Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Finanzen Eugène Berger

Wéi hunn sech d'Staatsfinanzen am éischte Semester entwéckelt?

Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger freet a senger rezenter parlamentarescher Ufro wéi sech d'Staatsfinanzen am éischte Semester entwéckelt hunn.

Parlamentarische Fragen Finanzen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Gutt Jore mat schlechte kompenséieren?

D’Akommes vun de Baueren a Wënzer variéiert oft staark vu Joer zu Joer. Dofir hat d’Regierung mat der Steierreform Adaptatioune gemaach fir datt d’Baueren an d’Wënzer méi einfach kënne gutt Jore mat schlechte Jore kompenséieren.

Well vill Betriber 2018 verschidde Primme aus deene leschte Joren an enger Kéier wäerten ausbezuelt kréien an doduercher an deem Steierjoer e vill méi héije Revenu wäerten hunn, froen d’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Grass beim Finanzminister Pierre Gramegna no, wéi d’Baueren dës exzeptionell Revenue mat anere Joren optimal versteiere kënnen an ob se dës op méi Jore kënnen echelonnéieren.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Verbesserunge vun den Aarbechtsbedéngunge bei de Buschaufferen am Privatsecteur

Nodeems am Kader vun de Verhandlungen ëm de Kollektivvertrag vun de Buschaufferen am Privatsecteur zejoert festgehal gouf, dass eng Rei Verbesserungen vun den Aarbechtsbedéngungen un d'Verabschide vun engem Règlement grand-ducal duerch den zoustännege Minister geknäppt gëtt, huet den DP-Deputéierten nogefrot, firwat dëst Reglement nach ëmmer net do ass.

Parlamentarische Fragen Verfassung, Institutionen und Demokratie Claude Lamberty Eugène Berger Max Hahn

No dem rezente Virfall: Ass eng Adaptatioun vum Walgesetz neideg?

An der Presse war dëser Deeg ze liesen, datt eng Rëtsch Leit op enger Kandidatelëscht gelant ze sinn, ouni awer hiren Accord dofir ginn ze hunn. Laut den Aussoe vun de betraffene Leit wieren si Affer vun "Manipulatiounen" gewiescht. An hirer urgenter parlamentarescher Ufro froen d'DP-Deputéiert Claude Lamberty, Max Hahn an Eugène Berger no, ob een d'Walgesetz net misst adaptéiere fir den Affer vun esou grave Virfäll, no dem Arrêtéiere vun de Lëschte, nach eng Méiglechkeet ze ginn sech zeréckzezéien.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Aarbechtskonditioune vum CFL-Personal am Summer

Uschléissend un hir rezent parlamentaresch Fro zu den net-klimatiséierten Zich am Héichsummer, ass den DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn zu Ouere komm, dass och d’Personal, besonnesch d’Lokführer an hirer Kabinn, an deenen alen Zich dacks ouni Klimaanlag an a ganz héijen Temperature musse schaffen. Opgrond vun den domadder verbonnene Gesondheets- a Sécherheetsrisiken, hu si beim betraffene Minister nogefrot, ob et säitens dem Personal ewell Reklamatioune an deem Kader gouf, an ob konkret Mesure virgesi sinn, fir déi net-klimatiséiert Lokführerkabinne an Zukunft mat enger Klimaanlag z'equipéieren.

Parlamentarische Fragen Tiere Claude Lamberty Max Hahn

Zentraliséiert Plattform fir vermëssten Déieren?

D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen den zoustännege Minister an hirer rezenter parlamentarescher Ufro ob et net opportun wier eng offiziell online Plattform a d'Liewen ze ruffen, déi all Informatioune vun diversen Annoncë betreffend vermëssten Hausdéier regroupéiert, fir soumat Chancen ze erhéijen déi vermëssten Déier ze fannen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Net-klimatiséiert Zich am Héichsummer ?

Wärend dem Héichsummer klammen Temperaturen an den Zich reegelméisseg iwwer 30° C. Dëst ass fir Passagéier net immens confortabel a kann zudeem negativ Auswierkungen op d'Gesondheet hunn. A hirer parlamentarescher Ufro froen d'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn dofir engersäits wéi vill Zich de Moment mat enger Klimaanlag equipéiert sinn an anerersäits op wéienge Linnen déi net-klimatiséiert Zich agesat ginn. Déi zwee Deputéiert froen och ob et net opportun wier, déi net-klimatiséiert Zich mat enger provisorescher Klimaanlag z’equipéieren.

