Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Max Hahn

Géolocalisation

Franséisch Pompjeeën hunn e System entwéckelt, dee mat der Geolocalisatioun vum Handy erausfënnt wou deen sech befënnt, deen Hëllef brauch. Den DP-Deputéierte Max Hahn freet beim Inneminister no, ob esou e System och zu Lëtzebuerg denkbar wier!

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Max Hahn Gusty Graas

Entschiedegung am Fall vun engem nuklearen Accident?

Engem Lieserbréif no géif et en avant-projet de loi ginn, deen eng Entschiedegung am Fall vun engem nuklearen Accident virgesäit. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei den zoustännege Ministere wat do drun ass.

News Landesplanung und Wohnen Steuern Joëlle Elvinger Eugène Berger Max Hahn

Steierreform: Weideren Impuls fir de Wunnengsmaart

Ab dem 1. Juli, an dat bis den 31. Dezember 2017, wäert de fiskale Kader fir d'Verkafe vun Terrain'en, ob bebaut oder nach net bebaut, méi interessant ausgeriicht ginn.

News Gesellschaft André Bauler

Tourismus am ländleche Raum

Wou setzt d’Regierung Akzenter fir den Tourismus am ländleche Raum ze stäerken?

News Bildung Claude Lamberty

Däitlech Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune fir Chargéen an der Schoul

D'Chargéen am Enseignement sinn längst keng Noutléisung méi, ma feste Bestanddeel vum Personal an eise Schoulen. Alleng d'Unzuel vun 1000 Chargéen, déi dagdeeglech an eise Schoule schaffen, schwätzen eng kloer Sprooch. Eng anstänneg Schoulorganisatioun ouni Chargéen ass haut guer net méi denkbar. Ëmsou méi e Gronn fir hir Aarbechtskonditioune méi gerecht ze gestalten.

News Tribune libre Gesellschaft Claude Schommer

Jonker a Schoul: geet d'Rechnung nach op?

D’Jonk Demokraten hunn et faerdeg bruecht, sech mat aktuellen Themen auserneen ze setzen, kritesch Positiounen ze huelen a konkret Virschléi op den Dësch ze leen...

News Außenpolitik

Attentat zu Orlando

No dem grujelegen Attentat zu Orlando hunn d'Parteipresidentin Corinne Cahen an de Generalsekretär Marc Ruppert an engem Bréif un den amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, David McKean, hiert déifste Matgefill ausgedréckt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Landwirtschaft und Weinbau Edy Mertens André Bauler

Lëtzebuerger Produiten an den Altersheimer?

Wéi gesäit et aus mat Lëtzebuerger Produiten an den Alters- a Plegeheimer? Wat gëtt do akaaft? Ass nach Sputt no uewen? D’DP-Deputéiert André Bauler an Edy Mertens hu bei der Familljeministesch nogefrot.

News Justiz und Sicherheit Lex Delles Eugène Berger

Geheimdienst: mehr Transparenz, verstärkte Kontrol

Den Eugène Berger, Rapporter vum SREL-Gesetz: "Et ass eent vun de wichtegste Gesetzer, dat derfir suergt, datt d'Prinzipie vum Rechtsstaat an Zukunft kloer geschützt ginn. Et ass e Gesetz, dat e kloren an transparente juristesche Kader schaaft, fir ënner anerem d'Lutte géint den Terrorismus ze verbesseren."

News Gesellschaft Lex Delles

Erënnerung un den zweete Weltkrich

Déi gesetzlech Grondlag fir de Comité pour la Mémoire de la Deuxième guerre mondiale ass de 9. Juni an der Chamber gestëmmt ginn, deen sech an  Zukunft mat den Froen iwwert d’Gedenken an d’Erënnerung un de zweete Weltkrich befaasse wäert.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gilles Baum

En eidelen "Park and Ride" zu Jonglënster?

Den neie P+R zu Jonglënster, deen et den Awunner aus de Kanton'en Iechternach an Dikrech vereinfache sollt op den ëffentlechen Transport ëmzesteigen, ass zënter kuerzem a Betrib, erfreet sech awer kengem groussen Undrang. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet beim Transportminister no firwat dëst de Fall ass, an op een an dësem Kontext keng Informatiounscampagne op d'Been setze sollt.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

Wat geschitt mat der aler Akerbauschoul (LTA) ?

Déi aktuell Regierung hat decidéiert déi nei Akerbauschoul um « Kréiwénkel » zu Gilsdref ze bauen. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Minister no wat mat de Gebailechkeete vun der aler Schoul an der Avenue Salentiny geschéie soll: Transformatioun, Renovatioun, Restauratioun, Klasséierung?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

E Superbus fir de Süden?

Nodeems de "Plan Sectoriel Transports" en Superbus fir de Süde virgesinn hat, lafen am Moment Gespréicher fir esou e Bus tëscht Diddeleng an Déifferdeng anzesetzen. Elo wou och aner Gemengen Interesse weisen, freet den DP-Deputéierte Gusty Graas no wou de Projet drun ass, an op net och nach aner Gemenge mat an d'Spill komme sollten.

News Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Ausbau a Moderniséierung vum SEBES

Dës Woch goufen 2 Projete gestëmmt déi derfir suergen, datt Lëtzebuerg och an Zukunft genuch Drénkwaasser huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Gusty Graas

European Truck Platooning

Esou heescht en Challenge ënnert der hollännescher Presidence bei deem méi Camionen, déi zesumme connectéiert an enger Rei hannerteneen fueren. Duerch dës Technologie ka bis zu 15% manner Bensin verbraucht ginn? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot op esou Convoien och dierfen op de Lëtzebuerger Autobunnen fueren an ob dës Camionen och a Fro kommen fir zu Beetebuerg op den Zuch gesat ze ginn.