Sie sind hier

Zousätzlech Toilette fir d'Buschauffer ?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

D'Buschauffere beschwéiere sech schonn zënter laangem, dass et net genuch Toiletten op den Endstatioune vun de Buslinne ginn. Quitt dass den zoustännege Minister entretemps zougeséchert huet 79 Toiletten ze kofinanzéieren, schéngt sech d'Situatioun op verschiddene Plazen nach net verbessert ze hunn. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden:

„D’Diskussioun ëm den Accès zu sanitären Infrastrukture fir Buschaufferen op de Bustermini zitt sech säit längerer Zäit. Quitt dass et sech heibäi a priori ëm eng Gemengekompetenz handelt, huet den Här Minister sech 2017 bereet erkläert, d’Installéiere vun 79 Toilette wärend dräi Joer zu 50% ze kofinanzéieren. Insgesamt ware fir dës Aarbechten 660.000 € am Staatsbudget virgesinn.

De FNCTTFEL-Landesverband huet allerdéngs rezent op enger Manifestatioun kritiséiert, dass d’Chauffere vum TICE op den Endstatioune vu verschiddene Linnen an de Gemengen Déifferdeng a Péiteng nach ëmmer keng Toiletten zur Verfügung hätten.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

  • Wéi vill vun deene geplangten 79 Toilette si schonn opgeriicht ginn? Wéi vill sinn am gaangen opgeriicht ze ginn? Bei wéi villen hunn d’Aarbechten nach net ugefaangen?
  • Falen ënnert déi geplangten 79 Toiletten och déi aus de Gemengen Déifferdeng a Péiteng? Wa jo, fir wéini ass geplangt, dass se gebaut ginn?
  • Falls net, ass den Här Minister a Kontakt mat de Responsabele vum TICE respektiv de betraffene Gemengeresponsabele fir eng Léisung an dësem Fall ze fannen?
  • Sinn dem Här Minister nach weider Reklamatiounen an dëser Hisiicht bekannt?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass et am Kader vun der Reorganisatioun vum RGTR, bei där jo nei Buslinnen agefouert ginn, noutwendeg ass, zousätzlech Toilette fir Buschaufferen z’installéieren?
  • Wa jo, wéi vill zousätzlech Toilette wieren dat a wou géifen déi hikommen?
  • Ginn et scho Gespréicher mat de jeeweilege Gemengeresponsabelen? Wa jo, kann den Här Minister schonn eppes iwwer d’Resultater vun dëse Gespréicher soen?

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn