Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Weider illegal Deponien tëscht Köppenhaff a Flébour

Well zënter enger Zäit tëscht dem Köppenhaff a Flébour ëmmer nees illegal Knascht entsuergt gëtt, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vun der zoustänneger Ministesch wëssen, wat dogéint ënnerholl ka ginn an ob et z.B. méiglech wier, d'Zirkulatioun fir Autoen op där Plaz anzeschränken.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wat gëtt géint déi illegal Deponie am Naturpark Our ënnerholl?

Schonn zënter enger Rei Jore gëtt et am Naturpark Our, tëscht Ënnereesbech a Stolzebuerg, eng illegal Deponie, op där allméigleche Knascht entsuergt gëtt. Well awer bis lo an deem Dossier nach net vill geschitt ze si schéngt, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob hir dës Ëmstänn bekannt sinn a wat si dogéint z'ënnerhuele gedenkt.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Mysteriéis Vullekränkt: Wéi ass d'Situatioun zu Lëtzebuerg?

Zënter enger Zäit gräift eng onbekannt Krankheet an Däitschland bei de Blomeesen ëm sech, bis ewell solle schonn dausenden Déiercher dorunner gestuerwe sinn. Och zu Lëtzebuerg wieren éischt Fäll gemellt ginn, heescht et an engem Zeitungsartikel. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ass a wéi vill Fäll bis lo bekannt wieren.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Wunnenge fir Jonker

Besonnesch fir jonk Leit ass et schwéier um Lëtzebuerger Immobiliëmarché eppes ze fanne wat zu hirer perséinlecher, finanzieller a sozialer Situatioun passt. Ma et gi jo Wunngemeinschaften, Studentewunnengen an och encadréiert Wunne fir Jonker. Wéi vill Projete sinn nach an der Realisatioun a wéi hunn d'Zuelen sech an deene leschte 5 Joer entwéckelt? Dës a weider Froen hunn eis Deputéierte Max Hahn an André Bauler dem Logementsminister gestallt. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wouhier kënnt déi nei Verknaschtung vun der Kor?

Wéi rezent an der geschriwwener Press ze liese war, wier et op en Neits zu enger Verknaschtung vun der Kor komm, dat an der Géigend vun engem Käerjenger Supermarché. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob deem tatsächlech sou wier an ob schonn eppes iwwer d'Ursaache vun dëser Pollutioun gesot kéint ginn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Een zweete PET-Scan fir Lëtzebuerg?

D'Waardezäiten fir ee Rendez-vous beim Centre National PET ze kréien, sinn an de leschte Jore geklommen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob Lëtzebuerg een zweete PET-Scan brauch?

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Max Hahn

Adaptéiert Dampmelder fir gehörlos Mënschen

Den Dampmelder ass zanter dem 1. Januar zu Lëtzebuerg obligatoresch. Ma gehörlos Mënschen héiere keen Dampmelder a brauche méi deier iwwer Funk verbonnen adaptéiert Apparater. An dësem Kontext hunn eis Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. 

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Gusty Graas

De geplangte CIS vun de Gemenge Beetebuerg an Diddeleng suergt fir vill Reaktiounen

D'Decisioun, dass en Terrain an der Industrie- an Aktivitéitszone "Riedgen" zeréckbehale ginn ass fir de CIS vun de Gemenge Beetebuerg an Diddeleng, huet fir vill Reaktioune gesuergt. Zu dem Thema huet eisen Deputéierte Gusty Graas der zoustänneger Ministesch e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Partizipatioun vun der Patiente Vertriedung um "Gesondheetsdësch"?

De 14. Feburar 2020 ass de "Gesondheetsdësch" fir d'éischt Kéier zesummekomm. D'Patiente Vertriedung war bei dëser Reunioun net representéiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi steet et mam Uebst- a Geméisbau zu Lëtzebuerg?

Wéi huet den Uebst a Geméisbau sech déi lescht Joren entwéckelt? Wat mécht de Landwirtschaftsministère fir dës Nischeproduktiounen zu Lëtzebuerg besser ze ënnerstëtzen? Wat gëtt ënnerholl fir dës Produktioune méi nohalteg ze gestalten. Dës an aner Froe stellen d'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas dem Landwirtschaftsminister.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Wéi ass et mat der Gewalt géint Refugiéen un de Grenze vu Kroatien a vun der Tierkei?

Lëtzebuerger Organisatioune beschwéieren sech iwwer Gewalt géint Refugiéen un de Grenzen tëscht Kroatien a Bosnien an tëscht Griichenland an der Tierkei. Den Deputéierte Gusty Graas freet beim Ausseministère no, wéi Lëtzebuerg sech zu dëse Virwërf positionéiert an ob eis Regierung wëll bei der EU zugonschte vun de Refugiéen intervenéieren? 

Parlamentarische Fragen Arbeit Claude Lamberty Max Hahn

10 Deeg Pappecongé och fir Selbststänneger?

Am Privatsecteur an an der Fonction publique kënne Pappe vun 10 Deeg Pappecongé profitéieren. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim Aarbechtsminister nogefrot, wéini och d'Selbststänneger 10 Deeg Pappecongé kréien.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Zousätzlech Toilette fir d'Buschauffer ?

D'Buschauffere beschwéiere sech schonn zënter laangem, dass et net genuch Toiletten op den Endstatioune vun de Buslinne ginn. Quitt dass den zoustännege Minister entretemps zougeséchert huet 79 Toiletten ze kofinanzéieren, schéngt sech d'Situatioun op verschiddene Plazen nach net verbessert ze hunn. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Nei Parkplazen um Schinker bei der N7 fir de Covoiturage?

A senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierten André Bauler hat den zoustännege Minister an Aussicht gestallt, um Schinker bei der N7 zousätzlech Parkplaze fir de Covoiturage ze schafen, wann déi aktuell net géingen duergoen. Den André Bauler huet dowéinst nach eng Kéier nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Aarbechten op der B7: Eng zweet Bréck fir e bessere Verkéiersfloss?

Am Kader vum Reamenagement vun der B7, a besonnesch der Bréck iwwer d'Sauer tëscht Schieren an Ierpeldeng-Sauer, ass ouni Zweiwel mat Komplikatiounen am Trafic ze rechnen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, ob een net kéint déi aktuell Bréck méi breet maache respektiv eng nei bauen, fir z'evitéieren dass et zu engem Verkéierschaos kënnt.