Sie sind hier

News Chamberwalen

Walbezierk Süden: D‘DP-Kandidate fir d‘Chamberwalen 2018

De Regionalcomité Süden proposéiert dem Comité directeur vun der DP dës Kandidaten [méi...]

News Chamberwalen

Walbezierk Zentrum: D‘DP-Kandidate fir d‘Chamberwalen 2018

De Regionalcomité Zentrum proposéiert dem Comité directeur vun der DP dës Kandidaten [méi...]

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Mobilitéitsdebatt um Krautmaart

D’Mobilitéit war en Donneschdeg d’Haaptthema an der Chamber. Op Ufro vum zoustännege Minister hunn d’Deputéiert doriwwer diskutéiert, wéi een d’Entwécklung vum Verkéier an deenen nächste Joren besser an de Grëff ka kréien.

News Außenpolitik André Bauler

Stroftaxe si géint d’Logik vun der fräier Maartwirtschaft

Am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d’Stroftaxen huet den Deputéierten André Bauler ënnerstrach, datt fir d’DP de fräien Handel ëmmer nach eng Chance ass an net e Problem. D’Demokratesch Partei weess, datt de fräien a gerechten Handel der Weltekonomie allzäit méi bréngt wéi all Form vu Protektionismus.

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Debat iwwer d’Landesplanung: Wuesstem intelligent steieren

De Max Hahn huet am Numm vun der DP e Plaidoyer fir eng intelligent Steierung vum Wuesstem zu Lëtzebuerg gemaach. D’DP wëll do dernieft nach méi séier Infrastrukturprojete realiséieren, fir de wuesstemsbedéngte Problemer entgéintzewierken.

News

De Robert Gitzinger huet eis verlooss

Am Alter vu 96 Joer ass eise Frënn Robert Gitzinger gestuerwen, deen en Donneschdeg virun enger Woch säi leschte Gebuertsdag gefeiert huet.

Den Éierendeputéierte war vun 1979 bis 1984 an du vun 1988 bis 1994 am Ganzen eelef Joer laang fir d’DP an der Chamber.

News Tourismus Simone Beissel

Besser geschützt bei Kaf vu Pauschalreesen

Dës Woch gouf an der Chamber de Konsumenteschutz beim Kaf vun enger Pauschalrees verbessert.

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Ausbau vun der Stater Gare

Gréng Luucht en Dënschden an der Chamber: Bis 2021 soll d'Stater Gare zwee nei Quaien dobäi kréien.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Autonom Gefierer zu Lëtzebuerg: Wéini ass et souwäit?

Den technesche Fortschrëtt mécht dat autonoomt Fueren ëmmer méi realistesch. A ville Länner ginn et Testprojeten an deem Beräich, an och Lëtzebuerg huet en Ofkommes mat Däitschland a Frankräich ënnerschriwwen, fir an déi Richtung ze fuerschen. Aus dëse Grënn wollten d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty vum zoustännege Minister wëssen, wéi de gesetzleche Kader fir Autoen ouni Chauffeur ausgesäit, a vu wéini un dës op de Lëtzebuerger Stroosse kéinten ënnerwee sinn.

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Claude Schommer

Cannabis ganz legaliséieren

De JDL-President Claude Schommer freet a senger Tribune libre, fir de Cannabis ganz ze legaliséieren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens André Bauler

Wéini kréien d'Dokteren eng zäitgeméiss Legitimatiounskaart?

Déi zwee DP Deputéierten André Bauler an Edy Mertens stëllen allerdéngs mat Bedauere fest, dass d'Lëtzebuerger Doktere bis haut nach keng nei Kaart zur Verfügung gestallt kruten. Déi zwee Parlamentarier froen dofir nach eng Kéier am Gesondheetsministère no.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wat geschitt um N7-Tronçon tëschent Ettelbréck an Dikrech?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt deemnächst den Tronçon tëschent Ettelbréck an Dikrech op der N7 soll reamenagéiert ginn. An deem Kontext huet den Här Bauler eng parlamentaresch Fro un den Nohaltegkeetsministère gestallt fir weider Informatiounen iwwert den Oflaf vun dem Chantier ze kréien.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Lex Delles Gusty Graas

Sinn déi wëll Villercher zu Lëtzebuerg a Gefor?

D’Zuel vu Vigel an Europa hëlt dramatesch of. Dat gëllt besonnesch fir d’Vullen, déi um oppene Feld respektiv am ländleche Raum liewen. De Réckgang do ass net nëmme kritesch fir d’Déiere selwer, ma och fir déi ganz Biodiversitéit.

D’DP-Deputéiert Lex Delles a Gusty Graas froen d’Ëmweltministesch dofir, wéi eng Resultater fir Lëtzebuerg existéieren, a wa jo, wéi eng Conclusiounen aus deene Chiffere gezu gi sinn. Déi zwee Parlamentarier wëllen och wëssen, ob national Etüden iwwer d’Populatioun vun de Vulle geplangt sinn. An och wéi sech d’Situatioun an de leschten 10 Joer entwéckelt huet.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Claude Lamberty Max Hahn

Gemengen sollen och Kreditkaarten benotzen däerfen

Wéinst der aktueller Gemengegesetzgebung ass et de Gemengen net erlaabt hirem Personal Kreditkaarten zur Verfügung ze stellen. Verschidde Servicer a Gidder kënnen awer just iwwert dëse Wee bezuelt ginn, zum Beispill mobil Applikatiounen déi an der Grondschoul gebraucht ginn. D'Deputéierte Claude Lamberty a Max Hahn hunn den Inneminister gefrot d'Gemengegesetz op deem Punkt ze änneren.

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Neit Landesplanungsgesetz

Nodeems déi viregt Regierung d’Plans sectoriels wärend 10 Joer an de Tiräng leie gelooss hat, war et dës Regierung, déi de Courage hat, fir Neel mat Käpp ze maachen. Nëmmen esou konnt een op juristesch Problemer am Landesplanungsgesetz opmierksam ginn, déi den Donneschdeg an der Chamber behuewe goufen.