Sie sind hier

Nei Spuere fir de Covoiturage?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Op ville Plazen am Ausland ginn extra Spuere fir de Covoiturage geschaf, wéi z.B. tëscht Arel a Sterpenich. Zu Lëtzebuerg ass dat bis lo nëmmen am Kader vum Ausbau vun der A3 virgesinn, dofir wollt den DP-Deputéierte Max Hahn vum zoustännege Minister wëssen, op wéi engen anere Plazen sou Spueren zu Lëtzebuerg méiglech wieren a bis wéini déi kéinten opgoen.

Fro

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeleeden:

„De Covoiturage gëllt bekanntlech als sënnvoll Pist fir dass manner Autoen op de Stroossen ënnerwee sinn, a gëtt deementspriechend op ville Plazen duerch speziell Spuere gefërdert, wéi z.B. op der E25 tëscht Arel a Sterpenich.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute folgend Froe stellen:

  • Ass vu Säite vum Mobilitéitsministère virgesinn, zousätzlech Spuere fir de Covoiturage zu Lëtzebuerg ze bauen? Wa jo, wou wier dat genee?
  • Op wéi enge Plaze wier et méiglech d’Standspuer fir de Covoiturage fräi ze ginn? Op wéi ville Plaze misst d’Standspuer méi breet gemaach ginn, fir dass en Auto ouni Problem drop fuere kann?
  • Bis wéini kéinten déi eenzel nei Spueren opgoen?
  • Op wéi eng Manéier soll an deem Kader kontrolléiert ginn, dass och effektiv nëmmen Autoe mat op mannst dräi Passagéier iwwer dës Spuer fueren?

Mat déiwem Respekt,

 

Max HAHN

Deputéierten

 

Äntwert vum Här François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten op déi parlamentaresch Fro n°1722 vum 15. Januar 2020 vum honorablen Deputéierten Här Max Hahn iwwert “voies de covoiturage”

 

  • Ass vu Säite vum Mobilitéitsministère virgesinn, zousätzlech Spuere fir de Covoiturage zu Lëtzebuerg ze bauen? Wa jo, wou wier dat genee?

Am Kader vum belsche Projet op der Grenz vu Sterpenich ass d’Stroossebauverwaltung amgaangen op der A6 bis bei den Echangeur Mamer e Covoiturage-Projet ze plangen. Ausserdeem sinn och d’Embauprojete vun der A3 an der A4 no de Virgabe vun der Regierung an der Chamber esou an der Planung, dass eng variabel Affektatioun vun de Spuere méiglech soll ginn.

 

  • Op wéi enge Plaze wier et méiglech d’Standspuer fir de Covoiturage frai ze ginn? Op wéi ville Plaze misst d’Standspuer méi breet gemaach ginn, fir dass en Auto ouni Problem drop fuere kann?

Ewéi an der éischter Äntwert beschriwwe soll d’Fonctionnalitéit herno esou sinn dass d’Spuerenaffektatioun dynamesch iwwert de CITA gereegelt soll ginn. Deementspriechend wäert et ofhängeg vum Trafick an der verkéierstechnescher Ausriichtung herno méiglech sinn, bei méi Spueren och d’Prioritéit op verschidde Verkéiersträger ze leeën, an zwar Bus oder/an Covoiturage. D’Streckenofschnëtter si momentan ausser op der A6 (Grenz bis virun den Echangeur Mamer) nach net definéiert.

 

  • Bis wéini kéinten déi eenzel nei Spueren opgoen?

Dat ass vu verschiddene Fakteuren ofhängeg, ewéi zum Beispill d’Emprisen an d’Ëmweltetüden.

 

  • Op wéi eng Manéier soll an deem Kader kontrolléiert ginn, dass och effektiv nëmmen Autoe mat op mannst dräi Passagéier iwwer dës Spuer fueren?

Heizou muss ee soen dass et nach net ganz kloer ass, wéi den optimalen Auslaaschtungsgrad vun enger Covoiturage-Spuer soll sinn. An der Belsch war déi éischt Approche d’Spuer op 4+ auszeleeën; eng automatesch Kontroll konnt awer net garantéiert ginn an ass dunn op 3+ erofgesat ginn. Eng Auswäertung vun der Auslaaschtung vun der Covoiturage-Spur op der E411 bei Arel gëtt et nach net, mee d’Beobachtunge vun eise Servicer erginn dass déi niddereg ass. Am Géigesaz dozou gëtt et zum Beispill a Frankräich d’Iwerleeung fir den 2+, fir d’Auslaaschtung eropzesetzen, dëst och kombinéiert mat weidere Mesuren ewéi adaptéiert Covoiturage-Parkinger.

Ganz kloer ass awer dass et ouni Kontroll zu villen Abuse kënnt. Esou en automatesche Kontrollsystem, deen effektiv an effizient funktionéieren soll, ass awer momentan nach net maarträif. Et misst eng spezifesch Léisung fir de Lëtzebuerger Reseau entwéckelt ginn.


Max Hahn