Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Kann de Streedéngscht am Norden garantéiert ginn?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass Ponts et Chaussées am Clierfer Kanton aktuell ënnert akutem Personal- a Materialmangel leiden, soudass et net méiglech wier, de Streedéngscht op alle Plaze kënnen ze garantéieren. An enger drénglecher parlamentarescher Fro huet sech den André Bauler un den zoustännege Minister adresséiert, fir gewuer ze ginn, ob dat sou ass a wa jo, wat den Här Minister gedenkt z'ënnerhuelen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Nei Kontrollstatiounen am Norde vum Land?

Viru bësse méi wéi engem Joer war bekannt ginn, dass d'SNCT hir Kontrollstatioun vu Wëlwerwolz fir Enn 2019 op Maarnech verleeë géif. Gläichzäiteg hat den zoustännege Minister ugekënnegt, dass méiglecherweis nei Kontrollstatiounen um Fridhaff an zu Jonglënster géifen entstoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wou dës jeeweileg Projeten dru sinn. Donieft wollt hien och wëssen, ob keng Kontrollstatioun am Réidener Kanton geplangt wier.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Tiere Guy Arendt Gusty Graas

Komesch Auerzäite fir Informatiounsversammlungen zu den neie Juegdlousen

D'Forstverwaltung huet rezent d'Auerzäiten, un deenen d'Informatiounsversammlungen zu de Generalversammlungen iwwer déi nei Juegdlousen ofgehale sollte ginn, verëffentlecht. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn allerdéngs fonnt dass z.B. Sonndes owes um 20.00 nawell e komesche Moment wier, fir sou eng Versammlung z'organiséieren. Aus deem Grond hunn déi zwee Deputéiert bei der Ëmweltministesch nogefrot, wéi et zum deem Choix komm ass, an ob d'Madamm Ministesch net bereet wier, dës Versammlungen op en anere Moment ze verréckelen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Gusty Graas

Kann een de Risiko vum Typ 1 Diabetes bei Kanner feststellen?

Zu Lëtzebuerg ginn et iwwer 25.000 Diabetiker. 5 bis 10 % dovunner leiden um Typ 1 Diabetes. A e puer däitsche Bundesländer ass et méiglech den Diabetesrisiko vu Kanner testen ze loossen. Dofir brauch ee just eng Drëps Blutt. 

D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu beim zoustännege Minister nogefrot, ob esou een Test och zu Lëtzebuerg ugebuede gëtt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Remboursement vu Gesondheetsapps zu Lëtzebuerg?

Gesondheetsapps kënnen dobäi hëllefen Medikamenter regelméisseg anzehuelen oder de Bluttzockerwäert ze notéieren. An Däitschland kënnen esou Gesondheetsapps geschwënn vum Dokter verschriwwen a vun der Krankekees rembourséiert ginn. 

An dësem Kontext huet d'DP-Deputéiert Carole Hartmann nogefrot, ob dës Iddi och fir Lëtzebuerg interessant wier? 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Carole Hartmann

E besseren ëffentlechen Transport am ländleche Raum?

Obschonns am Prinzip eent vun den Ziler vun der Reform vum RGTR-Reseau ass, den ëffentlechen Transport am ländleche Raum ze verbesseren, soll a verschidden Dierfer, virop an der Gemeng Biwer, an Zukunft guer kee Bus méi stoe bleiwen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Grond vun dëser Decisioun ass a wat gemaach kéint ginn, fir dass déi betraffe Gemengen och an Zukunft un den ëffentlechen Transport ugebonne kënne bleiwen.

Parlamentarische Fragen Tourismus André Bauler

Wou sinn d'Aarbechten un der neier Jugendherberg zu Veianen drun?

An der Äntwert op dem DP-Deputéierten André Bauler seng Fro vum 19. Februar 2018, huet den zoustännege Minister gesot, d'Aarbechte kéinten am Prinzip Mëtt 2019 ufänken. Den André Bauler huet dowéinst nach emol nogefrot, fir gewuer ze ginn, wou d'Aarbechten dann aktuell dru sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wéi eng Verbesserunge fir d'Buslinn 215 rëm méi attraktiv ze maachen?

