Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gemeinden André Bauler

Zousätzlech finanziell Hëllefe bei enger Fusioun vun den Nordstad-Gemengen?

Wéi aus der Äntwert op dem DP-Deputéierten André Bauler seng parlamentaresch Fro n°1368 ervirgeet, géif d'Nordstad no der Fusioun eng ronn 11 Millioune staatlech Dotatioune méi kréien, wéi déi fënnef eenzel Gemenge bis elo. Den André Bauler wollt an deem Kader vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob eventuell zousätzlech Aiden denkbar wieren, fir z.B. spezifesch Projeten, déi am Fall vun enger Fusioun géifen ufalen, z'ënnerstëtzen.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Kultur André Bauler Gilles Baum

Kierchegebaier déi als nationaalt Monument klasséiert sinn

Eng Rei Kierchen uechter d'Land sinn am Besëtz vun der Gemeng, déi dem Kierchefong d'Gebaier iwwer eng Konventioun zur Verfügung stellen. Laut dem Gesetz iwwer d'Gestioun vun deene Gebaier, déi als nationaalt Monument klasséiert sinn, muss d'Gemeng fir d'Erhale vum Patrimoine suergen. Eisen Deputéierten ass awer zu Ouere komm, dass d'Gemenge sämtlech Artikelen dëst betreffend aus hirem Budget gestrach kritt hunn. Aus dësem Grond hunn eis Deputéierte Gilles Baum an André Bauler e puer Froen un déi zoustänneg Ministesche gestallt. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Wat fir Konsequenzen fir eis Bëscher bei der Schwéngspescht ?

Falls d'afrikanesch Schwéngspescht zu Lëtzebuerg géif ausbrieche misst schnell gehandelt ginn. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas froe bei den zoustännege Ministeren no, wat fir Mesuren ergraff géife ginn an ob d'Bëscher géife ganz zougemaach ginn? Dëst hätt dann natierlech Konsequenze fir d'Bëschbesëtzer, d'Juegdpiechter an déi Leit déi e Chalet am Bësch besëtzen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Gouf et méi Wëldschued duerch den Zong?

D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas froen d'Ëmweltministesch no den Auswierkunge vum Zong ronderëm d'Zone blanche op d'Juegdlousen. Si wëllen ënner anerem wëssen ob et duerch d'Opriichte vum Zong méi Wëldschued gouf an ob déi concernéiert Juegdpächter kéinten indemniséiert ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty

Kuerzfristege Baustopp zu Schëndels: Wat sinn d'Hannergrënn?

Wéi aus engem rezenten Artikel ervirgeet, ass et bei den Aarbechten un der Vëlospist Miersch-Schëndels zu engem kuerzfristege Baustopp komm. Dat well anscheinend eng Ëmweltimpaktetüd géif feelen, quitt dass den Ëmweltministère awer schonn am August 2019 d'Autorisatioun ginn hat, fir mat der zweeter Phase vun den Aarbechten unzefänken. Den DP-Deputéierte Claude Lamberty huet dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat sou wier a wa jo, wat den Hannergrond dovunner wier. Hie wollt ausserdeem wëssen, wéi sou Situatiounen an Zukunft evitéiert kënne ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wéi kënnen d'Waardezäite bei der Zuchbarriär reduzéiert ginn?

Op ville Plazen am Land, z.B. zu Dippech, ass d'Barriär zimmlech laang zou, wann en Zuch kënnt. Sou entsti grouss Stauen, am schlëmmste Fall verléiere souguer Rettungsdéngschter wäertvoll Zäit, fir op hiren Asaz ze kommen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob et keng technesch Méiglechkeete gëtt, fir d'Barriäre méi präzis ze schalten an d'Zäit, wärend där d'Barriäre rof sinn, ze reduzéieren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Sport und Freizeit Gusty Graas

Wéi geféierlech si Kappbäll fir Futtballspiller ënner 12 Joer?

Kappbäll am Futtball kënne zu Gesondheetsrisike, wéi z.B. Gehiirerschütterunge, féieren. Nodeems d'Kappbäll bei Kanner ënner 12 Joer an den USA verbuede goufen, denkt een elo och a Schottland iwwert esou eng Mesure no. De DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch a beim Sportsminister nogefrot, wéi hir Positioun zu dësem Sujet ass. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Carole Hartmann

Wéi d'Verkéierssécherheet vun de Camionen verbesseren?

