Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Joëlle Elvinger Gusty Graas

Nei Formel vum Medikament LEVOTHYROX® geschwënn um lëtzebuergesche Maart ?

D'Medikament LEVOTHYROX® soll och zu Lëtzebuerg ënnert enger neier Zesummesetzung op de Maart kommen. Dat ouni, datt méiglech Risiken ganz geklärt goufen, déi scho virun 2 Joer am Mëttelpunkt vun enger Debatt stoungen.

D’DP-Deputéiert Joëlle Elvinger a Gusty Graas hunn beim Gesondheetsminister nogefrot, wéi genau een mat dësem Medikament zu Lëtzebuerg wäert ëmgoen.

 

Parlamentarische Fragen Gemeinden Kultur Landesplanung und Wohnen André Bauler

Wat gëtt aus dem Biertrenger Schlass?

Den 29. Januar 2018 ass d‘Biertrenger Schlass am Kadaster vun der Gemeng Schieren ageschriwwe ginn. An enger parlamentarescher Fro, schreift eisen Deputéierten André Bauler, datt deen aussergewéinleche Site am Dikrecher Kanton et  verdéngt, fir renovéiert ze ginn. Esou wéi z.B. d’Schlass vun der Renaissance zu Beefort. Den Ament gehéiert d’Biertrenger Schlass dem Roude Kräiz, dat d‘Schlass verkafe wëll. Den André Bauler huet duerzou e puer Froen un d’Kulturministesch.  

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Léisung zur Problematik Eechepressessiounsraup?

Eechepressessiounsraupe schéngen all Joer méi dacks zu Lëtzebuerg opzedauchen. Si sinn eng Gefor, well d’Sekreter vun hiren Hoer d‘Haut vun de Mënsche staark verbrennen. Dofir ginn elo Géigemesure geholl, an zwar prinzipiell op deene Plazen, wou de Raup riskéiert, fir de Leit geféierlech ze ginn. Zu Guénange an der Lorraine huet d’Gemeng den „Institut de Recherche Agronomique“  (INRA) em Hëllef gefrot. Deem seng Experten hu mat enger Drone déi riskant Plaze mat engem Biocide gesprayt, ouni dass d’Ëmwelt dobäi zu Schued koum ass. An deem Kontext huet eisen Deputéierte Gusty Graas der Ëmweltministesch an dem Gesondheetsminister e puer Froe gestallt.

Parlamentarische Fragen Arbeit Landesplanung und Wohnen Staat und Öffentlicher Dienst Gilles Baum

Eidel Déngschtwunnengen anescht notzen?

Wärend der leschter Legislaturperiod huet d‘Regierung de System vun de Déngschtwunnenge reforméiert, déi verschidde Fonctionnairen a Beamten aus dem Staatsdéngscht zur Verfügung gestallt ginn. Do gouf ë.a. de Loyer un de Marchéspräis an där spezifescher Zone adaptéiert. Eisen Deputéierte Gilles Baum huet der Ministesch vum Logement, dem Minister vun der banneschter Sécherheet an dem Finanzminister e puer Froen dozou gestallt.

Parlamentarische Fragen Arbeit Wirtschaft André Bauler Carole Hartmann

D’Entwécklung vu Start-Upen encouragéieren

Am Kader vu senger ekonomescher Diversifikatiounspolitik wëll de Wirtschaftsministère jo d’Entwécklung vu Start-Upen encouragéieren. Fir Lëtzebuerg als „Start-Up Nation“ z’ënnerstëtzen, wëll d'Regierung den Image vum Land an déi Richtung entwéckelen an domadder d’Visibilitéit op nationalem an internationalem Niveau stäerken. Ë.a. mat enger  Marketing- a Kommunikatiounsstrategie, déi soll méi Investisseuren an deene verschiddenen Domänen unzéien. An dësem Kontext hunn eis Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler e puer Froen un de Wirtschaftsminister gestallt.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere André Bauler Gusty Graas

Wat soen d'EU-Memberstaaten zum Fräihandelsaccord tëscht der EU an deene 4 Länner vum "Mercosur"?

No 20 Joer Verhandlunge si sech d’EU an déi 4 Länner vum „Mercosur“ (Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay) den 28. Juni iwwer d’Base vun engem Handelsaccord eens ginn. Wärend déi europäesch Wirtschaft, wéi z.B. Däitschland, sech doriwwer freet, mécht sech déi europäesch Landwirtschaft Suerge wéinst engem evtl. Massenimport aus Länner, an deenen net déi selwecht Reegele gëlle wéi an Europa. Dat betëfft z.B. d’Beräicher vum Sozialen, vum Ëmweltschutz oder vum Déiereschutz. Deemno stellt sech d’Fro, ob deen Handelsaccord vun der europäescher Kommissioun soll ugeholl ginn oder net. An dem Kontext hunn eis Deputéiert Gilles Baum an André Bauler dem Landwirtschaftsminister e puer Froe gestallt.

