12/12/2018
News
Eugène Berger
A senger Interventioun iwwer d’Regierungserklärung ass den DP-Fraktiounschef Eugène Berger op d’Gerechtegkeet vun dësem Programm agaangen. „Well Gerechtegkeet ass dat, wat eng Gesellschaft, wat eis alleguerten hei am Land zesummenhält. A Gerechtegkeet heescht och, datt jiddereen hei am Land déi selwecht Chancë muss hunn, fir ze reusséieren“, esou den Eugène Berger. Kee sollt um Rand vun der Gesellschaft stoegelooss ginn, ma jidderee sollt déi bescht Méiglechkeete kréien, fir sech eng Zukunft opzebauen.