Nom schroen Accident op der A6, bei deem zwee Mënsche gestuerwe sinn, well e Camion an d'Enn vun engem Stau gerannt ass, froen d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn beim zoustännege Minister no, wat ënnerholl ka gi fir d'Verkéierssécherheet vun de Camionen ze verbesseren.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler

Wéi geet et weider mat der Landwirtschaftskammer?

Am Koalitiounsaccord steet, datt d'Missioune vun der Landwirtschaftskammer solle besser un d'Besoinen vum Secteur ugepasst ginn, besonnesch vun deene vun de jonke Baueren. Doniewent ass scho länger geplangt, datt d'Kammer an de Raum Dikrech/Ettelbréck soll plënneren. Den DP-Deputéierten André Bauler freet bei den zoustännege Ministeren no, wou dës Projeten dru sinn.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Precision Farming: Wéi ass et mat den Daten?

Mam sougenannten "precision farming" kënnen d'Bauere méi käschtegënschteg a méi ökologesch produzéieren. Mä wiem gehéieren déi generéiert Daten? Maachen sech d'Baueren ofhängeg vu Firmen? Wat gëtt zu Lëtzebuerg gemaach fir datt d'Baueren de Kontroll an d'Proprietéit vun hiren Date garantéiere kënnen? D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Froen zur Carsharing-Offer Flex vun der CFL

Zanter 2017 gëtt et d'Carsharing-Offer Flex vun der CFL. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst e puer Froe un den zoustännege Minister gestallt, ë.a. wéi d'Flott punkto Motortyp zesummegestallt ass, ob virgesinn ass an Zukunft komplett op emissiounslos Gefierer ëmzeklammen oder nach ob et net sënnvoll wier, d'Carsharing-Offeren och an der Mobilitéits-App unzeweisen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum

Firwat gëtt d'Medikament FLUODONTYL vun der Krankekees net rembourséiert?

Bei Kriibspatienten, déi mat enger Radiotherapie behandelt ginn, kënnen uerg Problemer mat den Zänn optrieden, déi am schlëmmste Fall ee chirurgeschen Agrëff néideg man. Medikamenter, ewéi z.B. de FLUODONTYL, kënne präventiv verschriwwe ginn, fir d'Zänn ze schützen. Dëss Medikamenter ginn awer net vun der Krankekees rembourséiert. Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet dem zoustännege Minister dozou e puer Froë gestallt. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum Max Hahn

Mobilitéit: Führerschäin a Steiertimberen geschwënn digital?

Well Steiertimberen net mat der Post verschéckt dierfe ginn, wann een z.B. Conduite accompagnée wëll maachen, mussen d'Leit extra bei e Büro vum Enregistrement oder vun der SNCA fueren, nëmme fir esou en Timber sichen ze goen. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Max Hahn hunn dowéinst nogefrot, ob et net méiglech wier, eng digital Léisung anzeféieren, fir sou iwwerflësseg Deplacementer z'evitéieren. Donieft wollten se och wëssen, ob et net generell eng Iddi wier, Dokumenter wéi de Führerschäin och digital auszestellen, wéi dat z.B. an Éisträich scho geplangt ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Nei Spuere fir de Covoiturage?

Op ville Plazen am Ausland ginn extra Spuere fir de Covoiturage geschaf, wéi z.B. tëscht Arel a Sterpenich. Zu Lëtzebuerg ass dat bis lo nëmmen am Kader vum Ausbau vun der A3 virgesinn, dofir wollt den DP-Deputéierte Max Hahn vum zoustännege Minister wëssen, op wéi engen anere Plazen sou Spueren zu Lëtzebuerg méiglech wieren a bis wéini déi kéinten opgoen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Präzisiounen zur "Phantom"-Deponie zu Suessem

Nieft enger grousser illegaler Deponie zu Déifferdeng, an där ë.a. och gëftege Knascht entsuergt soll ginn, géif et net wäit dovunner ewech eng aner Deponie ginn, déi allerdéngs net méi benotzt gëtt. Dat geet aus engem Artikel op Reporter.lu ervir. Aus dëser "Phantom"-Deponie géif awer eng mat Schwéiermetaller belaascht Flëssegkeet an d'Kuer sickeren, wéi Analyse beweise géifen. Aus deem Grond hätten och scho Gemengeresponsabel gefuerdert, dass déi Deponie prioritär misst sanéiert ginn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob déi Behaaptunge stëmmen, a wa jo, wat si gedenkt z'ënnerhuelen.