Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Medien und ICT André Bauler

Wat geschitt mat den historeschen Archive vun RTL, wann eng Rei vum Grupp sengen Aktivitéite Lëtzebuerg wäerte verloossen?

Zanter 1929 ass RTL zu Lëtzebuerg an ass de Pionéier am audiovisuelle Secteur vum Grand-Duché. Wann et zu engem Transfert op Köln kënnt, huet den DP-Deputéierten André Bauler d'Kulturministesch gefrot, ob si bereet wier, fir déi historesch Archive vun RTL, déi e bedeitenden Deel vun eisem Patrimoine an dësem Beräich duerstellen, ze klasséieren. Konform zum Artikel 15 vum Archivgesetz vum 17. August 2018.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Geschwënn obligatoresch Abbiegeassistenten fir Camionen a Busser?

Well d'Vëlosfuerer zu de schwächste Glidder am Stroosseverkéier gehéieren, huet déi Europäesch Kommissioun decidéiert, dass ab 2024 all neie Camion a Bus mat engem sougenannten "Abbiegeassistent" muss equipéiert sinn, fir d'Verkéierssécherheet z'erhéijen. Eisen däitschen Noperen dauert dat ze laang, dowéinst hu si elo scho Mesure geholl, fir Gefierer mat dësen Assistenten z'equipéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister nogefrot, wéi seng Positioun zu där Thematik ass, an ob hien och wëlls huet, méi séier wéi den europäesche Legislateur ze handelen.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Réckgang vun der däitscher Industrie

D'Medie mellen, dass déi däitsch Industrie ofhëlt an hir Exportatiounen zeréck ginn. Huet dat Auswierkungen op déi lëtzebuergesch Industrie? Zu dem Thema huet den Deputéierten André Bauler e puer Froen un de Wirtschaftsminister gestallt.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Max Hahn

Kënnen Drone fir méi Verkéierssécherheet suergen?

A Spuenien, Frankräich an England ginn Drone bei der Police fir Verkéierskontrollen a Verkéiersiwwerwaachungen agesat. Dës Drone si mat gudde Kameraen equipéiert a kënnen esou Verstéiss géint de Code de la Route erkennen.  

Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dozou e puer Froen un de Minister fir bannescht Sécherheet gestallt. 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Wéi wierkt sech d'Dréchent op eis Beem aus?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Ëmweltministesch a beim Landwirtschaftsminister no de Konsequenze vun der Dréchent op eis Beem gefrot. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wéi verschmotzt ass d'Kuer?

Nom grousse Feier an der Industriezone Gadderscheier ass vill Läschwaasser an d'Kuer gelaf, sou datt dës elo verschmotzt ass. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei der Ëmweltministesch no, wat fir e Schued u Fauna an Flora entstanen ass. Hie freet och firwat den Opfaangbecke vun der Industriezone d'Läschwaasser net konnt opfänken a firwat en net sou concipéiert gouf fir géint sou en Tëschefall gewappnet ze sinn?

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Neit Wettrëschten nom Schluss vum INF-Vertrag?

Zanter dem 2. August ass den INF-Vertrag tëschent den USA a Russland, deen de Verbuet vun nukleare Mëttelstreckerakéite verbueden huet, ausser Kraaft. De Gusty Graas freet de Verdeedegungsminister wat d’Konsequenze vum Enn vum INF-Vertrag sinn an ob mer net elo riskéieren en neit Wettrëschten ze erliewen?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler Carole Hartmann

Gëtt de Centre Hospitalier du Nord ëm ee Gebai fir ambulant Interventiounen erweidert?

2018 gouf vun der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch confirméiert, datt eng Etüd iwwert eng méiglech Erweiderung vum Centre Hospitalier du Nord ëm een ambulante Block amgaang wier.

Den André Bauler vun der DP wollt wëssen, wat sech an der Tëschenzäit gedoen huet.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Justiz und Sicherheit Max Hahn

Zivil Hochzäite baussent der Gemeng: Wou si mer drun?

De Koalitiounsaccord gesäit verschidden Ännerunge fir zivil Manifestatioune vir. Dat gëllt z.B. dofir, datt Koppelen sech an Zukunft kéinten op aner Plaze bestueden, wéi am Gemengenhaus. Ma och bei de Begriefnisser sinn Upassunge virgesi. Ech hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wou dës Aarbechten dru sinn. Och wat d'Méiglechkeet betrëfft fir Äschen an enger Baach oder an engem Floss ze verstreeën. 

 

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Max Hahn

Solarpaneauen um Waasser. Eng Alternativ fir Lëtzebuerg?

Am Ausland – zemol a China, a Japan oder zu London – gi Solarpanneaue scho méi laang um Waasser installéiert. Dat bréngt eng ganz Partie Virdeeler mat sech. Ech hunn den Energieminister gefrot, ob dat och um Stauséi eng Alternativ fir Lëtzebuerg wier.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler Carole Hartmann

Laang Waardezäiten beim Service audiophonologique?

Patienten, déi een Hörapparat brauchen, mussen ee Rendez-vous beim Service audiophonologique ufroen. Dobäi kann et zu laange Waardezäite kommen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn dozou e puer Froen.

Parlamentarische Fragen Sport und Freizeit Carole Hartmann

Kee Gummigranulat méi fir synthetesch Terrainen?

Eng europäesch Initiativ kéint Gummigranulat limitéieren oder souguer verbidden. Dëst Granulat gëtt och als Fëllmaterial fir synthetesch Terrainen genotzt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Sportminister nogefrot, wéi sech dat op Lëtzebuerg auswierke kéint.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Wéi gesäit et mam Remboursement vun homeopathesche Mëttel zu Lëtzebuerg aus?

Frankräich huet decidéiert ab 2021 homeopathesch Mëttel net méi vun der Krankekeess rembourséieren ze loossen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann freet bei den zoustännege Minister no, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Sport und Freizeit Tourismus Gilles Baum

Wéi geet et viru mat der Esplanade zu Réimech?

Virun dräi Joer huet d'Chamber gréng Luucht ginn, fir d’Etüde vum Reamenagement vun der Esplanade zu Réimech. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet elo beim zoustännege Minister no, wou d'Aarbechten dru sinn a wéini déi éischt Soumissiounen eraus ginn?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Wéi geet et weider mat de Juegdlousen?

Vum 15. Mäerz bis de 16. Abrëll konnt de Public Observatiounen zu der Propose vun der Ëmweltministesch fir d’Neiopdeelung vun de Juegdlousen erareechen. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an de André Bauler hunn déi zoustänneg Ministesch gefrot wéi vill Observatiounen erageschéckt goufen, ob dës schonn all analyséiert goufen an ob et nach zu Verännerunge bei de Limitte wäert kommen?