Sie sind hier

Mobilitéitsdebatt um Krautmaart

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

No der Landesplanung e Mëttwoch, war et den Donneschdeg un der Mobilitéit, iwwert déi an der Chamber diskutéiert ginn ass. Am Kader vun der Entwécklung vun enger neier Mobilitéitsstrategie, dem MoDu 2.0, hat de Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen, de François Bausch, eng Consultatiounsdebatt an der Chamber ugefrot. Baséierend op de Resultater vun der Etüd Luxmobil 2017 iwwer d’Fuergewunnegte vu Residenten a Frontalieren, hat de Minister eng zéng Froen un d’Deputéiert gestallt, fir d’Mobilitéit vu muer ze plangen.

Aus där Etüd geet z.B. ervir, dass et moies tëscht siwen an néng Auer eng staark Spëtzt gëtt, wärend d’Pointë mëttes an owes manner betount sinn. Den Haaptundeel vum Stroossentrafic sinn Trajete vun doheem op d’Schaff, respektiv vun doheem an d’Schoul, an erëm zeréck. Den Auto ass a bleift dat beléiftste Verkéiersmëttel, just all Fënneften hëlt de Bus oder den Zuch fir op d’Schaff.

Vu dass zousätzlech Stroosse keng dauerhaft Léisung sinn, stellt sech d’Fro, wéi een déi aktuell an zukünfteg Verkéiersflëss am beschte kanaliséiert kritt. Et geet zemol ëm de Beruffstrafic an de Spëtzenzäiten, soss geet d’Stroossen- a Schinnennetz déck duer.

Fir d’DP gëtt et an där Hisiicht keng einfach Léisung, mee et wäert d’Kombinatioun vu ville verschiddenen Elementer sinn, fir de Verkéier besser ze geréieren. Et däerf een sech an dësem Kader och net scheien, nei Weeër ze goen an innovativ Modeller ze probéieren, huet de Gusty Graas ënnerstrach.

Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet virop op den Télétravail verwisen. Ob vun doheem aus oder a Büroen op de Grenzen, doduerch, dass déi Leit sech net wäit fir hir Aarbecht deplacéiere missten, géingen d’Stroosse schonn e gutt Stéck entlaascht. Wann jiddereen een Dag vun doheem aus géing schaffen, da wier schonn e Véierel manner Verkéier op de Stroossen.

Nieft dem Télétravail, spillt och den ëffentlechen Transport eng wichteg Roll, wou een déi néideg Infrastrukture bräicht, fir en op eng effikass Aart a Weis z’organiséieren. Nodeems d’Investissementer wärend laange Jore verschlof gi wieren, hätt een elo d’Kéier krut a géing ee probéieren, fir de Retard opzehuelen. Wann all déi lafend Projete bis ofgeschloss wieren, géing sech d’Situatioun schonn e gutt Stéck verbesseren, esou de Gusty Graas.

Et géing elo em eng adequat Offer am ëffentlechen Transport goen, déi méi attraktiv wier wéi den Auto. D’Leit géinge schonn ëmklammen, ma nëmme wann d’Alternativ méi bequem, einfach, séier a pünktlech wier.

Gläichzäiteg sollten den Auto an den Individualverkéier awer net verdäiwelt ginn, mee do wou et méiglech a sënnvoll wier, duerzou bäidroen fir d’Verkéiersgestioun ze verbesseren. Déi digital Technologië kéinten op eng intelligent Manéier dozou bäidroen, de Verkéier op de Stroossen méi flësseg ze maachen.

Mir musse realistesch sinn. Och an Zukunft gëtt nach vill Auto gefuer. Ech denke virun allem un déi Géigenden uechter d’Land, wou et och oft un den néidege Busverbindunge feelt. Datt do d’Leit nach méi wéi an aner Regiounen op den Auto ugewise sinn, ass selbstverständlech novollzéibar. Mir musse just den Auto anescht astufen an zweemol iwwerleeën, ob ee wierklech muss fir all Deplacement den Auto huelen,

sot nach de Gusty Graas.

An deem Kader huet den DP-Spriecher och op d’Potenzial vum Vëlo an der Mobilité douce verwisen. Vun den Trajeten ënnert engem Kilometer huelen nach méi wéi en Drëttel vun de Leit den Auto. Dowéinst misst dat Transportmëttel duerch e geziilten Ausbau vun de Vëlospistë gefërdert ginn.

Wichteg wier virun allem fir mat den aktuellen Efforte weider ze maachen. Lëtzebuerg kéint et sech net leeschten, ze vill Zäit duerch laang Diskussiounen a Prozeduren ze verléieren. Dofir missten déi nächste Joren Neel mat Käpp gemaach ginn.  


Gusty Graas