell gëtt fir dem Personal ze hëllefen dat Erliefte besser ze veraarbechten, a wat ugeduecht ass fir déi souwisou schonn usprochsvoll Aarbecht duerch esou Virfäll nach méi schwiereg ze maachen.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Gilles Baum

Wéi eng Alterskontrolle bei Open-Air Concerten a Festivaler ?

Am Summer ass elo och d'Saison vun de Concert'en am Fräien, Evenementer, déi besonnesch bei de Jugendlechen ugesot sinn. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet de Justizminister wéi et mat den Alterskontrollen an der Entrée vun esou Manifestatiounen ass. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

Neien Typ vu Radaren tëscht Koplescht a Schëndels an an den Tunnellen ?

Schonn 2014 hat den Transportminister ugekënnegt, sougenannten "radars tronçon" opzestellen. Dës Abschnittsradare kontrolléieren d'Vitesse net op engem Punkt, mä iwwert eng bestëmmte Streck, esou zum Beispill an engem Tunnel. Haut schreift d'Press esou e Radar wier op der Streck Koplescht-Schëndels an der Preparatioun. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet no.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Gusty Graas

Eng speziell Markéierung a Lénkskéiere fir d'Motosfuerer ?

An Éisträich ginn am Moment speziell Markéierungen a Lénkskéiere getest, dat fir dass d'Motosfuerer an der Mëtt vun hirer Säit fueren amplaz vill méi no un der Mëttellinn. Well heimatter d'Zuel u Motorradsaccidenter däitlech zeréck gaangen ass, froen d'DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas beim Transportminister no, ob een dës Markéierungen net och hei am Land aféiere kéint.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Sinn d'Infrastrukturen prett fir déi nei IRM z'installéieren?

Den DP Deputéierten Alexander Krieps an Edy Mertens ass zu Ouere komm, datt déi 4 nei versprachen IRM nach net kéinten installéiert ginn, well d'Infrastrukturen an de Spideeler nach net prett wieren. D'Aarbechte wiere méi komplizéiert an och méi deier ewéi ugangs geduecht. An hirer parlamentarescher Ufro ginn si der Saach op de Fong.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Manner Wëldaccidenter duerch Liichtbarrièren laanscht d'Stroossen?

Wëldaccidenter sinn eng Gefor fir Mënsch an Déier. Zu Lëtzebuerg goufen virun Joren sougenannt Liichtbarrièren getest, déi d'Wëld sollen virum Autosverkéier warnen. Den DP Deputéierten Gusty Graas freet no, wat d'Konklusioune vun där Etüd sinn an ob de Minister gewëllt ass dës Liichtbarrièren laanscht Landstroossen z'installéieren.

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

En Aussiichtstuerm fir d'Éislek ?

Zënter e puer Jore gëtt et bei der "Saarschleife" den "Baumwipfelpfad" mat engem 42 Meter héijen Aussiichtstuerm, dee besonnesch bei jonke Famillje gutt ukënnt. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Tourismus-Minister no, ob een esou een Tuerm net och am Éislek opriichte kéint.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Claude Lamberty Max Hahn

Subventioune bei Photovoltaik-Anlage fir Kooperativen

Zënter Abrëll gi kooperativ Photovoltaik-Anlage méi staark ënnerstëtzt. Dofir froen d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty bei den zoustännege Ministeren no, wéi vill Subventiounen ausbezuelt goufen a firwat d'Gemengen net ënnert dëst neit Reglement falen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Sensibiliséierungskompagne «Petits déchets - grande pollution»

Zënter kuerzem leeft d'Sensibiliséierungskompagne « Petits déchets - grande pollution », daat fir d'Leit drop opmierksam ze maachen, dass se hieren Dreck net an d'Natur geheien sollen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas freet bei den zoustännegen Minister en no, wéivill "avertissements taxés" an deenen lëschten Joeren fir dëst sougenennten "Littering" ausgestallt goufen, an wéi d'Bridagen vun der Douane hei agebonnen ginn.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Gusty Graas

Zweespureg Strooss hannert dem Centre douanier?

Op de Pläng zu den Aarbechten um "Ban de Gasperich" gesäit et esou aus, wéi wann eng zweespureg Strooss hannert de Centre douanier komme sollt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet dofir beim Transportminister no op de Parking fir d'Déngschtautoen och no dësen Aarbechte weiderhin accessibel bleift.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

LED als Beliichtung op eise Stroossen?

D’LED Technologie ass a verschiddene Beräicher net mei ewech ze denken, sief dëst am privaten oder ëffentleche Gebrauch. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet dofir beim Infrastrukturminister no, ob dës Technologie och iwwerall kéint als Stroossebeliichtung agesaat ginn a wéi vill Energie een kéint dobäi spueren.

Parlamentarische Fragen Arbeit Bildung André Bauler

Wéi eng berufflech Profiller ginn an deene nächste Joren an der Education nationale gebraucht?

A senger parlamentarescher Ufro un de Bildungsminister wëll den DP Deputéierten André Bauler wëssen, wéi eng ënnerschiddlech Profiller an noer Zukunft an der Education nationale gebraucht ginn.