Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Carole Hartmann

Laang Waardezäiten beim Conseil arbitral de la sécurité sociale?

De Conseil arbitral de la sécurité sociale entscheed an éischter Instanz bei Sträitfäll tëschtent de Versécherten an den Organer vun der Sozialversécherung. 

Dobäi kann et zu laange Waardezäite kommen bis een Dossier an enger Sëtzung traitéiert gëtt. 

D`DP Deputéiert Carole Hartmann hat zu dëser Situatioun ë puer Froen un den zoustännege Minister.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Sport und Freizeit Max Hahn Carole Hartmann

Wéi kann d'Ëmweltbewosstsinn am Sport gefërdert ginn?

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun huet seng Clibb dozou opgeruff keng Plastikfläsche méi wärend dem Training oder de Matcher unzebidden. Fir den ekologeschen Impakt ze verréngeren, hu verschidde Gemenge scho Waasserspender an hire Sportshalen installéiert. 

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi d'Ëmweltbewosstsinn am Sport ka gefërdert ginn. 

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Et feelt u Kohärenz an den Immobilienannoncen

D'Immobilien zu Lëtzebuerg si schwéier mateneen ze vergläiche well d'Annoncen immens verschidden opgebaut sinn. Mol ass net kloer wéi vill Meter Carré d'Wunneng oder d'Haus huet, mol ass den annoncéierte Präis mat 3% TVA gerechent, an eréischt méi spéit gëtt de Konsument da gewuer, dass hien eventuell guer keen Usproch op de reduzéierten Taux huet an den normalen Taux vu 17% muss bezuelen. Eisen Deputéierte Max Hahn huet zu dësem Thema e puer Froen un déi zoustänneg Ministesche gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Gëtt et zu Lëtzebuerg Fäll vu Gewalt beim Fraendokter oder bei der Gebuertshëllef?

Den 3. Oktober 2019 gouf op der parlamentarescher Plénière vum Europarot de Rapport "Violences obstétricales et gynécologiques" thematiséiert. Am Kader vun dëser Versammlung goufen d'Memberstaaten dozou opgefuerdert sech méi an dësem Beräich z'engagéieren. 

An dësem Kontext huet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim Gesondheetsminister nogefrot, ob och zu Lëtzebuerg Fäll vu Gewalt beim Fraendokter oder bei der Gebuertshëllef bekannt sinn?

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Nei Subventioune fir d'Elektromobilitéit méi attraktiv ze maachen?

Well d'Uschafe vun engem Elektroauto zum Deel mat Niewekäschte verbonnen ass, wéi z.B. d'Installéiere vun enger Borne doheem fir den Auto opzelueden, huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot, ob et net geplangt wier, fir de Leit an där Hisiicht ënnert d'Äerm ze gräifen an op déi Manéier d'Elektromobilitéit nach méi attraktiv ze maachen. Dat selwecht gëllt och fir Solarzellen: Hei wollt de Max Hahn wëssen, ob an Zukunft Installatioune fir déi produzéiert Energie ze stockéieren, eventuell vum Ministère subventionéiert ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Carole Hartmann

Wéi kann d'Kommunikatioun iwwer Verspéidunge vu Bus an Zuch verbessert ginn?

Déi nei Versioun vun der Mobilitéits-App versprécht d'Passagéier an "temps réel" iwwer eventuell Verspéidungen an Annulatiounen z'informéieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler wollten an deem Kader vum Minister wëssen, ob schonn all Bus equipéiert ass, fir mat der App ze kommunizéieren, wat geplangt ass fir déi Leit, déi kee Smartphone hunn, besser z'informéieren an op wéi eng Manéier Ausfäll vu Busser am ländleche Raum besser opgefaange solle ginn.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Zousätzlech Mesure fir d'Installéiere vu Solarzellen ze fërderen?

