Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

No belschem Virbild: Soll en Audit gemaach gi bei Firmen déi mat Ammoniumnitrat schaffen?

No der schroer Explosioun zu Beirut huet déi belsch Ëmweltministesch ugekënnegt, en Audit wëllen ze maache vun de Seveso-Betriber, déi mat Ammoniumnitrat schaffen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob sou en Audit och zu Lëtzebuerg geplangt ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Gusty Graas

Refus vu lëtzebuergesche Patienten an Däitschland

An däitsche Spideeler koum et zu Fäll, wou lëtzebuergesch Patienten refuséiert goufen. D'DP-Deputéiert, Gusty Graas a Claude Lamberty, hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Firwat ass d'Streck Maarnech-Dosber-Bréck nach ëmmer gespaart?

Obwuel d'Aarbechten op der N10 tëscht Maarnech an Dosber-Bréck schonn zënter enger längerer Zäit fäerdeg sinn, ass d'Strooss op där Plaz nach ëmmer gespaart. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dat sou ass a fir wéini dës Streck nees opgoe kéint.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Gusty Graas

Kënnen Hënn géint de neie Coronavirus agesat ginn?

A verschidde Länner lafen Pilotprojeten mat Hënn, déi dorobber trainéiert goufen, de Sars-CoV-2 bei Leit z'erkennen. D'DP-Deputéiert, Gusty Graas a Claude Lamberty, hu bei den zoustännege Minister nogefrot, ob esou ee Pilotprojet och zu Lëtzebuerg ëmgesat kéint ginn?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn Carole Hartmann

D'Virdeeler vun der 5G-Technologie fir d'Telemedizin

Den Ausbau vun der 5G-Technologie kéint ee grousst Potential fir d'Telemedizin zu Lëtzebuerg hunn. D'DP-Deputéiert, Max Hahn a Carole Hartmann, hu bei den zoustännege Ministeschen nogefrot, wéi hir Meenung zu dësem Sujet ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Carole Hartmann

Siwen Teststatiounen goufen zougemaach

Zënter dem 28. Juli, kënnen d'Leit sech nach a néng Teststatiounen op de neie Coronavirus teste loossen. Am Osten vum Land wäert keng Statioun méi op hunn. D'DP-Deputéiert, Gilles Baum a Carole Hartmann, haten an dësem Kontext e puer Froen un d'Gesondheetsministesch. 

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Geplangte Wandmillen tëscht Bierden a Waarken

Tëscht Bierden a Waarken, um Territoire vun der Gemeng Ettelbréck, soll spéitstens an zwee Joer eng Wandmillen opgeriicht ginn; mat hiren 230 Meter déi héchst am ganze Grand-Duché. D'DP Deputéiert André Bauler a Gusty Graas froen no Detailer.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Wat sinn d'Resultater vun der Campagne "Sport-Santé 2018"?

Am Juni 2018, gouf eng Campagne lancéiert, déi de Gesondheetssport fërdere sollt. D'DP-Deputéiert, Claude Lamberty a Carole Hartmann, hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéieng Conclusiounen dorauser gezu goufen.

Parlamentarische Fragen Familie Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Kéint de System "I-Care" och a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg agesat ginn?

Zu Karlsruhe kënnt a Fleegeheemer ee neie System zur Betreiung vun Demenzpatienten an den Asaz. D'DP-Deputéiert, Gusty Graas a Carole Hartmann, hunn bei der Gesondheets- an der Familjeministesch nogefrot, ob dëse System och hei am Land eng Optioun kéint sinn. 

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Wéi ginn déi vulnerabel Leit bei den AGen vun de Juegdsyndikater geschützt?

Am August fanne bei der Naturverwaltung zu Dikrech déi lescht Generalversammlunge vun de Juegdsyndikater statt. Ab September sollen dann déi nei Syndikater d'Steeë fir d'Juegdlousen organiséieren. Well traditionell vill eeler Leit un dëse Versammlungen deelhuelen, an dës als vulnerabel gëllen, froen d'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas déi zoustänneg Ministesch wat ënnerholl gëtt fir d'Sécherheet vun de Participanten ze garantéieren.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Tourismus Claude Lamberty Max Hahn

Duebel Gefor op de Lëtzebuerger Séien a Weieren iwwert de Summer

D’’Vakanz doheem’ dreift dëse Summer vill Leit bei déi heemesch Séien a Weiere fir do an der Sonn a beim Waasser e puer flott Momenter ze verbréngen. An obwuel sécherlech d’Verbreede vum Corona Virus an déi néideg Distanzreegelungen dëst Joer en Haaptthema sinn, gëllt et net ze vergiessen, dass och d’Waasser ka geféierlech sinn, an dass reegelméisseg Accidenter passéieren. An dësem Kontext, hunn sech d'DP-Deputéiert, Max Hahn a Claude Lamberty, bei der Inneministesch an dem Minister fir bannenzeg Sécherheet informéiert, wéi d’Gäscht op de Lëtzebuerger Plagen och dëse Summer kënnen an aller Sécherheet profitéieren.

Parlamentarische Fragen Bildung Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Huet d'Akerbauschoul wëlles e Juegdlous ze pachten?

Et ass den DP-Deputéierte Guy Arendt a Gusty Graas zu Ouere komm, dass d'Akerbauschoul wëlles hätt, e Juegdlous ze pachten. Laut dem Juegdgesetz kann de Staat dat maachen, wann et en "intérêt général" duerstellt. De Guy Arendt an de Gusty Graas hu bei der Ëmweltministesch an dem Bildungsminister nogefrot, wat et domat op sech huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Carole Hartmann

Wéi gesäit et mat der Reform vum Adapto aus?

Quitt dass et roueg ëm d'Reform vum Adapto ginn ass, ass den DP-Deputéierte Max Hahn a Carole Hartmann zu Ouere komm, dass um Terrain villes nach net klappt. Aus deem Grond hu si beim zoustännege Minister nogefrot, wéi et bei der Ëmsetzung vun der Adapto-Reform ausgesäit a wou eventuell nach nogebessert muss ginn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

5G a WiFi am ëffentlechen Transport

A wéi ville Bussen an Zich gëtt et scho WiFi fir d'Passagéier? Bis wéini ginn d'Zich vun der CFL domadder equipéiert? Wäert d'CFL vum Opbau vum nationale 5G Reseau profitéieren, fir de Passagéier an Zukunft eng méi grouss Bandbreet zur Verfügung ze stellen? D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hunn dem Mobilitéitsminister e puer Froen zu deem Sujet gestallt.

Parlamentarische Fragen Tiere André Bauler Gusty Graas

Ginn et Fäll vun Animal Hoarding zu Lëtzebuerg?

Den däitschen Déiereschutzverband warnt, datt de Phänomen vum Animal Hoarding an Däitschland zouhëlt. Et schwätzt ee vun Animal Hoarding wa Leit bei sech souvill Déieren halen, datt se net méi genuch Plaz hunn an hiert d'Wuelbefannen net méi ka garantéiert ginn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim zoustännege Minister nogefrot, ob et och Fäll vun Animal Hoarding zu Lëtzebuerg ginn a wat d'Konsequenze fir d'Besëtzer vun dësen Déiere sinn.