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler

Nordstad: Wéi geet et mat den Gemengefusiounen virun?

An der Presse war dëser Deeg ze liesen, datt verschidden Nordstad-Gemenge wéilten eng Fusioun ustriewen. D'Gemengen Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng un der Sauer hätten esouguer schonn éischt Fusiounsgespréicher gefouert. A senger parlamentarescher Ufro, freet den DP-Deputéierten André Bauer ënnert anerem ob de Minister dat kéint confirméieren an ob och d'Gemeng Colmer-Bierg aus dem Walbezierk Zentrum theoretesch kéint mat enger Nordstadgemeng fusionéieren.

Parlamentarische Fragen Finanzen Eugène Berger

Stock-options: Ginn et mëttlerweil genee Zuelen?

A senger rezenter parlementarescher Ufro un den Finanzminister, freet den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger no engem Bilan iwwer déi sougenannt "Stock-options". Den Deputéierte freet ënner anerem och no, ob de Finanzminister, opgrond vun de Conlclusioune, weider Ajustementer vun deem Steierrégime virhuelen wëllt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Ginn et Enkpäss bei der Hepatite-A Impfung?

Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, datt et anscheinend Enkpäss beim Hepatite-A Impfstoff ginn. Vill Apdikten hätten d'Impfung an der Vakanzenzäit net méi op Stock. An hirer parlamentarescher Ufro froen si no Informatioune bei der Gesondheetsministesch.

Parlamentarische Fragen Bildung Gesundheit und Pflege Edy Mertens André Bauler Alexander Krieps

Wéi kann een der Pénurie un Infirmieren entgéintwierken?

D'DP Deputéiert André Bauler, Edy Mertens an Alexander Krieps maachen sech vill Gedanken iwwer d'Zukunft vun de Gesondheetsberuffer hei am Land. Et géif scho méi laang eng chronesch Penurie bestoen. An hirer parlamentarescher Fro froen d'Deputéiert dofir ënnert anerem wéi ee kann de Beruff vun den Infirmiere méi attraktiv gestalten an ob et net sënnvoll wier fir eng Sensibiliséierungscampagne an deem Sënn ze lancéieren.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Sanéierung vu verschiddene Stroossen zu Dikrech

Well zu Dikrech verschidde Stroosse wéinst dem villen Trafic an engem schlechten Zoustand sinn, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wéini geplangt wier, dës a Stand ze setzen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Geféierlech Kräizung zu Colmer-Bierg

Well d'Kräizung bei der Post zu Colmer-Bierg sou ugeluecht ass, dass et ëmmer rëm zu Staue kënnt, déi eng Gefor fir d'Verkéierssécherheet duerstellen, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister François Bausch nogefrot, ob et net sënnvoll wir, dës Kräizung anescht ze amenagéieren.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

Wat gëtt ënnerholl géint d'Verschmotzung vun eise Baachen a Flëss?

Reegelméisseg komme bei Botzaktiounen vu Baachen a Flëss enorm Quantitéiten vu Knascht zesummen, deen d'Leit an d'Waasser geheit hunn. Mee och vu Fäll vu Verknaschtung duerch Ueleg oder soss chemesch Substanzen, huet een dës Lescht méi dacks héieren. Dowéinst froen déi zwee DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty bei der Ëmweltministesch no, wat géint dës Zoustänn ënnerholl gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Autonom Gefierer zu Lëtzebuerg: Wéini ass et souwäit?

Den technesche Fortschrëtt mécht dat autonoomt Fueren ëmmer méi realistesch. A ville Länner ginn et Testprojeten an deem Beräich, an och Lëtzebuerg huet en Ofkommes mat Däitschland a Frankräich ënnerschriwwen, fir an déi Richtung ze fuerschen. Aus dëse Grënn wollten d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty vum zoustännege Minister wëssen, wéi de gesetzleche Kader fir Autoen ouni Chauffeur ausgesäit, a vu wéini un dës op de Lëtzebuerger Stroosse kéinten ënnerwee sinn.