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler

En Nopeschfest fir all d'Bierger aus den Nordstadgemengen?

Den Entwécklungspol vun der Nordstad besteet ë.a. aus der Kooperatioun tëscht de 6 Gemengen, déi ëmmer méi verdéift gëtt. Ma et muss och Wäert op déi sozial Kohäsioun tëschent den Awunner geluecht ginn. An deem Kader huet den Deputéierten André Bauler dem zoustännege Minister e puer Froen iwwert d’Organisatioun vu gemeinsamen Eventer an der Nordstad gestallt.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus mat Insekten als Déierefudder ?

A Frankräich an Holland ginn Insekte geziicht fir als Fuddermiel un Déiere verfiddert ze ginn. Dëst wier eng reell Alternativ zum Fëschmiel oder Sojamiel. D’DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas hu beim Agrarminister nogefrot ob och zu Lëtzebuerg esou Fuddermiel produzéiert oder verfiddert gëtt a wéi eng Risiken a Limitten dës Fudderaart opweist.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Besser Verkéierssécherheet duerch Timer bei de roude Luuchten?


Rout Luuchte mat Timer hëllefen d'Sécherheet op eise Stroossen ze verbesseren, doduerch dass d'Chauffeure manner gestresst sinn, wann se op gréng waarden. Och fir d'Foussgänger kënnen sou Timere bei den Zebrasträife vu Virdeel sinn an d'Sécherheet verbesseren. Aus deem Grond huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot, ob et och zu Lëtzebuerg geplangt wier, sou Timeren op de Kräizungen z'installéieren.

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler Gusty Graas

Gëtt de Congé politique adaptéiert?

Déi lescht Jore mussen d’Schäffen- a Gemengeréit net nëmme méi, mä och méi komplex Dossieren traitéieren. Am Koalitiounsaccord gouf festgehalen, datt déi aktuell Dispositioune vum Congé politique géifen analyséiert an eventuell adaptéiert ginn. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dëst scho geschitt wier an ob eng Adaptatioun zréckbehale gouf.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn

Telemedezin am Rettungsdéngscht

Och bei de Rettungsdéngschter bidden déi nei Technologië villverspriechend Méiglechkeeten, nach méi effikass ze schaffen an d’Prise en charge vum Patient weider ze verbesseren.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Staat und Öffentlicher Dienst Gusty Graas

Wien entscheet wou nei Pompjeeskasären hikommen ?

Zanter laangem ass geplangt e gemeinsame Centre d’intervention fir d’Gemenge Beetebuerg an Diddeleng ze schafen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wien decidéiert wou nei Kasären hikommen an ob d’Meenung vun de betraffene Gemenge bei deenen Decisiounen net sollte berécksiichtegt ginn.

Parlamentarische Fragen Bildung

En Internat nieft dem Cliärrwer Lycée: Wou ass den Dossier drun?

A senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro zu engem méiglechen Internat nieft dem Cliärrwer Lycée huet den zoustännege Minister erkläert, et misst fir d'éischt eng Analyse vun der Unzuel vu Schüler an den nächste Jore gemaach ginn, fir ze kucken, ob och tatsächlech e Besoin fir sou eng Infrastruktur do wier. Aktuell sinn eng 180 Schüler am Cliärrwer Lycée ageschriwwen, an et ass dovun auszegoen, dass dës Zuel an den nächsten zwee Joer op méi wéi 500 klëmmt. Dowéinst hunn ech nach eng Kéier beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit d'Aarbechten am Ministère sinn a bis wéini et virgesinn ass, zu enger Decisioun an deem Dossier ze kommen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum

Ginn d'Wënzer fir de Schued an de Wéngerten entschiedegt?

De Frascht an der Nuecht vum 4. op de 5. Mee huet grousse Schued an de Lëtzebuerger Wéngerten ugeriicht. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet beim zoustännege Minister no, wéi grouss de Schued ass, wéi vill Wënzer géint esou e Schued wéinst Frascht verséchert sinn an ob et eventuell nach eng aner Hëllef vum Staat gëtt fir den Ausfall ze kompenséieren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Mobilität und Verkehr Max Hahn

Eng blo Luucht fir d'Dokteren?

Well am Noutfall all Sekonn zielt, ass et wichteg, dass d'Hëllef sou séier wéi méiglech op der Plaz ass. Besonnesch am ländleche Raum kënnen dacks d'Doktere méi séier wéi d'Ambulanz oder de SAMU beim Patient sinn. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dofir bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob d'Dokteren net och eng blo Luucht fir de Fall vun enger Urgence kéinte kréien an ob net insgesamt d'Zesummenaarbecht tëscht Rettungsdéngschter an Dokteren am ländleche Raum kéint verbessert ginn.