14/10/2016
Parlamentarische Fragen
Mobilität und Verkehr
Claude Lamberty
Max Hahn
An Däitschland hunn se gutt Erfahrunge mam Mobilitéitskonzept vun der "grünen Welle" gemach. Heibai ginn d'gréng Luuchten esou agestallt, dass een op enger bestëmmtener Streck ni stoe bleiwe muss, virausgesat et fiert ee mat der Vitesse, déi uginn ass. DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froe beim Transportminister no, op dëst Konzept och bei eis Uwendunge fanne kéint.