Sie sind hier

E Warnsystem wa Kanner bei Hëtzt am Auto vergiess ginn?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Well et an Italien scho virkomm ass, dass Puppelcher, déi bei héijen Temperaturen am Auto vergiess goufen, gestuerwe sinn, mussen zënter kuerzem Warnsystemer u Kannersëtzer installéiert ginn, wann kleng Kanner am Auto matfueren. Sollt e Kand tatsächlech eng Kéier vergiess ginn, gëtt e Warnsignal ausgeléist. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob dat net och eng Iddi wier hei zu Lëtzebuerg.

Question

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden:

 

„An Italien ass viru kuerzem e System agefouert ginn, dee Leit mat klenge Kanner oder Puppelcher am Auto dozou verpflicht, e Warnsystem un de Kannersëtz z’installéieren fir de Fall, dass d’Kanner am Auto vergiess ginn. Effektiv sinn an Italien scho Kanner gestuerwen, déi bei grousser Hëtzt am Auto vergiess gi sinn. Den neie System soll dat an Zukunft verhënneren, well an esou enger Situatioun e Warnsignal ausgeléist gëtt.

 

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute folgend Froe stellen:

  • Kennt den Här Minister dëse System?
  • Fënnt den Här Minister et sënnvoll fir dëse System och zu Lëtzebuerg obligatoresch ze maachen?
  • Sinn der Regierung Fäll bekannt, an deene Kanner gestuerwen oder schwéier blesséiert gi sinn, well se bei héijen Temperaturen am Auto bliwwe sinn?“

Mat déiwem Respekt,

Max HAHN

Deputéierten


Max Hahn