Sie sind hier

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn Marc Hansen

Debat iwwer de Logement: Vill kleng Puzzelstécker

An der Chamber sollten d’Parteien um Donneschdeg Faarf bekennen, wéi si de Logementsproblem zu Lëtzebuerg léise wëllen. Dat nodeems de Logementsminister Marc Hansen en Debat ugefrot hat. De President vun der Logementskommissioun an DP-Spriecher zur Wunnengspolitik Max Hahn huet d’Positioun vun der DP presentéiert.

News Familie Corinne Cahen

Eng modern Familljepolitik: fir d'Kanner a fir d'Elteren!

D'Reform vum Congé parental ass e grousse Succès. Kuckt hei d'Reaktioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen an d'Detailler vum Sondage vun TNS Ilres

News Gesellschaft Verfassung, Institutionen und Demokratie Eugène Berger

E modernt Wahlgesetz: Vereinfachung bei der Bréifwahl

An Zukunft ka jiddereen d’Bréifwahl ufroen. Dat ass déi gréissten Ännerung um Wahlgesetz, déi d’Chamber e Mëttwoch decidéiert huet.

News Sport und Freizeit Claude Lamberty

„Alles wat mir an de Sport stiechen, investéiere mir an d’Gesondheet vun eiser Gesellschaft“

De Claude Lamberty ass en Dënschdeg a senger Interpellatioun op d’Facette vum Sport an hirer ganzer Villfalt agaangen. Hien huet sech a senger Interventioun mam Zoustand vum Spëtzesport beschäftegt, mat der Wichtegkeet vum Schoulsport a punkto Integratioun, ma och mam Aspekt vun der Gesondheet. Eise Generalsekretär huet bei där Geleeënheet och d’Organisatioun vun de Federatiounen a vun de Veräiner gesträift an d’Konditioune vun de sëlleche Benevollen um Terrain.

News Arbeit Bildung Sport und Freizeit Wirtschaft Joëlle Elvinger André Bauler Gilles Baum

Froestonn mat 3 DP-Deputéierten

En Dënschdeg huet d’Regierung sech wéi gewinnt den Deputéierten hire Froe gestallt. Sujeten waren dës Kéier ë.a. de Bau vun enger Sportshal fir den Iechternacher Lycée (Gilles Baum), d’Konsequenze vum Brexit fir d’Lëtzebuerger Industrie (André Bauler) an den Detachement bei Betriber (Joëlle Elvinger).

News Tribune libre Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty

Offensiv Fonction publique

De Claude Lamberty geet a senger Tribune libre op den aktuelle Stage an der Fonction publique an. D'Demokratesch Partei wëll un e puer wichtege Schrauwen dréinen, fir datt déi zukünfteg Fonctionnaire eng méi effikass a besser Ausbildung kréien.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Edy Mertens André Bauler

Geplangte Fusioun vum CHdN a CHNP: Wat sinn d'Beweeggrënn?

Ufanks Abrëll 2014 hunn de Centre Hospitalier du Nord (CHdN) an de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) vun Ettelbréck d’Intentioun geäussert fir mateneen ze fusionéieren.

D’DP-Deputéiert André Bauler an Edy Mertens wëllen an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch wëssen, wat déi eigentlech Beweeggrënn fir dës Fusioun sinn.

Pressemitteilung Staat und Öffentlicher Dienst Corinne Cahen

DP: Für eine Offensive im öffentlichen Dienst

Die Demokratische Partei hat der CGFP ihre Ansichten zu einer generellen Reform der Aus- und Weiterbildung im Beamtenwesen mitgeteilt. Dabei geht es um eine bessere Grundausbildung mit einer kürzeren Praktikums-Zeit („Stage“) und um eine regelmäßige, berufsbegleitende Weiterbildung.

Für die DP ist eine solche Reform unabdinglich und muss im Rahmen einer nächsten Verhandlungsrunde mit den Verantwortlichen der CGFP besprochen werden.

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Edy Mertens

Spidolsplang: Fir d’DP steet alleng d’Wuel vum Patient am Mëttelpunkt.

A senger Tribune Libre um Radio ass den DP-Deputéierten Edy Mertens op d’Gesetzreform vum Spidolsplang agaangen an huet nach eemol kloer d’Uleies an d’Argumenter vun der DP-Fraktioun ënnerstrach.

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

Eng nei Jugendherberg zu Veianen?

Dem André Bauler ass zu Ouere komm, dass aus dem fréiere Veiner Altersheim soll eng Jugendherberg ginn. Dowéinst huet den DP-Deputéierte beim Nohaltegkeetsminister nogefrot, wéi eng Renovatiouns- a Restauratiounsaarbechten an dësem historesche Gebai geplangt sinn a wéi vill se kaschte wäerten.

Den André Bauler freet och wéi grouss d’Capacitéit vun der spéiderer Jugendherberg soll ginn a wéini se soll opgoen.

News

D'DP trauert em de Carlo Meintz

Am Alter vun 84 Joer ass de fréieren Député-maire vu Walfer, de Carlo Meintz, gestuerwen.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Mobilität und Verkehr Lex Delles Gusty Graas

D’Deputéiert Lex Delles a Gusty Graas iwwer falsch parken op Behënnerteplazen.

An de leschte Joren huet sech d’Situatioun vu Leit mat enger reduzéierter Mobilitéit zu Lëtzebuerg däitlech verbessert. Ë.a. well den Accès vun ëffentleche Plaze besser amenagéiert ginn ass.

D’DP-Deputéiert Lex Delles a Gusty Graas wëllen dofir vum Nohaltegkeetsministère a vum zoustännege Ministère vun der Police wëssen, wéi vill Parkplazen hei am Land iwwerhaapt fir Leit mat enger Behënnerung reservéiert sinn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

E Verbuet vu Mikroplastik zu Lëtzebuerg?

Eng Rei Länner hunn de Mikroplastik scho verbueden, well d’Kläranlagen en net erausgefiltert kréien. An enger parlamentarescher Fro wëllen de Max Hahn an de Lamberty Claude dofir vum Ëmweltministère wëssen, ob sou e Verbuet net och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Stauen no Accidenter op der Autobunn besser opléisen

D’Stauen op de Lëtzebuerger Stroossen hunn d’Lëtzebuerger Wirtschaft am Joer 2015 eng 390 Milliounen Euro kascht. D’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty stellen an deem Kontext fest, datt vill där Staue wéinst Accidenter a wéinst de laangen Opraumaarbechten no esou Accidenter entstinn. Dofir wëllen déi zwee Parlamentarier elo wëssen, wéi eng Prozedur no engem Knuppert ouni Verwonnter ausgeléist gëtt? An ob d’Vitesse an d’Effikassitéit vun deenen Asätz réckwierkend evaluéiert gëtt?
Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Méi Kapazitéit néideg fir Bauschutt ze deponéieren

Et feelt am Ament un Deponië fir Bauschutt hei am Land. Dat bréngt mat sech, datt d'Camione mam Bauschutt oft laang an onnëtz Weeër queesch duerch d'Land musse fuere, bis si bei enger Deponie ukommen. Dowéinst huet den Emweltministère eng Etude an Optrag ginn, fir nei Site fir Bauschuttdeponien ze detektéieren. Den Deputéierte Max Hahn freet hei no, wat d'Resultater vun dëser Etude sinn a wéi een ka sécher stellen, datt laang Transportweeër an Zukunft verhënnert ginn.