Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Sport und Freizeit Gilles Baum

Klëmmt d'Gewaltbereetschaft bei Sportsevenementer?

No rezenten a bedauerleche Virfäll bei Sportsevenementer freet den DP-Deputéierte Gilles Baum bei den zoustännegen Ministeren no, ob déi allgemeng Gewaltbereetschaft bei de Spiller oder de Supporter an der leschter Zäit geklommen ass.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt

Wéi geet et weider mat der Neiopdeelung vun de Juegdlousen?

D’Ëmweltministesch huet dem Regierungsrot d’Neiopdeelung vun de Juegdlousen zu Lëtzebuerg presentéiert.

Parlamentarische Fragen Kultur Tourismus André Bauler

Ausstellung am Klierfer Schlass

Am Klierfer Schlass gëtt et zanter Joren eng Ausstellung mat Maquettë vun de Lëtzebuerger Buergen a Schlässer. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Kulturministesch nogefrot, wat virgesinn ass, fir d'Konzept vun dëser Expositioun eventuell unzepassen, an d'Ausstellung ënnert anerem fir den Tourismus opzewäerten.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler

Entwécklung vum ländleche Raum

Den DP-Deputéierten André Bauler wollt ënnert anerem vum zoustännege Minister wëssen, wéi eng Mesurë fir d'Entwécklung vum ländleche Raum z'ënnerstëtzen an den nächste Jore geplangt sinn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Justiz und Sicherheit Max Hahn Carole Hartmann

Eng App déi Liewe rette kann?

Esoubal den 112 geruff ass, zielt all Minutt bis d'Secouristen op der Plaz sinn. An Éisträich ass dofir eng App mam Numm "Lebensretter" entwéckelt ginn. Iwwer dës App ginn am Noutfall déi enregistréiert Leit an der direkter Ëmgéigend alarméiert fir dass si éischt Hëllef kënne leeschten an esou Liewe rette kënnen. Eis Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hunn zu dem Thema e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.   

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Europäesche Geriichtshaff bestätegt: Nei Organismen duerch CRISPR cas9-Methode sinn OGMen!

Kierzlech huet den europäesche Geriichtshaff bestätegt, datt Organismen, déi duerch déi nei CRISPR/Cas9-Methode entstinn OGMe gläichgestallt musse ginn. Wat ass d'Positioun vum Landwirtschaftsminister zu deem Uerteel? Wat bedeit dëst fir d'europäesch Landwirtschaft?

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi vill Genossenschaften a landwirtschaftlech Veräiner ginn et zu Lëtzebuerg?

D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wéi vill Genossenschaften a landwirtschaftlech Veräiner et zu Lëtzebuerg iwwerhaapt ginn, a wat fir Secteuren dës aktiv sinn, wéi vill Leit fir se schaffen an a wat fir enger Form se vum Staat ënnerstëtzt ginn?

Parlamentarische Fragen Gemeinden Justiz und Sicherheit Landesplanung und Wohnen Joëlle Elvinger Guy Arendt

Halen d'Gemengen sech un de Pacte Logement?

Am Kader vum Pacte Gemeng hunn d'Gemengen d'Verflichtung den Notären Informatiounen ze gi fir datt dës kënnen definéiere wien alles vun engem Virkafsrecht bei Vente profitéiert. D'Gemeng Walfer schéint dat anescht ze gesinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Firwat rullt et op der Zuchstreck tëscht Rëmeleng an Näerzeng net méi?

Ab dem 10. Januar fuere keng Zich méi tëscht Rëmeleng an Näerzeng, well, wéi d'CFL soen, net genuch Zich disponibel sinn. D'Leit mussen dowéinst de Bus huele fir an d'Stad, e Bus, deen dack schonn zu Rëmeleng iwwerfëllt ass, an och wéinst dem Stau vill méi laang brauch. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hunn aus deem Grond vum Transportminister wollte wëssen, wéi et méiglech ass, dass net genuch Zich disponibel sinn, an ob d'Leit och mat Zäiten iwwert dësen Ausfall informéiert gi sinn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Gëtt och Lëtzebuergeschen Elektroschrott an Entwécklungslänner exportéiert?