Déi éischt Subventioune fir Solarzelle goufen zu Lëtzebuerg viru ronn 20 Joer agefouert, déi betraffe Kontrakter lafen deemno deemnächst aus respektiv si schonn ausgelaf. Den DP-Deputéierte Max Hahn wollt dowéinst vum Energieminister wëssen, ob dësen net mengt, dass wéinst den niddregen Energiepräisser verschidde Besëtzer hir Anlage kéinten opginn, an ob aus deem Grond virgesinn ass, zousätzlech Mesuren ze huele fir déi Leit z'ënnerstëtzen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Aktiv Opforstung vun eise Bëscher als Mesure géint de Klimawandel?

Well d'Bëscher vill CO2 bannen, si si e wichtegt Element am Kampf géint de Klimawandel. Déi däitsch Regierung huet dowéinst annoncéiert, Milliounen nei Beem wëllen ze planzen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, ob et ähnlech Pläng och hei am Land ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Kënnen d'Dreckstippen zu Lëtzebuerg als Energiequelle genotzt ginn?

D'Zäregas Methan ass ronn 25 mol méi schiedlech fir d'Klima wéi den CO2. Der amerikanescher Ëmweltverwaltung no sinn d'Dreckstippen an den USA fir 14,1% vum gesamte Methanausstouss zoustänneg, an hunn domadder e bedeitenden Impakt op d'Klima. Dobäi kéint dëst Gas opgefaang a fir d'Stroumproduktioun genotzt ginn. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Kläranlagen als Stroumproduzenten?

Och Kläranlage produzéiere laut wëssenschaftlechen Etüden eng Rei Zäregasen, dorënner besonnesch Laachgas (N2O), deen eng 300 mol méi schiedlech fir d'Klima ass wéi den CO2. Den DP-Deputéierte Max Hahn wollt dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass, ob dëse Gas opgefaange gëtt an ob net Stroum domadder produzéiert kéint ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Moderniséierung vun der Ettelbrécker Gare

Wärend de Summerméint hu wichteg Moderniséierungsaarbechten op der Ettelbrécker Gare stattfonnt. Fir d'Aarbechten net ze behënneren ass d'Zuchstreck an den Norde fir e puer Woche gespaart ginn. An dësem Kader huet eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen un de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn Carole Hartmann

Optimisatioun vun der Behandlung vu Patienten an den Urgencen

Eng Klinik an Däitschland huet ee Projet lancéiert fir d'Kommunikatioun vum Rettungsdéngscht, mat Hëllef vun engem elektronesche Protokoll, ze verbesseren. Eis Deputéiert, d'Carole Hartmann an de Max Hahn, hu nogefrto, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gilles Baum Max Hahn

Wéini kritt een déi gréng Valorlux-Tut am ganze Land?

Aktuell lafen zwee Pilot-Projeten vun der Valorlux mat Tuten, an déi ee méi Plastiks-Verpackungen dra maache kann, wéi an déi normal. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Max Hahn hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, ob schonn éischt Konklusioune aus deene Projeten gezu konnte ginn an ob a wéini dës wäerten op d'ganzt Land ausgedeent ginn.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Guy Arendt Gusty Graas

Wéi héich ass de Wëldschued dëst Joer?

Wéi d’Zeitung „De Letzebuerger Bauer“ mellt, wier de Wëldschued an de Maisfelder dëst Joer besonnesch héich. D’DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn dofir bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi grouss de Schued da wierklech ass a wéi een dee Schued an Zukunft kéint a Grenzen halen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Gëtt de gréisste Reebësch an Alaska zur Ofholzung fräiginn?

Dem amerikanesche President Donald Trump seng Annonce, den "Tongass National Forest" fir wirtschaftlech Aktivitéite wëlle fräizeginn, gouf international vun Ëmweltschutzorganisatioune schaarf kritiséiert. Als bedeitenden CO2-Späicher ass de gréissten urspréngleche Reebësch an Nordamerika e wichtege Puffer am Kampf géint de Klimawandel. Den DP-Deputéierte Gusty Graas wollt vun der Regierung wëssen, wat hir Reaktioun op dës Annonce ass.