Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Illegal Deponie zu Déifferdeng: Wat seet d'Ministesch dozou?

Rezent ass an engem Artikel op Reporter.lu d'Problematik vun enger illegaler Deponie zu Déifferdeng opgeworf ginn, déi éischtens net autoriséiert soll sinn, op där zweetens och héich gëftege Knascht entsuergt soll ginn an aus där drëttens knaschtegt Waasser an d'Kuer soll lafen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, ob dës Behaaptunge stëmme géifen, a wa jo, wat der Ministesch hir Reaktioun dorop wier.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Chasse administrative: Wéi eng aner invasiv Spezies kënnt a Fro?


Nodeems d'Ëmweltministesch hiren Accord ginn huet fir eng administrativ Juegd op d'Muffelen zu Iechternach z'organiséieren, wollt den DP-Deputéierte Gusty Graas vun hir wëssen, wéi eng aner invasiv Spezies hei am Land a Fro géif kommen, wéinst dem grousse Schued, dee si um lokalen Ekosystem mécht, duerch déi ëffentlech Hand deziméiert ze ginn. Hien huet an deem Kader besonnesch op de Kormoran verwisen, dee schonn zënter Jore grousse Schued un der indigener Fëschpopulatioun uriicht.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Wat gëtt géint d'Depressioun zu Lëtzebuerg ënnerholl?

Aus enger europäescher Etüd geet ervir, datt ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg un depressive Stéierunge leiden. Den DP-Deputéierten, Gusty Graas, huet dem Gesondheetsminister dozou e puer Froe gestallt.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Illegal Deponie a Frankräich: Wat ass den Impakt op d'Uelzecht?

Viru kuerzem ass eng Deponie am franséische Rédange entdeckt ginn, wou Onbekannter ronn 200 Tonne Knascht illegal entsuergt hunn. Well dës Deponie awer ganz no um Beler läit, enger Baach, déi an d'Uelzecht leeft, besteet d'Gefor, dass duerch d'Reewaasser Knascht an dës Waasserleef duerchsickert. Och huet d'Gemeng Rédange annoncéiert, si hätt d'Moyenen net, fir de Knascht ewechzemaachen, soudass dës Deponie méiglecherweis iwwer e längeren Zäitraum d'Uelzecht verknaschte kéint. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat si wëlles huet, z'ënnerhuelen.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Wirtschaft André Bauler

Speziell Wunnengen an Ateliere fir Kënschtler schafen?

Jonk Kënschtler si finanziell net ëmmer gutt gestallt fir eng Wunneng mat engem klengen Atelier ze lounen. Et ass also wichteg, datt hinnen op deem Plang gehollef gëtt.

Dofir huet den Deputéierten André Bauler d'Kulturministesch gefrot ob et de Moment speziell Wunnenge gëtt fir jonken Artisten zur Verfügung ze stellen. Weider wollt den Nord-Deputéierte wëssen ob d'Ministesch envisagéiert fir neie Wunnraum fir Kënschtler erschléissen ze loossen; Wunnengen, déi mat Ateliere kéinte kombinéiert ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Bretell A13 zu Fréiseng: Wou ass den Dossier drun?

D'Opfaart op d'A13 zu Fréiseng a Richtung Munneref ass ewell scho méi wéi 15 Joer zou, dëst well de Staat deemools déi Brëtell gebaut hat, ouni dass ëm d'Terraine gehéiert hunn. Mëttlerweil wier eng Enteegnungsprozedur wéinst "utilité publique" lancéiert ginn, dat ass aus der Äntwert vum Bauteminister op eng mëndlech Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas aus dem Joer 2016 ervirgaangen. Allerdéngs ass dräi Joer méi spéit nach ëmmer kee Progrès ze gesinn, sou dass de Gusty Graas nach emol nogefrot huet, wou den Dossier drun ass.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Kënnen d'Hëllefe fir d'Baueren indexéiert ginn?

Duerch d'Indextranchë gëtt d'Produktioun vu landwirtschaftleche Produite zu Lëtzebuerg reegelméisseg méi deier woubäi hire Verkafspräis, trotz Inflatioun, erofgeet. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas froen de Landwirtschaftsminister ob een d'Agrarhëllefen net och kéint indexéieren oder ob et aner Weeër gi fir de Baueren ze hëllefe fir datt si dës Méikäschte kompenséiere kënnen.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Wéi ee Site fir déi nei ASTA-Laboen?