Am Prinzip ass d'Ecotrel zu Lëtzebuerg zoustänneg fir d'Asammelen a Recycléiere vun Elektroschrott. Gläichzäiteg ginn all Joer zeg Tonne vun Elektroschrott aus den Industrielänner an Afrika exportéiert, wou deen dann ënnert Bedingunge recycléiert gëtt, déi a kenger Manéier och nëmmen den elementaarsten Ufuerderungen a Saache Gesondheetsschutz an Aarbechtssécherheet entspriechen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Ëmweltministesch nogefrot, ob d'Ecotrel och Elektroschrott an d'Ausland exportéiert, a wa jo, ob et en zouverlässege System gëtt, fir sécherzestellen, dass deen net an Entwécklungslänner lant.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wat gëtt géint de massive Borkekäferbefall an eiser Bëscher ënnerholl?

Wéinst der aussergewéinlecher Dréchent de leschte Summer konnt sech de Borkekäfer an eise Bëscher massiv ausbreeden. Fir de Problem an de Grëff ze kréien an déi betraffe Beem ze hae wier u sech elo am Wanter de beschte Moment, well de Borkekäfer sech aktuell opgrond vun den niddregen Temperaturen net weiderverbreet. Aus deem Gronn huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat si wëlles huet géint de Borkekäfer z'ënnerhuelen, an och wéi si an deem Kader de betraffene Privatbëschbesëtzer ënnert d'Äerm gräife wëll.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Eventuell Beschiedegungen un der Bréck tëschent Schieren an Ierpeldeng un der Sauer?

Opmierksame Bierger si rezent Beschiedegungen um Bëtong vun der Contournementsbréck op der B7 tëschent Schieren an Ierpeldeng un der Sauer opgefall. Den DP-Deputéierten André Bauler freet a senger parlamentarescher Ufro no weideren Detailer.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Konsumenteschutz: Kriibserregend Nanopartikelen a Liewensmëttel

Rezent konnte sougenannt Nanopartikelen net nëmmen a verschiddene Liewensmëttel,mä och a kosmeteschen an a pharmazeuteschen Produiten nogewise ginn. Dës Partikele kënnen, rezenten Etudë no, als méiglech kriibserreegend agestuuft ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an deem Kontext bei den zoustännege Ministeren ënnert anerem no, wéi een de Konsument besser kéint doriwwer informéieren a schützen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Joëlle Elvinger Guy Arendt

Wat sinn d’Konsequenze vun der Spärung vum Stafelter ?

D’Walfer DP-Deputéiert Joëlle Elvinger a Guy Arendt hunn den zoustännege Minister gefrot ob et keng aner Alternativen wéi eng Vollspärung gouf déi trotzdem fir d’Sécherheet beim Chantier gesuergt hätten.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Kënnt et zu enger Verwässerung vun der Waasserschutzdirektiv?

Aktuell, a bis de 4. Mäerz 2019 nach mat, gëtt d'Directive-cadre iwwert de Waasserschutz vun der Europäescher Kommissioun op de Leescht geholl. An deem Kader fäerte verschidde Ëmweltschutzorganisatiounen, dass dës Direktiv geschwächt kéint ginn - mat potenziell gravéierende Konsequenze fir eis Baachen, Séier a Flëss. Dowéinst huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der Ëmweltministesch nogefrot, ob si dës Bedenken deelt a wat si wëlles huet ze maachen, fir dass d'Direktiv näischt vun hirem Gewiicht verléiert. Donieft wollt hie wëssen, ob et net sënnvoll wier, d'Leit méi aktiv iwwert d'Méiglechkeet un der ëffentlecher Consultatioun, déi an deem Kader organiséiert gëtt, deelzehuelen, z'informéieren.