Wéinst der ablécklech schwiereger Verkéierssituatioun an de Spëtzestonnen op der N5 – zemol zu Käerjeng an zu Dippech –  steet och d’Buslinn 215 dacks am Stau, wouduerch déi Linn natierlech manner interessant fir d’Leit gëtt. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim Mobilitéitsminister nogefrot, wat gemaach ka ginn, fir dës Linn rëm méi attraktiv ze maachen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

E Warnsystem wa Kanner bei Hëtzt am Auto vergiess ginn?

Well et an Italien scho virkomm ass, dass Puppelcher, déi bei héijen Temperaturen am Auto vergiess goufen, gestuerwe sinn, mussen zënter kuerzem Warnsystemer u Kannersëtzer installéiert ginn, wann kleng Kanner am Auto matfueren. Sollt e Kand tatsächlech eng Kéier vergiess ginn, gëtt e Warnsignal ausgeléist. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat net och eng Iddi wier hei zu Lëtzebuerg.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler

Wéi eng konkret Projeten fir d'Entwécklung vun der Nordstad virunzedreiwen?

Den aktuelle Koalitiounsaccord gesäit vir, d'Entwécklung vun der Nordstad duerch cibléiert Mesuren ze fërderen, wéi z.B. duerch d'Dezentraliséierung vu Verwaltungen aus der Stad an den Norden. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst beim Minister fir Landesplanung nogefrot, wéi eng Initiativen de Minister an där Hisiicht well ënnerholl huet a wéi eng konkret Projete virgesi sinn.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Energie aus Päerdsmëscht

Zanter 5 Joer scho gëtt en internationaalt Turnéier a Finnland mat Stroum aus Päerdsmëscht versuergt. An dësem Kader wollt eisen Deputéierte Max Hahn wëssen ob esou e Projet och zu Lëtzebuerg méiglech wier. 

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Eugène Berger

"Silver Alert" fir eeler vermësste Persoune méi séier ze lokaliséieren

"Silver Alert" ass e System den et erméiglecht d'Bierger direkt iwwert e Vermësstefall ze informéieren, an esou d'Sich no der vermësster Persoun ze vereinfachen. Besonnesch eeler Leit déi dement sinn oder Medikamenter brauchen, géife vun esou engem System profitéieren. An dësem Kader huet eise Fraktiounspresident Eugène Berger dem Minister fir bannescht Sécherheet an der Justizministesch eng parlamentaresch Fro gestallt. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Contournement Hengescht: Wou ass de Bauprojet drun?

A senger rezenter parlamentarescher Fro freet den DP-Nord Deputéierten André Bauler wou de Projet vum Contournement Hengescht drun ass. Hien werft zudeem d'Fro op, ob et net sënnvoll wier, d'Contournementer vun Hengescht an dee vun Housen parallel ze bauen. Dat géif der Liewensqualitéit vun de Bierger an deenen zwou Uertschafte sécherlech zegutt kommen.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Gëtt d'Virkafsrecht am Kader vum neien Naturschutzgesetz  genotzt?

Am Kader vum neien Naturschutzgesetz krut de Staat, d’Gemengen an och d’Gemengesyndikater e Virvkafsrecht zougesprach fir Terrainen opzekafe fir de Kompensatiounspool ze alimentéieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Ministesch nogefrot, wéi vill Terraine schonn esou opkaaft goufen, wat derfir bezuelt gouf a wéi vill Ökopunkte schonn nom neie System kompenséiert gouf.

Parlamentarische Fragen Verfassung, Institutionen und Demokratie Eugène Berger

Incomptabilitéit an Démissioun: Onkloerheete beim Gemengegesetz

Wann ee bis als Gewielte wéinst enger Incompatibilitéit op säi Mandat verzicht huet, ass een dann nach ëmmer éischter Ersatz wann een aneren aus dem Gemengerot demissionéiert? Dës a weider Froe stellt den DP-Fraktiounschef Eugène Berger un déi zoustänneg Ministesch.