Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Eng nei App fir Schied um Stroossen- a Vëlospistereseau méi einfach ze mellen?

Mat der App "cityapp" vun der Stad Lëtzebuerg kann all Bierger Schied op der Strooss, un der Beliichtung asw. ouni Ëmstänn der zoustänneger Verwaltung mellen. Aus deem Grond wollt den DP-Deputéierte Max Hahn vum Transportminister wëssen, ob et net sënnvoll wier, sou eng App och fir déi national Stroossen a Vëlosweeër ze entwéckelen?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn

Firwat koum et awer zu Enkpäss bei den Impfstoffer?

Schonn am September haten d'DP-Deputéiert Max Hahn, Claude Lamberty an Edy Mertens bei der deemoleger Gesondheetsministesch nogefrot, ob et net eventuell zu Enkpäss bei den Impfstoffer géint d'Gripp kéint kommen, besonnesch well ee grousse Produzent decidéiert huet, Lëtzebuerg net méi ze beliwweren. An hirer Äntwert sot d'Ministesch deemools, dass genuch Impfstoffer fir dëse Wanter op Lager wieren. Well et elo awer zu enger Rupture de stock koum, huet de Max Hahn beim aktuelle Gesondheetsminister nogefrot, wou d'Grënn dofir leien, a wat ënnerholl gëtt, fir de Problem ze léisen, respektiv fir dass e sech net méi widderhëlt.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Wat geschitt mat den Terrainen déi EDF zu Cattenom kaf huet?

Wéi an der franséischer Press viru kuerzem ze liese war, huet déi ëffentlech Stroumgesellschaft EDF nei Terrainen zu Cattenom kaf. Den DP-Deputéierte Max Hahn wollt aus deem Grond vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob si wéisst, wat mat dësen Terraine geschéie soll a wéi ee Projet do geplangt wier. Doriwwer eraus wollt hie wëssen, ob si mat de franséischen Autoritéiten am Gespréich wier, fir en nohaltege Projet vun erneierbaren Energien op deem Site z'encouragéieren grad ewéi d'Zoumaache vun der Nuklearzentral zu Cattenom?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Koum et op en Neits zu enger Fuite vun "AdBlue" op der Aire de Berchem?

Nodeems am Juni 2016 schonn eng ronn 55.000 Liter "AdBlue" bei der Shell Tankstell op der Aire de Berchem ausgelaf waren, an d'Biedem an d'Waasser an der Ëmgéigend zolidd verknascht haten, schéngt et op en Neits zu sou enger Fuite komm ze sinn. Dowéinst huet den DP-Deputéierte Gusyt Graas bei der Ëmweltministesch nogefrot, fir gewuer ze ginn, ob dës Informatioune stëmmen, an, wa jo, wéi et dozou komme konnt a wéi eng Konsequenzen dat mat sech brénge wäert, souwuel fir d'Ëmwelt wéi och fir déi betraffen Tankstell.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wat bedeit de gratis ëffentlechen Transport fir d'Bus- an Zuchpersonal?

Nodeems d'Regierung ugekënnegt huet, net nëmmen d'Investissementer an den Ausbau vum ëffentlechen Transport, der Pünktlechkeet, der Sécherheet an dem Confort op engem héijen Niveau wëllen ze halen, mee Zuch, Bus an Tram och komplett gratis ze maachen, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat an deem Fall mat de Ticketskontroller geschéie wäert. Doriwwer eraus wollt hie wëssen, wéi eng Mesure geholl wäerte ginn, fir d'Sécherheet an de Respekt virum Material ze garantéieren.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Froen zum neie Guide fir eng intelligent Beliichtung

Nodeems den neie Guide "Gutes Licht im Außenraum" fir d'Ëffentlechkeet iwwert de Sujet vun der Liichtverschmotzung ze sensibiliséieren viru sechs Méint presentéiert ginn ass, an d'Regierung sech an hirem Koalitiounsaccord op en neits fir d'Bekämpfe vun der Liichtverschmotzung ausgeschwat huet, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi déi éischt Reaktiounen op dëse Guide waren a wéi een Impakt e bis lo um Terrain hat.

