Sie sind hier

News Anne Brasseur

D’Anne Brasseur hält op: „42 Joer laang aktiv an dat mat Häerz a Séil!“

Um Krautmaart huet dës Woch d'DP-Deputéiert Anne Brasseur hir Demissioun presentéiert. En Adieu, dee vun alle Säite bedauert ginn ass. 

Mam Récktrëtt vun der déngschteelster Deputéiert um Krautmaart geet domatter eng laang Carrière op en Enn, déi d'Anne Brasseur op internationalem Niveau wäert mat engem kritesche Rapport iwwert d'Fifa ofschléissen. 

Parlamentarische Fragen Bildung Medien und ICT Lex Delles Eugène Berger

GraphoLearn: eng App fir spilleresch Sproochen ze leieren

A Frankräich gëtt de Moment eng Applikatioun fir Tablets getest mat där jonk Schüler op eng spilleresch Aart a Weis franséisch liesen a schreiwe léieren. D'Deputéierten Eugène Berger a Lex Delles hu beim Educatiounsminister nogefrot, op GraphoLearn och a Lëtzebuerger Schoule kéint zum Asaz kommen a wat fir eng aner informatesch Léierhëllefen de Lëtzebuerger Schüler de Moment zur Verfügung stinn.

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Aktualitéitsstonn zum neien CFL-Horaire

Aktualitéitsstonn en Dënschdeg um Krautmaart iwwer den neien Horaire vun der CFL. Well et Problemer gëtt mat der Ëmstellung vum alen op den neien Horaire an et an der Lescht och zu enger Rei Verspéidunge komm ass, wollten d’Deputéiert Erklärunge vum Ressortminister kréien.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens Gusty Graas Alexander Krieps

En zweete PET-Scan fir Lëtzebuerg wier néideg!

E PET-Scan („Positron Emission Tomography“) ass e Scanner, deen haaptsächlech gebraucht gëtt fir Metastasen ze detektéieren. Zu Lëtzebuerg gëtt et een esou en Apparat.

D’DP-Deputéiert Gusty Graas, Alexander Krieps an Edy Mertens ënnersträichen an enger parlamentarescher Fro un de Gesondheetsministère an un de Ministère vun der Sécurité Sociale, datt ëmmer méi Leit musse fir esou medezinesch Examen an d’Ausland goen.

Dofir froen d’Deputéiert elo, ob et net opportun wier, fir en zweete PET-Scan hei am Land unzeschafen. Dat wier net vu Muttwëll, well d’Populatioun zu Lëtzebuerg ëmmer méi alt gëtt an doduercher och Kriibskrankheeten zouhuelen, wat al nees dozou féiert, datt esou Examen ëmmer méi dacks néideg sinn.

Mat engem zweete PET-Scan kéint een och laang Waardezäiten aus de Féiss goen, wéi se den Ament bei den IRM-Exame bestinn.

News Zu Gast im Land Gemeinden Jeff Wirtz

Verantwortungsbewusstes Programm!

Auf Knuedler ist seit kurzem eine DP-CSV-Koalition am Ruder. Eine Entscheidung der „demokratischen Logik“, wie Bürgermeisterin Lydie Polfer richtig betont. Die DP stellt als erste Kraft in der Stadt die Bürgermeisterin und die CSV wurde neuer Partner der Liberalen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

Froen zu den neie gréngen Tuten!

An 21 Gemengen am Land sinn déi blo Tute vu Valorlux elo duerch gréng Tuten ersat ginn. Si si fir déi nämmlecht Saache gutt wéi déi blo Tuten an zousätzlech och fir Plastikstuten a fir Plastiksfolien dran ze maachen.

Valorlux huet doriwwer eraus 15 Kollektstatiounen (RE-box) installéiert, an déi d’Leit ë.a. Joghurtsdëppercher, Kaffisbecheren a Barquettë mat den Deckele schmäisse kënnen.

D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hunn an deem Kontext e puer Froen un d’Ëmweltministesch.

News Tribune libre Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Erschwéngleche Wunnraum: E Puzzle mat ville Stécker.

De Mac Hahn schwätzt an senger Tribune libre iwwert d'Problematik vum Wunnengsbau.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Wéivill Logopede schaffe fir de Ministère?

Well de Bildungsministère zu engem gudden Deel op Logopeden zréckgräift fir op déi ënnerschiddlechst Besoinen anzegoen, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum Minister Claude Meisch wëssen, wéi vill Leit an deem Secteur fir de Staat aktiv sinn.

News Finanzen Joëlle Elvinger Gilles Baum Eugène Berger Pierre Gramegna

Budget 2018

Déi lescht Chamberwoch am Dezember steet gewéinlech ganz am Zeeche vum Staatsbudget. Nodeems dëst Joer d'DP-Deputéiert Joëlle Elvinger de Budget huet dierfen als Rapportrice dem Plenum virstellen, hunn deen Dag drop d'Debatten am Parlament ugefaangen. D'Prioritéite vum Budget 2018 fannt Dir hei.

News Familie Claude Lamberty Corinne Cahen

Pappecongé: Däitlech méi Zäit fir d’Famill

Fir d’DP huet eng besser Vereenbarkeet vu Beruff a Famill absolut Prioritéit. Dofir huet d’Regierung – no enger Initiative vun der DP-Familljeministesch Corinne Cahen – e Gesetz virgeluecht, dat direkt derfir suerge wäert, datt d’Eltere virun allem no enger Gebuert méi Zäit mat hirem Puppelche verbrénge kënnen. Dëst Gesetz trëtt den 1. Januar 2018 a Kraaft.

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

D’A3 gëtt op dräi Spueren erweidert

Gréng Luucht fir den Ausbau vun der Diddelenger Autobunn. D'Chamber huet dësen Donneschden hiren Accord gi fir de Gesetzesprojet, deen ënnert anerem virgesäit d'A3 op zweemol dräi Spueren auszebauen.

News Mobilität und Verkehr Gilles Baum Gusty Graas

Ausbau vum Tramsreseau

Den Tramsreseau gëtt weider ausgebaut. Dat ass dësen Donneschden an der Chamber decidéiert ginn. Domat wäert den Tram ab 2021 och op de Findel a bis op d’Cloche d’Or fueren.

News Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Investitiounen an d’Zukunft

Dëse Mëttwoch ass an der Chamber iwwert déi grouss ëffentlech Infrastrukturprojeten, déi fir déi nächst Joren geplangt sinn, diskutéiert ginn. Dës stellen e wichtegt Element duer, fir den Erausfuerderungen vun der Zukunft ze begéinen.

News Kultur André Bauler

Méi Sue fir de Museksunterrecht

De Staat erhéicht seng Bedeelegung un de Käschten vum Museksunterricht ëm ronn 1 Millioun, dat ass haut an der Chamber decidéiert ginn.

News Gesellschaft Max Hahn

Verbesserunge beim Wunngeld

D’Chamber huet de Mëttwoch Verbesserunge beim Wunngeld gestëmmt. Ab dem 1. Januar kënnen zwee Drëttel vun de Locatairen zu Lëtzebuerg vun der „subvention loyer“ profitéieren.