Sie sind hier

Energie aus Päerdsmëscht

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Zanter 5 Joer scho gëtt en internationaalt Turnéier a Finnland mat Stroum aus Päerdsmëscht versuergt. An dësem Kader wollt eisen Deputéierte Max Hahn wëssen ob esou e Projet och zu Lëtzebuerg méiglech wier. 

Fro:

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Emwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Energie a Raumentwécklung weiderzeleeden:

„A Finnland ass rezent en internationaalt Sprangturnéier mat Stroum versuergt ginn, den aus den Exkrementer vun de Päerd hiergestallt ginn ass! Wärend féier Deeg sinn zu Helsinki ronn 100 Tonne Päerdsexkrementer gesammelt a verbrannt gi fir Stroum ze produzéieren. De Projet „Horse Power”, den et a Finnland schonn zanter 5 Joer gëtt, huet wärend dem Turnéier 150 Megawatt Stroum produzéiert an dat huet de Stroumbedarf vum ganze Concours an der finnescher Haaptstad ofgedeckt.

D’Exkrementer vun 2 Päerd géife beispillsweis duergoen fir en Eefamilljenhaus wärend engem ganze Joer ze hëtzen, esou d’Responsabel vum Projet.

An dësem Kader géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Energie a Raumentwécklung stellen:    

  • Hunn d’Ministeren sech scho mat dem Thema befaasst a ginn et eventuell scho Machbarkeetsstudien fir en ähnleche Projet zu Lëtzebuerg ze lancéieren? 
  • Wëssen d'Ministeren op et bei de Stroumproduzenten um Lëtzebuerger Marché Iwwerleeungen gëtt an esou e Projet ze investéieren?
  • Kënnen d’Ministeren sech virstellen en ähnleche Projet zu Lëtzebuerg an d’Liewen ze ruffen, respektiv ze ënnerstëtzen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Max HAHN
Deputéierten

 

Gemeinsam Äntwert vun der Ministesch fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, dem Minister fir Energie an dem Minister fir Landesplanung op d’parlamentaresch Ufro n°1419 vum 10. Oktober 2019 vun dem honorabelen Deputéierten Här Max Hahn

Als Äntwert op d’Fro vum honorabelen Deputéierte Max Hahn ass fir d’éischt ze soen, datt vun der reglementarescher Säit et am Moment net virgesinn ass, datt Päerdsmëscht zu Lëtzebuerg a Verbrennungsanlagen, déi ausschliisslech der erneierbarer Stroum-Hirstellung déngen, ka verbrannt ginn an eng Rémunératioun kréien.

Päerdsmëscht - an natierlech och aner Exkrementer - falen ënner d’Offall-Gesetzgebung, an Anlagen déi Exkrementer verbrennen, respektiv co-verbrennen (oder och biomethaniséieren) sinn ënnert dëser Gesetzgebung geneemegungspflichteg. A sou enger Geneemegung ginn alleguer d’Offäll opgezielt, déi eng Anlag däerf benotzen. Eng Anlag, déi Päerdsmëscht (co)-verbrennt, gëtt et net zu Lëtzebuerg.

Wat d’Biomethaniséirung ugeet, sou gëtt natierlech Piff a Mëscht an de Lëtzebuerger Biogas-Anlage genotzt. Den Undeel vu Päerdsmëscht ass awer Null an de Joren 2015 bis 2017, a quasi Null am Joer 2018: Laut den Zuelen, déi dem Ministère virléien, goufen 15 Tonnen an enger vun insgesamt 26 Anlage genotzt, par rapport zu ronn 284.500 Tonne Piff a Mëscht am Ganzen. Dëst erkläert sech ë.a. doduerch datt Päerdsmëscht keen idealen Input-Stoff fir eng Vergärung ass (wéint dem Stréi- oder Holz-Undeel an der Stree vun de Päerd), an duerch dat klengt Potential zu Lëtzebuerg: 2017 goufen et ronn 300.000 Kéi a Schwäin zu Lëtzebuerg, awer manner wéi 5.000 Päerd.

Fir de ganzen Themeblock Biogas souwéi d’Notze vu Piff a Mëscht léisst den Energieministère wéi am Regierungsprogramm virgesinn aktuell eng Etude technico-économique maachen (och nozeliesen an der rezenter Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°1378); et muss een awer dozou soen, datt de renge Päerdsmëscht-Potential  héchstwahrscheinlech ze kleng ass fir do separat analyséiert ze ginn.

Selbstverständlech steet et awer alle Päerdsbesëtzer, Organisateure vu Reitsport-Turnéieren oder soss Acteueren aus der Wirtschaft fräi, d’Méiglechkeeten ze analyséieren an am Sënn vun enger méiglechst nohalteger Energie-Hirstellung no neie Weeër ze sichen. Géing esou e Projet un d‘Ministèren erugedroe ginn, géingen déi selbstverständlech kucken, wou a wéi si hëllefe kéinten.


Max Hahn