Parlamentarische Fragen Kultur Tourismus André Bauler

Wat geschitt mat den ale Schiferbréch zu Uewermaarteleng a Rombech?

Viru ronn 15 Joer huet de Staat déi al Schiferbréch zu Uewermaarteleng a Rombech kaf, fir se op engem kulturellen an historesche Plang ze revaloriséieren, a fir den Tourismus méi attraktiv ze maachen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi d'Konzept fir d'Revitaliséierung vum Site ausgesäit a wéi eng Aarbechten an deem Kader gemaach musse ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wéi steet et ëm d'Drénkwaasserreserven no der laanger Dréchent dëst Joer?

Vu dass net nëmmen dëse Summer vill méi dréche war ewéi aner Joren, mee et och den Hierscht bis ewell net genuch gereent huet, besteet d'Gefor, dass d'Drénkwaasserreserven sech net genuch iwwert de Wanter kënnen erhuelen, wouduerch et nächste Summer zu Versuergungsschwieregkeete komme kéint. Aus deem Grond huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi d'Reserven an der leschte Méint evoluéiert hunn, a wat d'Ministesch ënnerhuele wëll, wann déi aktuell Dréchent nach weider unhält.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wat gëtt géint invasiv Planzenaarten zu Lëtzebuerg ënnerholl?

D’„Renouée du Japon“, och nach „Japanischer Staudenknöterich“ oder „fallopia japonica“ genannt, gehéiert zu den invasive Planzenaarten, déi dacks en negativen Impakt op déi einheimesch Flora hunn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet a senger parlamentarescher Fro Präzisiounen zu ë.a. dëser Planz an hirer Verbreedung zu Lëtzebuerg vun der Ëmweltministesch gefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Evolutioun vum Trafic ronderëm d'Nordstad

Wéi huet sech den Trafic an a ronderëm der Nordstad an de leschte Joren entwéckelt? Well et wichteg ass, rezent Zuelen ze hunn fir kënnen de Verkéier an der Regioun effikass ze geréieren, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, ob viru kuerzem eng Zielung gemaach ginn ass a, wa jo, wat d'Resultat dovunner war.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler

Wat geschitt mam Terrain vun der SNCT zu Kiischpelt?

Well d'Kontrollstatioun zu Kiischpelt soll zou gemaach ginn, an op zwou aner Plazen, op Maarnech an op de Fridhaff, komme soll, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum zoustännege Minister wëssen, wat mat dem Terrain zu Kiischpelt geschéie soll. De Site kéint jo ënnert anerem genotzt ginn, fir Sozialwunnengen ze bauen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi kommen d'Aarbechten op der Gare zu Ettelbréck virun?

A senger parlamentarescher Fro un de Bauteminister François Bausch wollt den DP-Deputéierten André Bauler wëssen, wéi eng Aarbechte genee am Moment op der Ettelbrécker Gare gemaach ginn a wéi dës viru kommen.

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler

Froen zum SICEC

Well net alleguer d'Gemengen am Land Member am SICEC, dem Syndikat deen de Crematoire geréiert, sinn, mussen d'Bierger aus de betraffene Gemenge méi deier fir eng Anäscherung bezuelen. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt an deem Kader vum zoustännege Minister wëssen, wéi eng Gemenge betraff sinn a wéi héich déi zousätzlech Käschte fir d'Bierger leien.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Verkéierssécherheet op der N23

Well et ëmmer erëm, a besonnesch an der Lescht, zu schwéieren Accidenter op der N23 tëscht Maartel a Kimm kënnt, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum zoustännege Minister wëssen, wat hie wëlles huet dogéint ze ënnerhuelen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Keng Direkt-Zich méi tëschent Lëtzebuerg a Bréissel?

Dem DP-Deputéierte Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt keng Direkt-Zich méi tëscht Lëtzebuerg a Bréissel méi kéinte fueren. De Grond wieren déi rezent Infrastrukturaarbechten op eise Schinnen, déi net méi kompatibel mat eise belsche Noperen wieren.