Wou sollen déi nei Laboe fir d'Administration des services techniques de l'agriculture (ASTA) hikommen? Nodeems, wéi et schéngt, aus dem urspréngleche Site um Fridhaff bei Dikrech näischt gëtt, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wéi eng aner Plazen ëm d'Nordstad a Fro géife kommen. Ausserdeem wollt den André Bauler wëssen, ob virgesi wier, all d'Büroe vun der ASTA op den neie Site am Sënn vun der administrativer Dezentraliséierung ze verleeën.

Parlamentarische Fragen Mittelstand Wirtschaft André Bauler

Wéi steet et mat der Diversifikatioun an Dezentraliséierung vun eiser Ekonomie?

Am Regierungsaccord steet, datt weiderhin Efforte wäerte gemaach gi, wat d'Diversifikatioun an d'Dezentraliséierung vun eiser Ekonomie ugeet. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Wirtschaftsminister no, wat bis ewell erreecht gouf.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Gusty Graas

Wéini kritt den LTPS säi neit Gebai?

Am Juli 2017 gouf decidéiert, datt de Lycée Technique pour Professions de Santé ee neit Gebai sollt kréien. D'Aarbechten hu bis haut net ugefaangen. An dësem Kontext hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum den zoustännege Ministeren dozou Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

Klassement vun der Porkierch vu Méchela a vun der Kapell vun Uewerschlënner?

An enger parlamentarescher Fro un d’Kulturministesch beschäftegt sech den Deputéierten André Bauler mat den Demanden, fir zwee reliéis Gebaier als historesche Mobilier ze klasséieren.

Et geet em d’Porkierch vum hellege Wendelin a vum hellegen Donatius vu Mechela aus dem Joer 1682 an em d’Kapell vum hellege Mäerten vun Uewerschlënner.

Den Nord-Deputéierte freet elo no, wou déi Demanden dru sinn an ob de Ministère scho mat der Gemeng Buerschent iwwert eng eventuell Restauratioun vun de Gebaier diskutéiert huet.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Gusty Graas

Kann kënstlech Intelligenz bei Enquête géint Kannerpornographie hëllefen?

Mat Hëllef vu kënstlecher Intelligenz an dem Asaz vu computergeneréierte Biller kéint d’Police am Darknet erfollegräich Enquête géint Kannerpornographie a Kannerschänner maachen. An dësem Kader huet Eisen DP Deputéierte Gusty Graas e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere Guy Arendt Gusty Graas

Wéi vill Fiiss sinn déi lescht Jore gefaange ginn?

D'Ëmweltministesch dierf d'Fänke vu Fiiss op Ufro erlaben. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Guy Arendt hu bei hir nogefrot, wéi vill Autorisatiounen d'Ministesch déi lescht Joren ausgestallt huet an ob een doraus schléisse kann, datt méi Fiiss bei d'Haiser kommen. Eis Deputéiert froen och no wou dës Fiiss ausgesat ginn an ob d'Fänke vu Fiiss bei Haiser och effikass ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Firwat keng Ausnam fir Autoe mat Allrad ?

Et ass bekannt, datt Autoe mat Allrad och bei Schnéi d’Strooss gutt halen an och Koppen eropkommen. Duerch e groussherzoglecht Reglement ass et elo verbueden op 29 Stroossen bei Schnéi an Äis ze fueren! Den DP-Deputéierte Max Hahn freet den zoustännege Minister ob een net kéint eng Ausnam fir Autoe mat Allrad maachen, well dës jo grad equipéiert si fir och bei Schnéi an Äis d’Strooss ze halen. Am Ausland ginn et iwwregens schonn esou Ausnamen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Wéi ass et mat der afrikanescher Schwéngspescht?

D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas froen déi zoustänneg Ministeren no der Evaluatioun vun der afrikanescher Schwéngspescht. Ënner anerem wëllen si wësse wéi vill Wëllschwäin an der Zone blanche getest goufen, wéi vill der geschoss a wéi vill der duerch Fale gefaange goufen. Doniewent froen si sech ob et duerch d'Opriichte vum Zong méi Wëldschued gëtt an op déi concernéiert Juegdpächter kéinten indemniséiert ginn.