Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi geet et dem Lëtzebuerger Mëllechsecteur?

D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wéi et momentan ëm de Mëllechsecteur zu Lëtzebuerg bestallt ass? Si froen ënner aneren, wéi héich d'Produktiounskäschte fir de Bauer vun engem Liter Mëllech sinn an ob hie mat dëse rentabel schaffe kann? Donieft wëllen si gewuer ginn, wéi d'Consomatioun vun der Koumëllech an der Biomëllech déi lescht Joren evoluéiert huet an ob planzlech Ersatzproduite wéi Mandel- Soja oder Huewermëllech, déi ëmmer méi um Komme sinn, en Impakt op d'Consomatioun vu Koumëllech hunn? 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wat ass an deene suspekte Päck?

Kierzlech huet d'ASTA d'Leit, déi suspekt Päck mat Kären Heem geschéckt kruten, opgefuerdert sech un si ze wenden. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet déi zoustänneg Ministere gefrot, wéi vill Leit dëser Demande schonn nogaange sinn an ob d'ASTA analyséiert wat genau an deene Päck ass?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En neit Parkhaus op der Dikrecher Gare?

Virun enger Zäit war mol riets gaange fir en neien, iwwerdaachte Parking bei der Dikrecher Gare ze bauen. Vu dass effektiv ëmmer méi Leit den Zuch huelen, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim Mobilitéitsminister nogefrot, ob dëse Projet nach ëmmer aktuell ass, a wa jo, wou en drun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn Gusty Graas

Méi sécher Zebrasträifen duerch extra Markéierungen?

A ville Gemengen uechter d'Land gëtt mat zousätzleche visuellen Elementer experimentéiert fir d'Zebrasträife méi siichtbar ze maachen an doduerch fir eng besser Verkéierssécherheet fir Foussgänger ze suergen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot, wat dësen dovunner hält an ob virgesi wier sou Projeten am ganze Land ze fërderen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Kënnen sech d'Traineren op de Covid-19 teste loossen?

Fir déi beschtméiglech Betreiung z'assuréieren ass a ville Sportaarten den direkte Kontakt mam Sportler néideg. D'DP Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann froen dofir no, ob d'Traineren sech net sollte kënnen op de COVID-19 teste loossen. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Gëtt d'Primm fir en neie Vëlo oder Pedelec verlängert?

Wéinst der Corona-Kris hu vill Leit de Vëlo nei entdeckt, soudass et wéinst der héijer Demande zu Enkpäss an de Butteker komm ass an och nach ëmmer kënnt. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob d'Vëlosprimm verlängert gëtt, fir dass déi Leit déi kee Vëlo kafe konnten, well d'Butteker eidel waren, och vun der Primm profitéiere kënnen.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Mobilität und Verkehr Max Hahn

Eng Primm fir d'Batterie vum Elektrovëlo z'ersetzen?

Amplaz en neie Pedelec ze kafen, wann d'Batterie net méi geet, wier et méi nohalteg, just d'Batterie z'ersetzen. Allerdéngs ass et mam aktuelle Primme-System zum Deel méi intressant, ebe genee direkt en neie Vëlo ze kafen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net sënnvoll wier, och d'Ersetze vun der Batterie z'ënnerstëtzen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn

Villercher als natierlecht Mëttel am Kampf géint den Eichenprozessionsspinner?

Den Eichenprozessionsspinner verbreet sech ëmmer méi zu Lëtzebuerg, ma wat d'Eliminatioun vun dësen Insekte betrëfft, gëtt an der Reegel op mechanesch Verfaren, wéi Verbrennen an Ofsuckelen, gesat fir se futti ze maachen. Allerdéngs ginn et villverspriechend Experimenter am Ausland mat Schiel- a Blomeesen, natierlech Feinde vum Eichenprozessionsspinner. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat net och eng Piste wier, déi zu Lëtzebuerg agesat kéint ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Dossier FAGE: Manner Waasserverbrauch duerch eng innovativ Klärtechnologie?

Kann de Waasserverbrauch vun der Jughurtsfabrick zu Beetebuerg duerch eng nei Technologie drastesch reduzéiert ginn? Eng Lëtzebuerger Firma huet eng Méiglechkeet entwéckelt 80% vum Ofwaasser a Form vun Drénkwaasser ze recuperéieren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob et virgesi wier dës Entreprise z'ënnerstëtzen a vu dass et technesch méiglech ass, FAGE ze verflichten, e Maximum un Drénkwaasser ze klären an nach eng Kéier ze benotzen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Dossier FAGE: Wéi steet et ëm d'Gestioun vum Klärschlamm?

Ronn 16.000 Tonne Klärschlamm sollen an der Jughurtsfabrick zu Beetebuerg all Joer ufalen. Gläichzäiteg soen Experten aus dem Secteur, déi lëtzebuergesch Filièrë fir de Klärschlamm ze verschaffe wiere lo scho saturéiert. Dobäi kënnt, dass Frankräich, wouhinner FAGE ursprénglech e groussen Deel exportéiere wollt, ab nächstem Joer all Import vu Klärschlamm verbueden huet. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dës zousätzlech Quantitéiten zu Lëtzebuerg absorbéiert kënne ginn oder ob aner Léisunge musse fonnt ginn.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Landwirtschaft und Weinbau Wirtschaft Gusty Graas

Wéi geet et weider mam EU-Mercosur-Accord?

Nodeems Frankräich scho länger retizent op de EU-Accord-Mercosur-Accord reagéiert huet, huet kierzlech och déi däitsch Kanzlerin Merkel sech skeptesch vis-à-vis vum aktuellen Text vum Accord geäussert. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi et elo mam Accord weidergeet?

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Gilles Baum Gusty Graas

Hunn d'Wéngerten ënnert der Hëtzt gelidden?

Hunn d'Drauwen dëst Joer ënnert der Dréchent an den héijen Temperature gelidden? D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot ob et dëst Joer vill Schied duerch Sonnebrand an de Wéngerte gouf?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Wéi steet et ëm d'Bluttreserven zu Lëtzebuerg?

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieen Afloss d'Covid-19-Pandemie op d'Bluttspenden am Land hat a wéi een d'Bluttreserven besser am Bléck behale kéint.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Gilles Baum

Onkloerheete wat Proprietäre vu Paschtoueschhaiser ugeet?

Dem DP-Deputéierte Gilles Baum ass zu Ouere komm dass rezent Gemenge Kontakt mam Kierchefong opgeholl hunn fir Proprietéitsverhältnesser vun de Paschtoueschhaiser ze klären. Wuelwëssend dass Paschtoueschhaiser keng Personne juridique duerstellen huet den Ost-Deputéierte beim zoustännege Minister nogefrot wien Proprietär oder Notztungsberechtegten vun dëse Gebaier ass.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty André Bauler Max Hahn

E Sécherheetskonzept fir de ganze Stauséi?

D'Corona-Kris huet gewisen, dass d'Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteuren ëm de Stauséi net ëmmer optimal funktionéiert, besonnesch wat d'Kommunikatioun an d'Koordinatioun vun de verschiddene Mesurë betrëfft. D'DP-Deputéiert André Bauler, Max Hahn a Claude Lamberty hu bei deene betraffe Ministeren nogefrot, inwéifern dës Zesummenaarbecht verbessert soll ginn, ë.a. iwwer d'Schafung vun engem neie Gremium, dat och e Gesamtkonzept fir de Stauséi kéint ausschaffen a punkto Sécherheet, Naturschutz, Offallproblemer etc.