Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Joëlle Elvinger André Bauler

Mesure géint Automobilisten ouni Assurance

An der Belsch gëtt geschat, datt 1% vun de Gefierer op de Stroosse soll ouni Versécherung ënnerwee sinn. A Frankräich wieren et 2% vum nationale Fuerpark. D’DP-Deputéiert André Bauler a Joëlle Elvinger ginn dofir an enger parlamentarescher Fro un den Nohaltegkeetsministère dovunner aus, datt hei am Land tëscht 5 000 an 10 000 Autoen ouni Assurance rullen, a froen no, wat dogéint ënnerholl gëtt.

News Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Neit Gesetz fir ëffentlech Ausschreiwungen

Dësen Donneschden stoung an der Chamber dat neit Marchés publics Gesetz zur Ofstëmmung. Dëst stellt eng wichteg Mesure zur Stäerkung vun de klengen a mëttlere Betriber duer.

News Bildung Claude Meisch Claude Lamberty Lex Delles

Observatoire de la qualité scolaire: D'Stëmm vun der Wëssenschaft

Dës Woch gouf um Krautmaart eng nei Struktur an d'Liewe geruff: Den Observatoire de la qualité scolaire.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Lex Delles

De Lex Delles zu Äscheverstreeungen an der Musel an iwwer Urnen doheem

Am Artikel 3 vum entspriechende Gesetz iwwer d’Anäscherung steet, datt de Buergermeeschter kann eng Autorisatioun ginn, fir Äschen op engem Privatterrain oder à tout autre endroit ze verstreeën.

Den DP-Deputéierte Lex Delles wëll dofir vum Gesondheets- a vum Inneministère wëssen, firwat d’Leit net kënnen eng Urn bei sech doheem versuergen.

Doriwwer eraus freet de Munnerefer Député-maire, ob de Buergermeeschter dierf d’Verstreeën an enger Baach oder an engem Floss (z.B. an der Musel) erlaben an ob dat Gewässer dofir muss duerch déi concernéiert Gemeng lafen?

Konsequenterweis freet de Lex Delles dann, ob den Ausdrock à tout autre endroit net misst am Artikel 3 vum Gesetz präziséiert ginn.

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Neie Spidolsplang: Besser Prise en charge a méi Matsproocherecht

No ganz intensiver parlamentarescher Aarbecht ass den neie Spidolsplang um Krautmaart gestëmmt ginn. D'DP-Vertrieder Edy Mertens an Alexander Krieps hu virop begréisst, datt den Text nach eng Kéier opgemaach ginn ass an datt vill Verbesserunge konnten an d'Gesetz afléissen.

News Kultur Tourismus André Bauler

Et gëtt nach vill Potenzial am Kulturtourismus

Den DP-Deputéierten André Bauler huet haut an der Chamber der zoustänneger Staatssekretärin Detailer zum Kulturtourismus gefrot.

News Gesellschaft Justiz und Sicherheit Lydie Polfer

Affer besser virun Zwangsprostitutioun schützen

D’DP begréisst dat neit Prostitutiounsgesetz, dat fir d’Lydie Polfer en däitleche Schrëtt an déi richteg Richtung am Kampf géint de Mënschenhandel a géint d’Zwangsprostitutioun duerstellt.

News Frank Colabianchi

Freed a Leed, no beienaner…

An der Chamber ass de Mëtteg de Frank Colabianchi als Nofolger vun der Anne Brasseur vereedegt ginn, déi den Titel vum Éierendeputéierte krut. D'Chamber huet och un de verstuerwenen Niki Bettendorf erënnert.

News Frank Colabianchi Anne Brasseur

Freed a Leed, no beienaner…

Politesch Parteie si wéi eng Famill, dat mierkt een zemol, wann d’Liewe sech vu senger batterer Säit weist. D’DP huet dat déi lescht 2 Woche mussen erliewen.

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

Trotz Rekordinvestissementer a Steierreform: Bescht Budgetszuelen zënter Joren

Gutt Note vum FMI a Lutte géint d’Geldwäsch.

Iwwerschoss vun 364 Milliounen Euro beim Zentralstaat: Een zefriddene Finanzminister Pierre Gramegna huet den Deputéierten aus der Finanz- a Budgetskommissioun kënne gutt Zuele presentéieren.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Claude Lamberty Max Hahn

Energetesch Sanéierung vun den ëffentleche Gebaier

Eng vun den effikassten Approchen am Kampf géint de Klimawandel ass den Energieverbrauch vun de Gebaier ze reduzéieren. Aus deem Grond hat den Nohaltegskeetsministère 2014 eng Strategie lancéiert, fir déi ëffentlech Gebaier ze sanéieren an sou méi ëmweltfrëndlech ze maachen. D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty wëllen an hirer parlamentarescher Fro wëssen, wéi wäit dëse Plang bis ewell ëmgesat ginn ass.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Parlamentaresch Fro vum Gusty Graas iwwer Nuisancë vu Loftwärmepompelen

Onse Süddeputéierte wëll ë.a. vum Ëmweltministère wëssen, ob et stëmmt, datt de Kaméidi vun de Motore vu „pompes àchaleur aérothermiques“der Gesondheet vun de Leit schuede kann.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Moderniséierung vun der Zuchstréck Dikrech-Ettelbréck

Dem André Bauler ass zu Ouere komm, dass dëtt Joer Aarbechten op der Zuchstréck Dikrech-Ettelbréck geplangt wieren. A senger parlamentarescher Fro wëll den DP-Deputéierten dofir wëssen, wéi de Projet genee ausgesäit a wat e soll kaschten.

News Tribune libre Bildung Lex Delles

Bildungsdësch - Fir méi Konsens a Kontinuitéit an eise Schoulen

An der fräier, politescher Tribün op Radio Lëtzebuerg an um Radio 100,7 huet den Député-Maire Lex Delles haut iwwer dee vum Ressortminister Claude Meisch annoncéierte Bildungsdësch a vun 2 neie Schoulgremie geschwat, wou sech d’Leit vum Terrain, d’Schüler, d’Elteren, d’Syndikater, d’Wëssenschaft, d’Zivilgesellschaft an d’Politik ëm Konsens, Kontinuitéit a Rou an der Schoulentwécklung bekëmmeren.

News

D’DP trauert em den Niki Bettendorf

E jovialen, häerzlechen an dichtege Mënsch huet eis verlooss.