Sie sind hier

Kuerzfristege Baustopp zu Schëndels: Wat sinn d'Hannergrënn?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty

Wéi aus engem rezenten Artikel ervirgeet, ass et bei den Aarbechten un der Vëlospist Miersch-Schëndels zu engem kuerzfristege Baustopp komm. Dat well anscheinend eng Ëmweltimpaktetüd géif feelen, quitt dass den Ëmweltministère awer schonn am August 2019 d'Autorisatioun ginn hat, fir mat der zweeter Phase vun den Aarbechten unzefänken. Den DP-Deputéierte Claude Lamberty huet dowéinst bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat sou wier a wa jo, wat den Hannergrond dovunner wier. Hie wollt ausserdeem wëssen, wéi sou Situatiounen an Zukunft evitéiert kënne ginn.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d‘Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weiderzeleeden:

„Wéi aus engem rezenten Artikel aus der geschriwwener Press ervirgeet, ass et bei den Aarbechte vun der Vëlospist Schëndels-Miersch zu engem kuerzfristege Baustopp komm, well eng Etüd fir en Deelabschnitt vun 20 Meter, wou d’Vëlospist duerch de Bësch geet, géif feelen. Allerdéngs hat den Ëmweltministère schonn am August 2019 den Accord ginn, fir dass mat den Aarbechte vun der zweeter Phase ugefaang kéint ginn. Effektiv ass zanterhier schonn en Deel vun den Aarbechten op dësem Abschnitt gemaach ginn.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch d’Informatiounen aus dem genannten Artikel bestätegen? Sinn d’Gemengeresponsabele vu Miersch réischt nom Ufank vun den Aarbechten informéiert ginn, dass nach eng Etüd feelt? Wa jo, wat ass de Grond heifir?
  • Wéi ass et méiglech, dass den Ëmweltministère eng Autorisatioun gëtt, wann den Dossier net komplett ass?
  • Sinn der Ministesch nach aner Projete bekannt wou den Ëmweltministère kierzlech de Bauhär op eng feelend Ëmweltimpaktetüd opmierksam gemaach huet?
  • Wéi gedenkt d’Madamm Ministesch sou eng Situatioun, wéi déi uewegenannten, an Zukunft z’evitéieren an déi betraffe Leit mat Zäit iwwer déi néideg Autorisatiounen z‘informéieren? Ass et am deem Kader net méiglech all Bauhär um Ufank vun engem Bauprojet eng komplett Lëscht ze ginn, mat allen Informatiounen iwwert déi néideg Autorisatiounen?“

Mat déiwem Respekt,

 

Claude LAMBERTY

Deputéierten


Claude Lamberty